[1] Wéi et dunn decidéiert war, datt mir an Italien segele sollten, hu si de Paul an e puer aner Prisonéier un en Offizéier vum Augustus senger Kohort ausgeliwwert, dee Julius geheescht huet.
[2] Mir goungen u Bord vun engem Schëff aus Adramyttium a si fortgefuer. Mir sollte laanscht d’Küst vu Klengasien segelen. Den Aristarkos, e Mazedonier aus Thessaloniki, war bei eis.
[3] Den Dag drop koume mir zu Zidon u Land. De Julius huet de Paul mënschlech behandelt an huet him d’Fräiheet ginn, seng Frënn besichen ze goen, fir vun hinne versuergt ze ginn.
[4] Nodeems mir vun do fortgefuer waren, si mir laanscht déi nërdlech Küst vun Zypern gesegelt, well mir Géigewand haten.
[5] Mir sinn duerch d’oppent Mier laanscht Kilikien a Pamphylien gesegelt a koumen zu Myra a Lykien un.
[6] Do huet den Offizéier e Schëff aus Alexandria fonnt, dat an Italien gesegelt ass, an hien huet eis u Bord bruecht.
[7] Mir si während en etlech Deeg nëmme lues viru komm an hunn d’Héicht vu Knidos nëmme schwéier erreecht. De Wand huet eis et net erlaabt, fir weiderzefueren an dofir hu mir am Schutz vun der Küst laanscht Kreta de Cap Salmone ugesteiert.
[8] Mat Schwieregkeet si mir laanscht d’Küst gesegelt a koumen op enger Plaz un, déi „Kaloi Limenes“ heescht, no bei der Stad Lasea.
[9] Et war vill Zäit verluer gaangen an dofir war et vill ze geféierlech ginn, fir ze segelen. D’Faaschtenzäit war nämlech schonn eriwwer an dofir huet de Paul hinne geroden:
[10] „Dir Hären, ech gesinn, datt dës Rees mat vill Schued a Verloscht verbonnen ass, net nëmme fir Fracht a Schëff, mee och fir eist Liewen.“
[11] Mee den Offizéier huet méi op de Steiermann an op de Besëtzer vum Schëff gelauschtert, wéi op dem Paul seng Wierder.
[12] Den Hafe war net gëeegent, fir z’iwwerwanteren, an dofir huet d’Majoritéit geroden, fir vun do fortzesegelen: Wa si iergendwéi op Phoenix kéinte kommen, engem Hafe vu Kreta, dee Richtung südwest an nordwest op war, da kéinte si do iwwerwanteren.
[13] Wéi e liichte Südwand opkoum, hu si gemengt si kéinten hire Plang ëmsetzen. Si hunn den Anker eragezunn a sinn esou no wéi méiglech laanscht d’Küst vu Kreta gesegelt.
[14] Mee kuerz drop koum en Orkan vun der Insel hier op, deen Euroklydon genannt gouf.
[15] D’Schëff war vum Stuerm agefaangen a well et net méi géint de Wand konnt gedréit ginn, hu mir opginn an hunn eis dreiwe gelooss.
[16] Mir sinn am Schutz vun enger klenger Insel, déi Kauda heescht, gesegelt a konnten nëmme schwéier d’Schalupp sécheren.
[17] Wéi si se u Bord gehuewen haten, hu si d’Schëff mat décke Seeler ëmwéckelt, fir et ze sécheren. Si haten och Angscht, datt si op der Syrtis op Grond lafe géifen, an hunn dofir den Dreifanker erofgelooss an hu sech dreiwe gelooss.
[18] Mir goufen hefteg vum Stuerm hin an hier gehäit an dofir gouf den Dag drop Fracht vu Bord gehäit.
[19] Den drëtten Dag hu mir mat eisen eegenen Hänn d’Equipement vum Schëff vu Bord gehäit.
[20] Während villen Deeg hu mir weder Sonn nach Stäre gesinn an den heftege Stuerm huet eis därmoossen zougesat, datt mir all Hoffnung op Rettung opginn hunn.
[21] Nodeems eng laang Zäit kee méi eppes giess hat, ass de Paul ënnert hinnen opgestanen a sot: „Männer, dir hätt op mech lauschteren an net vu Kreta fortfuere sollen. Dann hätte mir eis dëse Schued a Verloscht erspuert.
[22] Elo roden ech iech, de Courage net ze verléieren, well et léisst kee vun iech säi Liewen, mee nëmmen d’Schëff geet ënner.
[23] Hënt stoung en Engel vu Gott (deem Gott, deem ech gehéieren an déngen) nieft mir
[24] a sot: ‚Fäert net, Paul! Du muss virun den Caesar bruecht ginn. Zudeem huet Gott dir all déi geschenkt, déi mat dir um Schëff sinn.‘
[25] Männer, hieft dofir Courage, well ech vertrauen op Gott, datt et esou kënnt, wéi et mir gesot gouf.
[26] Mir mussen allerdéngs op enger Insel op Grond lafen.“
[27] Während der véierzéngter Nuecht, ëm Hallefnuecht, wéi mir am Adriatesche Mier hin an hier gehäit goufen, hunn d’Matrouse gemengt, datt si méi no u Land kéimen.
[28] Si hunn de Lot ausgeworf an zwanzeg Fuedem gemooss; nodeems si e bësse méi wäit gefuer waren, hu si de Lot nees ausgeworf an hu fofzéng Fuedem gemooss.
[29] Si hu gefaart, datt mir kéinten op Fielsen op Grond lafen, an hunn dofir véier Ankere vum Heck erofgehäit an den Dag erbäigewënscht.
[30] D’Matrouse wollte vum Schëff flüchten. Dofir hu si d’Schalupp an d’Mier erofgelooss an hunn esou gemaach, wéi wa si Ankere vum Bug wéilten erofloossen.
[31] Mee de Paul sot zum Offizéier an zu de Matrousen: „Wann d’Männer net um Schëff bleiwen, kënnt dir net gerett ginn.“
[32] Dunn hunn d’Zaldoten d’Seeler vun der Schalupp duerchgeschnidden an hu se eroffale gelooss.
[33] Just éier et hell gouf, huet de Paul si all opgefuerdert, eppes z’iessen: „Haut sinn et véierzéng Deeg, datt dir am Ongewësse sidd an näischt giess hutt; dir wollt näischt iessen.
[34] Dofir fuerderen ech iech op, fir elo eppes zou iech ze huelen. Dat hëlleft iech z’iwwerliewen. Kee vun iech verléiert och nëmmen een Hoer vum Kapp.“
[35] Nodeems hien dat gesot hat, huet hie Brout geholl an huet virun hinnen alleguer Gott dofir Merci gesot. Hien huet e Stéck dovun ofgebrach an huet ugefaangen z’iessen.
[36] Dunn hu si Courage krut an hunn och eppes giess.
[37] (Am Ganze ware mir zu zweehonnertsechsasiwwenzeg Leit um Schëff.)
[38] Nodeems si sat waren, hu si de Weess an d’Mier gehäit, fir d’Schëff méi liicht ze maachen.
[39] Wéi et dunn hell war, hu si d’Land net erkannt, mee si hunn eng Bucht mat enger Plage entdeckt, op där si wëlles haten, wa méiglech, d’Schëff ze stranden.
[40] Si hunn d’Ankere fale gelooss an hu se am Mier zeréckgelooss. Bannent där Zäit hu si och d’Seeler, déi d’Rudderen zesummegebonnen hunn, lassgemaach, de viischte Segel mat Hëllef vum Wand eropgezunn a sech op d’Plage zou dirigéiert.
[41] Mee si sinn an eng Géigestréimung geroden an hunn d’Schëff op Grond lafe gelooss. De Bug souz fest a war net ze bewegen, mee d’Heck gouf vun de gewaltege Wellen a Stécker gebrach.
[42] Den Zaldoten hire Plang war, fir d’Prisonéier ëmzebréngen, fir datt kee vun hinne fortschwammen an hinnen esou entwësche kéint.
[43] Mee den Offizéier wollt de Paul retten an huet si vun hirem Plang ofgehalen. Hien huet befuel, datt déijéineg, déi schwamme kéinten, fir d’éischt vu Bord sprange sollten, fir u Land ze kommen.
[44] De Rescht sollt op Brieder oder op Stécker vum Schëff dohinner kommen. Esou huet et sech erginn, datt si all sécher u Land koumen.