Skip to content
Opens in a new window

[1] Nodeems mir eis vun hinne getrennt haten a fortgesegelt waren, si mir riicht op Kos gesegelt, den Dag drop op Rhodos a vun do op Patara.

[2] Mir hunn dunn e Schëff fonnt, dat a Phoenizien eriwwer gefuer ass, sinn do u Bord gaangen a fortgesegelt.

[3] Wéi mir Zypern gesinn hunn, si mir lénks dolaanscht gefuer an a Richtung Syrien gesegelt. Mir sinn zu Tyr gelant, well d’Schëff do seng Fracht ausluede sollt.

[4] Nodeems mir d’Jénger do fonnt haten, si mir siwen Deeg bei hinne bliwwen. Si hunn dem Paul duerch de Geescht gesot, datt hien net op Jerusalem goe sollt.

[5] Wéi dës Zäit eriwwer war, gounge mir fort an hunn eis op de Wee gemaach. Jiddereen huet eis begleet, och d’Fraen an d’Kanner, bis mir baussent der Stad waren. Mir hunn eis op der Plage higeknéit a gebiet.

[6] Nodeems mir eis Äddi gesot haten, si mir u Bord gaangen a sinn heemgaangen.

[7] Mir si vun Tyr fortgesegelt an hunn eis Rees zu Ptolemais ofgeschloss. Do hu mir d’Bridder begréisst a bloufen een Dag bei hinnen.

[8] Den Dag drop gounge mir, dem Paul seng Begleeder, fort a koumen op Caesarea. Do gounge mir an d’Haus vum Philippe, dem Evangelist, deen ee vun de Siwe war, a bloufe bei him.

[9] Deen hat véier Duechteren, déi nach Jongfrae waren a prophezeit hunn.

[10] Mir sinn en etlech Deeg do bliwwen. Du koum e Prophéit, deen Agabus geheescht huet, vu Judea erof.

[11] Wéi hie bei eis koum, huet hien dem Paul säi Rimm geholl, huet seng eegen Hänn a Féiss zesummegebonnen a sot: „Esou seet den hellege Geescht: ‚Esou fesselen d’Judden zu Jerusalem de Mann, deem dëse Rimm gehéiert, a liwweren hien un d’Net-Judden aus.‘“

[12] Wéi mir dat héieren hunn, hu mir – wéi och d’Leit vun do – him zougeriet, net op Jerusalem ze goen.

[13] „Firwat kräischt dir a wëllt mir d’Häerz briechen?“, huet de Paul geäntwert. „Ech sinn nämlech bereet, wéinst dem Numm vum Här Jesus net nëmme gefesselt ze ginn, mee och zu Jerusalem ze stierwen.“

[14] Wéi mir hien net iwwerzeegt kruten, hu mir opginn a soten einfach: „De Wëlle vum Här soll geschéien.“

[15] No dësen Deeg hu mir alles zesummegepaakt a goungen op Jerusalem erop.

[16] E puer vun de Jénger aus Caesarea koume mat eis an hunn e gewëssene Mnason vun Zypern matbruecht, dee vun Ufank un e Jénger war a bei deem mir logéiere sollten.

[17] Wéi mir zu Jerusalem ukoumen, hunn d’Bridder eis häerzlech wëllkomm geheescht.

[18] Den Dag drop goung de Paul mat eis bei de Jacques an alleguer déi Eelst waren do.

[19] De Paul huet si begréisst an huet hinnen alles hoergenee verzielt, wat Gott ënnert den Net-Judden duerch säin Déngscht gemaach hat.

[20] Wéi si dat héieren hunn, hu si den Här gelueft. Si soten zu him: „Du gesäis Brudder, wat fir eng Onmass Judde gleeweg gi sinn; alleguer si se äifreg fir d’Gesetz.

[21] Et ass hinnen awer iwwert dech verzielt ginn, du géifs all de Judden, déi ënnert den Net-Judde liewen, léieren, fir de Moses ofzeleenen, andeems du hinne sees, datt si hir Kanner net solle beschneide loossen an och d’Bräich net sollen anhalen.

[22] Wat ass elo ze maachen? D’Vollek versammelt sech bestëmmt, well si dovunner héieren, datt s du ukomm bass.

[23] Maach also dat, wat mir dir soen: Bei eis si véier Männer, déi en Eed ofgeluecht hunn.

[24] Huel si mat a rengeg dech zesumme mat hinnen. Dro hinnen hir Käschten, fir datt si hir Käpp raséiere kënnen. Da ka jidderee feststellen, datt dat, wat si iwwer dech héieren hunn, net stëmmt, mee datt s du selwer nom Gesetz liefs an et anhäls.

[25] Wat d’Net-Judden, déi gleewen, ugeet, hu mir hinne geschriwwe gehat, wat mir decidéiert haten: Si sollen näischt esou eppes anhalen, mee sech just vun deem, wat de Gëtze geaffert gouf, vum Blutt, vu Fleesch, dat net geschächt gouf, a vun onerlaabtem Sex enthalen.“

[26] Doropshin huet de Paul d’Männer matgeholl a gouf mat hinne gerengegt. Den Dag drop goung hien an den Tempel, fir unzekënnegen, wéini d’Rengegung ofgeschloss wier an d’Affer fir jidderee vun hinne misst bruecht ginn.

[27] Wéi déi siwen Deeg bal ëm waren, hunn d’Judden aus Klengasien hien am Tempel gesinn. Dunn hu si d’ganzt Vollek géint hien opgestëppelt an hunn Hand un hie geluecht.

[28] Si hu gejaut: „Männer vun Israel, hëlleft eis! Dat hei ass de Mann, deen iwwerall Léiere verbreet, déi géint d’Vollek, d’Gesetz an dës Plaz sinn! An elo huet hien esouguer Griiche mat an den Tempel bruecht an huet esou dës helleg Plaz onreng gemaach.“

[29] (Virdrun hate si nämlech den Trophimos, den Epheser, bei hinnen an der Stad gesinn a si hunn ugeholl, datt de Paul hien an den Tempel bruecht hätt.)

[30] D’ganz Stad koum an Oprou an d’Leit sinn zesummegelaf, hunn de Paul ergraff an hunn hien aus dem Tempel geschleeft. Direkt drop goufen d’Paarten zougemaach.

[31] Bannent där Zäit, an där si probéiert hunn, fir hien ëmzebréngen, huet den ieweschte Kommandant vun der Garnisoun Wand dovunner kritt, datt ganz Jerusalem an Oprou wier.

[32] Op der Plaz nach huet hien Zaldoten an Offizéier mat sech geholl an ass bei d’Leit erofgelaf. Wéi d’Leit de Kommandant an d’Zaldote gesinn hunn, hu si opgehalen, de Paul ze zerschloen.

[33] De Kommandant koum méi no erun, huet de Paul ergraff an huet befuel, hie mat zwou Ketten ze fesselen. Dunn huet hien nogefrot, wien hie wier a wat hie gemaach hätt.

[34] Ënnert de Leit hunn déi eng dëst geruff an déi aner dat. Hie konnt wéinst dem Tumult d’Fakten net erausfannen an dofir huet hie befuel, de Paul an d’Kasär ze bréngen.

[35] Wéi de Paul bei d’Trape koum, huet hie misse vun den Zaldote gedroe gi wéinst der Gewalttätegkeet vun de Leit.

[36] Eng Mass Leit goung hinnen no an huet gejaut: „Fort mat him!“

[37] Wéi de Paul sollt an d’Kasär bruecht ginn, frot hien de Kommandant: „Däerf ech mat dir schwätzen?“ „Schwätz du Griichesch?“, huet dee geäntwert.

[38] „Bass du net den Ägypter, dee virun enger gewësser Zäit en Opstand provozéiert hat a véierdausend Rebellen an d’Wüst geleet hat?“

[39] „Ech sinn e Judd aus Tarsus a Kilikien, e Bierger vun enger net onwichteger Stad“, huet de Paul geäntwert. „Ech bieden dech, erlab mir, fir mat de Leit ze schwätzen.“

[40] Nodeems hien him d’Erlaabnes ginn hat, huet de Paul sech op d’Trape gestallt a mat senger Hand de Leit en Zeeche gemaach. Wéi et du ganz roueg gouf, huet hie mat hinnen op Hebräesch geschwat:

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters