[1] Vum Paul, engem Dénger vum Jesus Christus, deen zum Apostel beruff gouf an dozou bestëmmt gouf, fir d’gutt Noriicht ze verkënnegen.
[2] (Déi hat Gott virdrun duerch seng Prophéiten an den hellege Schrëfte versprach.)
[3] Dës gutt Noriicht handelt vu sengem Jong. Hien huet vum David ofgestaamt
[4] a gouf als Jong vu Gott unerkannt, wéi hie vun den Doudegen operstane war duerch d’Muecht vum hellege Geescht. Hien ass de Jesus Christus, eisen Här.
[5] Duerch hie krute mir Gnod an den Déngscht als Apostel, fir a sengem Numm ënnert all den Natiounen ze verkënnegen, datt si Gott follege sollen, well si op hie vertrauen.
[6] Dir gehéiert och zu deenen, déi beruff goufen, fir dem Jesus Christus ze gehéieren.
[7] Un all déi, déi zu Roum sinn, déi Gott gär huet an déi als Helleger beruff sinn: Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.
[8] Fir d’éischt soen ech mengem Gott duerch de Jesus Christus fir iech alleguer Merci, well äre Glawen uechter d’ganz Welt verkënnegt gëtt.
[9] Gott, deem ech mat mengem Geescht déngen, andeems ech d’gutt Noriicht iwwert säi Jong verkënnegen, ass nämlech mäin Zeien, datt ech iech an engem Stéck a menge Gebieder ernimmen.
[10] Ech froen ëmmer a menge Gebieder, datt et mir iergendwéi – entweder elo oder an der Zukunft – duerch de Wëlle vu Gott vergonnt wäert sinn, fir bei iech ze kommen.
[11] Ech verlaangeren nämlech duerno, fir iech ze gesinn, fir iech eng geeschtlech Gof matzeginn an iech esou ze stäerken,
[12] oder besser gesot, datt mir zesummen encouragéiert kënne ginn duerch een deem anere säi Glawen, souwuel duerch äre wéi duerch mäin.
[13] Geschwëster, ech wëll, datt dir wësst, datt ech schonn dacks wëlles hat, bei iech ze kommen (mee bis elo dovunner ofgehale gouf), fir datt ech ënnert iech Friichte kéint droen, esou wéi ech et och ënnert den aneren Natioune gemaach hunn.
[14] Ech sinn de Griichen an den Net-Griichen, de Weisen an den Toperte verflicht.
[15] Dofir sinn ech och wëlleg, iech d’gutt Noriicht zu Roum ze verkënnegen.
[16] Ech schumme mech nämlech net wéinst der gudder Noriicht vu Christus. Si ass jo d’Kraaft vu Gott, déi zur Rettung féiert fir jiddereen, dee gleeft: fir d’éischt dem Judd an dann dem Griich.
[17] An dëser gudder Noriicht gëtt nämlech d’Gerechtegkeet vu Gott duerch de Glawe fir de Glawe gewisen, esou wéi et geschriwwe steet: „De Gerechte lieft duerch de Glawen.“ (Habakuck 2,4)
[18] Gott léisst seng Roserei sichtbar ginn. Si kënnt aus dem Himmel an ass géint jidder Gottlosegkeet an Ongerechtegkeet vun de Mënsche geriicht, déi duerch hir Ongerechtegkeet d’Wourecht ënnerdrécken.
[19] Wat iwwert Gott ze wëssen ass, ass nämlech ënnert hinnen däitlech, well Gott hinnen et däitlech gewisen huet.
[20] Zënter der Schëpfung vun der Welt sinn nämlech déi onsichtbar Eegeschafte vu Gott (seng éiweg Muecht a seng gëttlech Natur) kloer z’erkennen, well si duerch dat, wat hie gemaach huet, kënne verstane ginn. Dofir hu si keng Entschëllegung.
[21] Obwuel si Gott erkannt hunn, hu si hien net als Gott verherrlecht an him och net Merci gesot. Villméi gouf hiert Denken onsënneg an hiert onverstännegt Denke gouf däischter.
[22] Si hu behaapt, si wiere weis, mee si sinn topeg ginn.
[23] Si hunn d’Herrlechkeet vum onstierfleche Gott mat Duerstellungen agetosch, déi stierfleche Mënschen, Vigel, Déieren a Reptillie gläichen.
[24] Dofir huet Gott si opgrond vum Verlaange vun hiren Häerzer der Onmoraleschkeet ausgeliwwert, esou datt hir Kierperen ënnerteneen entéiert ginn.
[25] Si hunn d’Wourecht vu Gott géint eng Lige getosch an hunn esou dat, wat erschafe gouf, ugebiet an deem gedéngt aplaz vum Schëpfer, deem fir éiweg de Luef gehéiert. Amen.
[26] Dowéinst huet Gott si hiren onéierbare physesche Leidenschaften ausgeliwwert. Hir Fraen hunn den natierleche Geschlechtsverkéier géint onnatierlechen agetosch.
[27] Geneesou hunn och d’Männer den natierleche Geschlechtsverkéier mat der Fra opginn a goufe vun der Loscht ee fir deen anere gepaakt. Männer hu mat Männer schänterlech Dote gedriwwen an hunn u sech selwer de Loun fir hire Feeler kritt.
[28] Si hunn d’Wëssen iwwert Gott verworf an dowéinst huet Gott si engem verduerwene Verstand ausgeliwwert, fir dat ze maachen, wat sech net gehéiert.
[29] Si sinn erfëllt vun all Zort vun Ongerechtegkeet: Si hunn onerlaabte Sex; si si voller Boussecht, Rangstegkeet, Béiswëllegkeet, Näid, Mord, Streidereien, Bedruch an Nidderträchtegkeet; si si Klaperten a
[30] Leitsbeschësser; si haasse Gott a veruechten déi aner; si sinn agebilt a bretzeg; si erfanne Béises a follegen den Elteren net;
[31] si sinn onverstänneg, net vertrauenswierdeg, ouni Léift, onerbittlech an hu keng Baarmhäerzegkeet.
[32] Och wa si d’gerecht Uerteel vu Gott kennen, datt déijéineg, déi esou Dote beginn, d’Doudesstrof verdéngen, maache si net nëmmen dat alles, mee si heeschen et och nach gutt, wann anerer et maachen.