[1] Bannent der Zäit, an där den Apollos zu Korinth war, goung de Paul duerch d’Hannerland a koum dunn op Ephesos. Do huet hien e puer Jénger begéint,
[2] déi hie gefrot huet: „Hutt dir den hellege Geescht kritt, wéi dir gegleeft hutt?“ „Nee, mir hu mol net héieren, datt et en hellege Geescht gëtt“, hu si him geäntwert.
[3] „Wat fir eng Daf hutt dir da krut?“, frot hie si. „D’Daf vum Jean“, hu si geäntwert.
[4] Du sot de Paul: „De Jean huet tatsächlech mat enger Daf vun der Ëmkéier gedeeft, andeems hien de Leit sot, op deen ze vertrauen, deen no him komme géif, dat heescht op de Jesus, de Messias.“
[5] Wéi si dat héieren hunn, goufe si am Numm vum Här Jesus gedeeft.
[6] Dunn huet de Paul seng Hänn op si geluecht an den hellege Geescht koum op si. Si hunn a Sprooche geschwat a prophezeit.
[7] Et waren am ganzen ongeféier zwielef Männer.
[8] Während dräi Méint goung de Paul an d’Synagog an huet couragéiert geschwat. Hien huet mat hinnen diskutéiert a wollt si vum Kinnekräich vu Gott iwwerzeegen.
[9] En etlech hu sech awer verschloss an hunn net gegleeft, mee hu béis iwwert de „Wee“ virum Vollek geschwat. Doropshin huet hie si verlooss an d’Jénger matgeholl. Hien huet all Dag an der Schoul vum Tyrannus Diskussioune geleet.
[10] Dat ass zwee Joer laang esou gaangen, esou datt jiddereen, deen a Klengasien gelieft huet, d’Wuert vum Här Jesus héieren huet, souwuel d’Judde wéi d’Griichen.
[11] Gott huet aussergewéinlech Wonner duerch de Paul gemaach,
[12] esou datt esouguer Schweessdicher oder Schiertecher, déi seng Haut beréiert haten, bei déi Krank bruecht goufen an d’Kränkte si verlooss hunn an déi béis Geeschter aus hinne gefuer sinn.
[13] Och en etlech jüddesch Exorzisten, déi ronderëm gezu sinn, hu probéiert den Numm vum Här Jesus iwwert déi auszeruffen, déi béis Geeschter haten. Si soten: „Mir beschwieren iech bei deem Jesus, deen de Paul verkënnegt.“
[14] Dat hunn och siwe Jonge vum Skewa, engem jüddeschen ieweschte Priister, gemaach.
[15] De béise Geescht huet awer geäntwert: „De Jesus kennen ech an de Paul kennen ech och, mee wie sidd dir?“
[16] Dunn huet de Mann, an deem de béise Geescht war, sech op si gestierzt an huet si mat esou enger Kraaft iwwerwältegt, datt si plakeg a blesséiert aus dem Haus geflücht sinn.
[17] Alleguer d’Judden an d’Griichen, déi zu Ephesos gewunnt hunn, hunn dovunner héieren a si kruten et alleguer mat der Angscht ze dinn. Den Numm vum Här Jesus gouf héich gelueft.
[18] Vill, déi gegleeft haten, koumen dohin an hunn hir Doten ëffentlech zouginn.
[19] Och vill, déi Zauberei praktizéiert haten, hunn hir Bicher zesummegedroen an hu se virun aller Ae verbrannt. De Wäert vun de Bicher gouf zesummegerechent an et koum een op eng Zomm vu fofzegdausend Sëlwermënzen.
[20] Esou ass d’Wuert vum Här staark gewuess an huet seng Kraaft gewisen.
[21] Nodeems dat alles geschitt war, huet de Paul sech am Geescht virgeholl, fir d’éischt duerch Mazedonien an Achaia an dann op Jerusalem ze reesen. Hie sot: „Nodeems ech do war, muss ech och Roum gesinn.“
[22] Dowéinst huet hien zwee vun deenen, déi him gedéngt hunn, den Timothée an den Erastos, a Mazedonien virausgeschéckt, mee hie selwer blouf nach eng Zäitchen a Klengasien.
[23] Zu där Zäit koum et zu enger gréisserer Oprou wéinst dem „Wee“.
[24] Et gouf nämlech e Mann, deen Demetrius geheescht huet a Sëlwerschmatt war. Hien huet Tempele vun der Artemis aus Sëlwer gemaach an doduerch den Handwierker vill Gewënn abruecht.
[25] Hien huet dës Handwierker mat aneren, déi ähnlech Beruffer haten, zesummegeruff a sot: „Männer, dir wësst, datt eise Wuelstand vun dësem Beruff ofhänkt.
[26] Dir gesitt an héiert jo och, datt net nëmmen zu Ephesos, mee scho bal uechter ganz Klengasien, dëse Paul vill Leit iwwerzeegt huet, hir Meenung z’änneren, well hie sot, datt dës Gëtter, déi vu mënschlecher Hand gemaach goufen, keng Gëtter sinn.
[27] Net nëmmen ass eise Beruff a Gefor a Verruff ze kommen, mee och den Tempel vun der grousser Gëttin Artemis, déi vu ganz Klengasien an der Welt ugebiet gëtt, gëtt net méi geschätzt an hir Majestéit gëtt zerstéiert.“
[28] Wéi si dat héieren hunn, goufe si kloerrosen an hu gejaut: „Grouss ass d’Artemis vun den Epheser!“
[29] D’ganz Stad war an engem groussen Duercherneen. D’Leit sinn zesummen an den Theater gerannt an hunn de Gaius an den Aristarkos mat sech geschleeft, Mazedonier, déi mam Paul matgereest waren.
[30] De Paul wollt dunn ënnert d’Leit goen, mee d’Jénger hunn him et net erlaabt.
[31] Dunn hu verschidde räich Déngschthären aus der Provënz, déi seng Frënn waren, Leit bei hie geschéckt, fir hien ze bieden, sech net an den Theater ze woen.
[32] Déi eng hunn dëst gejaut, déi aner dat, well d’Versammlung an engem komplette Chaos war an déi meescht net woussten, firwat si zesummekomm waren.
[33] D’Judden hunn den Alexander aus dem Gewulls erausgeholl an no vir gedréckt. Den Alexander huet mat der Hand en Zeeche ginn a wollt sech virun de Leit erklären.
[34] Wéi si awer erausfonnt hunn, datt hien e Judd war, hu si zwou Stonne laang mat enger Stëmm geruff: „Grouss ass d’Artemis vun den Epheser!“
[35] Nodeems de Stadsgreffier d’Leit berouegt hat, sot hien: „Männer vun Ephesos, gëtt et iwwerhaapt e Mënsch, deen net weess, datt d’Stad vun den Epheser den Tempelwiechter vun der grousser Gëttin Artemis ass, där hir Statu vum Himmel erofgefall ass?
[36] Dat ass jo net ze leegnen an dofir sollt dir roueg sinn an näischt Oniwwerluechtes maachen.
[37] Dir hutt dës Männer heihinner bruecht, déi weder Tempelraiber sinn nach iwwert är Gëttin gelästert hunn.
[38] Also, wann den Demetrius an d’Handwierker, déi bei him sinn, ee wëllen usichen, da gëtt et d’Geriicht a Prokonsulen. Do kënne si een deen anere verkloen!
[39] Wann dir awer nach soss en Uleies hutt, da soll dat an der gesetzlecher Versammlung gekläert ginn.
[40] Soss lafe mir d’Gefor, wéinst der Oprou vun haut ugeklot ze ginn, well mer kee Grond kënnen uginn, fir dësen Tumult z’erklären.“
[41] Nodeems hien dat gesot hat, huet hien d’Versammlung opgeléist.