Skip to content
Opens in a new window

[1] E Mann, deen Hanania geheescht huet, huet zesumme mat senger Fra Schapira e Stéck vu sengem Besëtz verkaf.

[2] Hien huet mam Accord vu senger Fra eppes vum Erléis zeréckbehalen a just een Deel den Apostele bruecht an hinnen e virun d’Féiss geluecht.

[3] Du frot de Péitrus: „Hanania, firwat huet de Satan däin Häerz esou erfëllt, fir den hellege Geescht ze beléien an en Deel vum Erléis vum Terrain fir dech ze behalen?

[4] Wéi en nach net verkaf war, huet en dunn net dir gehéiert? Nodeems e verkaf war, stoung den Erléis dir dunn net zur Verfügung? Firwat hues du dir esou eng Dot an dengem Häerz virgeholl? Du hues net d’Mënsche belunn, mee Gott.“

[5] Wéi den Hanania dës Wierder héieren huet, ass hien dout ëmgefall. Iwwert all déi, déi dovunner héieren hunn, koum dunn eng grouss Angscht.

[6] Du si jonk Männer opgestanen, hunn hien agewéckelt, erausgedroen a begruewen.

[7] Ongeféier dräi Stonnen drop koum seng Fra eran, déi net wousst, wat geschitt war.

[8] „So mir, ob dir den Terrain fir souvill verkaf hutt?“, frot de Péitrus si. „Jo, fir esou vill“, huet si geäntwert.

[9] „Firwat hutt dir iech zesumme verschwuer, fir de Geescht vum Här ze préiwen? Kuck, d’Féiss vun deenen, déi däi Mann begruewen hunn, sti virun der Dier a wäerten och dech erausdroen“, sot de Péitrus dunn zu hir.

[10] Eenzock ass si viru senge Féiss dout ëmgefall. Déi jonk Männer koumen eran an hu festgestallt, datt si dout wier. Si hu si erausgedroen a mat hirem Mann begruewen.

[11] Eng grouss Angscht koum dunn iwwert déi ganz Gemeinschaft an och iwwert all déi, déi dovunner héieren hunn.

[12] Et sinn och vill Zeechen a Wonner duerch d’Hänn vun den Apostelen ënnert dem Vollek geschitt. Si waren alleguer eestëmmeg an der Hal vum Salomon versammelt.

[13] Et huet sech awer soss kee getraut, fir sech hinnen unzeschléissen, och wann d’Leit déck Stécker op si gehalen hunn.

[14] Et konnt een der ëmmer méi dobäi zielen, déi un den Här gegleeft hunn: eng grouss Zuel vu Männer an och vu Fraen.

[15] D’Leit hunn esouguer déi Krank op d’Stroossen erausbruecht a si op Brëtschen a Matte geluecht, fir datt wéinstens dem Péitrus säi Schiet op ee vun hinne fale kéint, wann hie laanschtgoe géif.

[16] Och aus den Nopeschstied hu sech onmoosseg vill Leit zu Jerusalem versammelt a si hunn déi Krank an déi, déi vun onrenge Geeschter geplot goufen, bruecht a si goufen all geheelt.

[17] Dunn ass den Haaptpriister mat all deenen, déi bei him waren (dat heescht, déi vun der Sekt vun den Zaddukiter), opgestanen a si ware voller Jalousie.

[18] Si hunn Hand un d’Apostele geluecht an hu si virun allen Aen an de Prisong gehäit.

[19] Mee an der Nuecht huet en Engel vum Här d’Diere vum Prisong opgemaach, huet d’Apostelen erausgeféiert an zu hinne gesot:

[20] „Gitt a stellt iech an den Tempel a verkënnegt de Leit all d’Wierder vun dësem Liewen.“

[21] Wéi si dat héieren hunn, gounge si moies fréi an den Tempel an hunn d’Leit geléiert. Mee den Haaptpriister an déi, déi bei him waren, koumen dohin an hunn de Sanhedrin zesummegeruff, mat all den Eelste vun den Israeliten, an hunn ee geschéckt, fir d’Apostelen aus dem Prisong bréngen ze loossen.

[22] Wéi d’Offizéier dohikoumen, hu si si net am Prisong fonnt. Du gounge si hannescht an hunn dat gemellt.

[23] Si soten: „Wéi mir dohikoumen, war de Prisong fest zougespaart an d’Giischtercher stounge virun der Dier, mee wéi mir opgespaart hunn, hu mir kee méi dra fonnt.“

[24] Wéi den Haaptpriister, de Kapitän vun den Tempelwiechter an d’iewescht Priister dëse Bericht héieren hunn, hu si sech gefrot, wat dorauser géif ginn.

[25] Du koum een dohin, dee sot: „Kuckt! D’Männer, déi dir an de Prisong gehäit hutt, stinn am Tempel a léieren d’Vollek!“

[26] Doropshin ass de Kapitän mat den Tempelwiechter higaangen an huet d’Apostelen ouni Gewalt zeréckbruecht. Si haten nämlech Angscht, datt d’Vollek si géif stengegen.

[27] Nodeems si d’Apostelen erabruecht haten, hu si si virun de Sanhedrin higestallt. Den Haaptpriister frot si:

[28] „Hate mir iech net strengstens befuel, net an dësem Numm ze léieren? An nawell hutt dir Jerusalem mat ärer Léier gefëllt an hutt wëlles dësem Mann säi Blutt iwwert eis ze bréngen!“

[29] Dunn hunn de Péitrus an d’Apostele geäntwert: „Mir musse Gott méi follege wéi de Mënschen.

[30] De Gott vun eise Virfueren huet de Jesus operstoe gelooss. Hien ass deen, deen dir ëmbruecht hutt, andeems dir hien un en hëlzent Kräiz gehaangen hutt.

[31] Gott huet hien als Prënz a Retter zu senger Rietser erhuewen, fir Israel d’Méiglechkeet ze ginn, fir ëmzekéieren an hir Sënne verzien ze kréien.

[32] Mir sinn Zeie vun all deem, wat geschitt ass, esou wéi den hellege Geescht dat och ass, dee Gott deene ginn huet, déi him follegen.“

[33] Wéi si dat héieren hunn, hu si gekacht vu Roserei an hu geplangt, fir si ëmzebréngen.

[34] Du stoung ee vum Sanhedrin op, e Pharisäer, dee Gamaliel geheescht huet an e Léiermeeschter vum Gesetz war. Hie gouf vum ganze Vollek respektéiert. Hien huet hinne befuel, d’Apostele fir en Ament erauszeféieren.

[35] Du sot hien zu hinnen: „Männer vun Israel, iwwerleet iech gutt, wat dir mat dëse Männer maache wëllt.

[36] Virun enger gewëssener Zäit huet den Todas sech erhuewen an huet behaapt hie wier eppes Besonnesches. En etlech Männer, ongeféier véierhonnert, hate sech him ugeschloss. Hie gouf ëmbruecht an all déi, déi vun him iwwerzeegt waren, goufe verspreet an et koum zu näischt.

[37] No him hat de Judas aus Galilea sech während den Deeg vun der Vollekszielung erhuewen. Hien hat vill Leit dozou verleet, mat him ze revoltéieren. Och hie gouf ëmbruecht an all déi, déi vun him iwwerzeegt waren, goufe verspreet.

[38] Dofir soen ech iech elo, haalt iech vun dëse Männer ewech a loosst si goen. Wann dëse Plang oder dëst Wierk nämlech vun de Mënschen ass, da kënnt et zu näischt.

[39] Wann et awer vu Gott ass, kënnt dir et net verhënneren, soss kämpft dir géint Gott.“

[40] Si ware mat him averstanen an nodeems si d’Apostele ruffen a gäissele gelooss haten, hu si hinne befuel, net méi am Numm vum Jesus ze schwätzen. Dunn hu si si goe gelooss.

[41] D’Apostelen hunn duerno de Sanhedrin verlooss an hu sech gefreet, datt si fir wierdeg gehale goufen, wéinst sengem Numm Schan z’erleiden.

[42] Si hunn net opgehalen, Dag fir Dag am Tempel a vun Haus zu Haus d’Leit ze léieren an d’gutt Noriicht ze verkënnegen, datt de Jesus de Messias ass.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters