Skip to content
Opens in a new window

[1] De Paul huet de Sanhedrin fixéiert a sot: „Männer a Bridder, ech hu bis haut mat engem renge Gewësse viru Gott gelieft.“

[2] Dunn huet den Hanania, den Haaptpriister, deenen, déi donieft stoungen, befuel, fir him eng op de Mond ze haen.

[3] Doropshin huet de Paul zu him gesot: „Gott schléit dech, du gewäisste Mauer! Du sëtz hei, fir mech nom Gesetz ze riichten, an trotzdeem gëss du den Uerder, datt ech geschloe ginn, wat géint d’Gesetz geet!“

[4] Déi, déi nobäi stoungen, froten: „Beleidegs du den Haaptpriister vu Gott?“

[5] „Bridder, ech wousst net, datt hien den Haaptpriister wier“, huet de Paul geäntwert. „Et steet nämlech geschriwwen: ‚Du solls net béis iwwert en Herrscher vun dengem Vollek schwätzen.‘“ (2. Moses 22,27)

[6] Mee de Paul wousst, datt deen een Deel vun hinnen Zaddukiter an deen anere Pharisäer wieren an dofir huet hien dem Sanhedrin zougeruff: „Männer, Bridder! Ech sinn e Pharisäer an de Jong vun engem Pharisäer. Wéinst der Hoffnung a wéinst der Operstéiung vun den Doudege stinn ech virum Geriicht!“

[7] Wéi hien dat sot, ass e Sträit tëschent de Pharisäer an den Zaddukiter entstanen an d’Versammlung huet sech gespléckt.

[8] (D’Zaddukiter behaapten nämlech, datt et keng Operstéiung an och keng Engelen oder Geeschter gëtt, mee d’Pharisäer erkenne béides un.)

[9] Dunn ass e grousst Gejäiz entstanen an d’Léiermeeschtere vum Gesetz, déi vun der Partei vun de Pharisäer waren, sinn opgestanen an hu protestéiert: „Mir fannen näischt Béises un dësem Mann. Wann e Geescht oder en Engel mat him geschwat huet, da loosst eis net géint Gott kämpfen.“

[10] De Sträit gouf esou grouss, datt de Kommandant gefaart huet, de Paul géif vun hinnen a Stécker gerappt ginn. Dofir huet hien den Zaldoten den Uerder ginn, erofzegoen, de Paul aus hirer Mëtt ze huelen an hien an d’Kasär ze bréngen.

[11] An der Nuecht stoung den Här nieft him a sot: „Courage Paul! Du hues fir mech zu Jerusalem ausgesot an esou muss du och zu Roum iwwert mech aussoen.“

[12] Den Dag drop hunn eng Parti vun de Judde sech zesummegedoen an hu sech mat engem Fluch verschwuer, weder z’iessen nach ze drénken, bis si de Paul ëmbruecht hätten.

[13] Et waren der méi wéi véierzeg, déi dëse Komplott gemaach hunn.

[14] Si koume bei d’iewescht Priister an déi Eelst a soten: „Mir hunn eis mat engem Fluch verschwuer, weder z’iessen nach ze drénken, bis mir de Paul ëmbruecht hunn.

[15] Dofir sollt dir elo zesumme mam Sanhedrin dem Kommandant virschloen, datt hien de Paul muer bei iech erofbréngt, fir datt dir esou maache kënnt, wéi wann dir hie weider verhéiere wéilt. Mir awer sinn da prett, fir hien ëmzebréngen, éier hien hei ukënnt.“

[16] Dem Paul säin Neveu krut awer Wand vun där Fal an hie goung bei de Paul an d’Kasär an huet him dovunner verzielt.

[17] Dunn huet de Paul ee vun den Offizéier bei sech geruff a sot: „Féier dëse jonke Mann bei de Kommandant, well hien huet him eppes ze soen.“

[18] Doropshin huet den Offizéier hie bis bei de Kommandant begleet a sot: „De Prisonéier Paul huet mech bei sech geruff a mech gefrot, fir dëse jonke Mann bei dech ze bréngen. Hien huet dir eppes ze soen.“

[19] De Kommandant huet hie bei der Hand geholl, ass mat him op d’Säit gaangen an huet hien ënnert véier Ae gefrot: „Wat hues du mer z’erzielen?“

[20] „D’Judden hunn decidéiert, dech ze froen, fir de Paul muer bei de Sanhedrin ze bréngen, esou wéi wa si hien nach weider verhéiere wéilten“, sot hien.

[21] „Mee looss dech net vun hinnen iwwerrieden, well méi wéi véierzeg vun hinne laueren him op. Dat si Männer, déi sech mat engem Fluch verschwuer hunn, fir net méi z’iessen oder ze drénken, bis si de Paul ëmbruecht hunn. Si sinn elo schonns prett a waarden op deng Awëllegung.“

[22] Dunn huet de Kommandant de jonke Mann goe gelooss an huet him befuel: „Ziel kengem dovunner, datt s du mech heiriwwer informéiert hues.“

[23] Hien huet zwee vu sengen Offizéier geruff a sot: „Haalt zweehonnert Zaldoten, siwwenzeg Kavaléier an zweehonnert Bouschéisser bereet, fir den Owend um néng Auer op Caesarea ze goen.

[24] Suergt och fir Päerd, op deenen de Paul reide kann, a bréngt hie sécher bei de Gouverneur Felix.“

[25] Hien huet e Bréif geschriwwen, an deem Folgendes stoung:

[26] „Vum Claudius Lysias, u seng Exzellenz, de Gouverneur Felix. Sief gegréisst!

[27] Dëse Mann gouf vun de Judden ergraff a war um Punkt, fir vun hinnen ëmbruecht ze ginn. Wéi ech erausfonnt hunn, datt hien e Réimer wier, koum ech mat den Zaldoten erbäi a konnt hie retten.

[28] Ech wollt erausfannen, firwat si hien ukloen an hunn hien dowéinst virun hire Sanhedrin bruecht.

[29] Do hunn ech erausfonnt, datt hie wéinst Sträitfroen iwwert hiert Gesetz ugeklot gëtt. Et war awer keng Uklo géint hien, déi den Doud oder de Prisong verdéngt hätt.

[30] Du gouf ech informéiert, datt e Komplott vun de Judde géint dëse Mann geplangt ass. Dofir hunn ech hien direkt bei dech geschéckt an och deenen, déi hien ukloen, den Uerder ginn, fir hir Plainte géint hien un dech ze riichten. Mat beschte Gréiss.“

[31] D’Zaldoten hunn den Uerder ausgeféiert: Si hunn de Paul geholl an hien an der Nuecht op Antipatris bruecht.

[32] Den Dag drop hu si d’Kavaléier mam Paul weider reese gelooss a si goungen zeréck an d’Kasär.

[33] Wéi si op Caesarea koumen, hu si dem Gouverneur de Bréif iwwerreecht an de Paul presentéiert.

[34] Nodeems de Gouverneur de Bréif gelies hat, huet hie gefrot, aus wat fir enger Provënz hie kéim. Wéi hien erausfonnt huet, datt hien aus Kilikien wier,

[35] sot hien: „Ech verhéieren dech, soubal déijéineg, déi dech ukloen, och do sinn.“ Hien huet du befuel, hien am Herodes senger Residenz ze bewaachen.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters