Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit, wéi d’Zuel vun de Jénger ëmmer méi gewuess ass, hu sech d’hellenistesch Judden iwwert d’hebräesch Judde beschwéiert, well hir Witfrae während der deeglecher Verdeelung vernoléissegt goufen.

[2] Dunn hunn déi Zwielef all d’Jénger zesummegeruff a soten: „Et ass net richteg, datt mir d’Wuert vu Gott vernoléissegen, fir un den Dëscher ze zerwéieren.

[3] Dofir, Bridder, sicht ënnert iech siwe Männer mat guddem Ruff eraus, déi mam hellege Geescht a mat Wäisheet erfëllt sinn. Déi wëlle mir da fir dës Aufgab asetzen.

[4] Mir selwer konzentréieren eis da weiderhin op d’Gebiet an den Déngscht vum Wuert.“

[5] Dës Propose huet der ganzer Versammlung gefall. Si hunn dunn de Stephan, deen e Mann voller Glawen an erfëllt vum hellege Geescht war, de Philippe, de Prochoros, den Nikanor, den Timon, de Parmenas an den Nikolaos, deen e Proselyt aus Antiochia war, ausgewielt.

[6] Dës Männer hu si virun d’Apostele gestallt a währenddeems d’Apostele gebiet hunn, hu si hir Hänn op si geluecht.

[7] D’Wuert vu Gott huet sech verbreet an d’Zuel vun de Jénger zu Jerusalem ass ëmmer méi gewuess. Och eng Abberzuel Priister hunn dem Glawe gefollegt.

[8] De Stephan, dee voller Glawen a Kraaft war, huet grouss Wonner an Zeechen ënnert de Leit gemaach.

[9] Dunn hu verschidde Leit aus der Synagog vun de Fräie Männer (esou gouf d’Synagog genannt), Leit vu Kyreene a vun Alexandria an och nach en ettlech Leit aus Kilikien a Klengasien sech erhuewen, fir mam Stephan ze diskutéieren.

[10] Si konnten awer net der Wäisheet an dem Geescht, mat deem hie geschwat huet, widderstoen.

[11] Dunn hu si Männer ugestiwwelt, fir ze soen: „Mir hunn héieren, wéi hien iwwert de Moses a Gott gelästert huet.“

[12] Si hunn d’Vollek, déi Eelst an d’Léiermeeschtere vum Gesetz opgestëppelt. Déi si bei hie komm, hunn hien ergraff an hie virun de Sanhedrin geschleeft.

[13] Si hunn och falsch Zeien optriede gelooss, déi ausgesot hunn: „Dëse Mann hält net op iwwert dës helleg Plaz an iwwert d’Gesetz ze lästeren.

[14] Mir hunn hien nämlech héiere soen, datt dee Jesus vun Nazaret dës Plaz zerstéiere géif an och d’Bräich, déi de Moses eis iwwerliwwert huet, verännere géif.“

[15] Jiddereen, deen am Sanhedrin souz, huet op hie gestuerkt an huet gesinn, datt säi Gesiicht ausgesinn huet, wéi dat vun engem Engel.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters