Skip to content
Opens in a new window

[1] Et koumen en etlech Männer vu Judea op Antiochia, fir do d’Bridder ze beléieren: „Wann dir iech net nom Brauch vum Moses beschneide loosst, da kënnt dir net gerett ginn.“

[2] Doropshin haten de Paul an de Bar-Naba eng seriö Ausernanersetzung an Diskussioun mat hinnen. Duerno hu si festgeluecht, datt de Paul an de Bar-Naba mat e puer anere vun hinnen op Jerusalem goe sollten, fir do d’Apostelen an déi Eelst wéinst dëser Fro ze gesinn.

[3] Nodeems si vun der Gemeinschaft fortgeschéckt goufen, gounge si duerch Phoenizien a Samarien. Do hu si d’Bekéierung vun den Net-Judde beschriwwen an hunn esou de Bridder vill Freed bruecht.

[4] Wéi si op Jerusalem koumen, goufe si vun der Gemeinschaft, den Apostelen an den Eelsten opgeholl. Si hunn e Rapport vun all deem, wat Gott duerch si gemaach hat, gemaach.

[5] E puer aus der Sekt vun de Pharisäer, déi gleeweg gi waren, sinn opgestanen a soten: „Et muss ee si beschneiden an hinne virschreiwen, d’Gesetz vum Moses anzehalen.“

[6] Dunn hunn d’Apostelen an déi Eelst sech zesumme getraff, fir sech iwwert dës Fro ze beroden.

[7] No laanger Diskussioun ass de Péitrus opgestanen a sot zu hinnen: „Bridder, dir wësst, datt Gott mech virun en etlech Joren auserwielt huet, fir datt duerch mäi Mond d’Net-Judden d’Botschaft vun der gudder Noriicht héieren an dru gleewe sollten.

[8] Gott, deen d’Häerzer kennt, huet si unerkannt, andeems hien hinnen den hellege Geescht ginn huet, geneesou wéi hien eis e ginn hat.

[9] Hien huet keen Ënnerscheed tëschent eis an hinne gemaach an huet hir Häerzer duerch de Glawe gerengegt.

[10] Firwat stellt dir Gott op d’Prouf, andeems dir de Jénger e Jach op d’Halsgenéck leeë wëllt, dee weder eis Pappen nach mir droe konnten?

[11] Am Géigendeel, mir gleewen, datt mir op déiselwecht Manéier wéi si duerch d’Gnod vum Här Jesus gerett ginn.“

[12] Du waren all d’Leit roueg an hunn dem Bar-Naba an dem Paul nogelauschtert, wéi si dovunner verzielt hunn, wéi vill Zeechen a Wonner Gott duerch si bei den Net-Judde gemaach hat.

[13] Nodeems si fäerdeg ware mat Schwätzen, sot de Jacques: „Männer a Bridder, lauschtert mir no:

[14] De Schimon huet verkënnegt, wéi Gott säi Bléck am Ufank op d’Net-Judde geriicht hat, fir aus hinnen e Vollek fir säin Numm auszewielen.

[15] Dat stëmmt mat de Wierder vun de Prophéiten iwwerteneen, esou wéi geschriwwe steet:

[16] ‚Duerno kommen ech zeréck an dem David seng Heip, déi verfall ass, fir se nees opzebauen; ech baue seng Ruinen nees op a riichte se op,

[17] fir datt de Rescht vun der Mënscheet an och all d’Net-Judden, déi mäin Numm droen, den Här siche kënnen, seet den Här, deen dat alles mécht.‘ (Amos 9,11-12)

[18] Vun Éiwegkeet hier kennt Gott all seng Wierker.

[19] Dofir entscheeden ech, datt mir den Net-Judden, déi sech zu Gott dréien, keng Steng an de Wee leeë sollen,

[20] mee datt mir hinne schreiwen, sech vun allem, wat duerch Gëtze beschmotzt gouf, vun onerlaabtem Sex, vu Fleesch, wat net geschächt gouf, a vum Blutt z’enthalen.

[21] D’Wuert vum Moses gëtt nämlech schonns zënter ville Generatiounen an all Stad gepriedegt, well hie jo op all Sabbat an de Synagoge virgelies gëtt.“

[22] Doropshin hunn d’Apostelen an déi Eelst, zesumme mat der ganzer Gemeinschaft, decidéiert, Männer aus hirer Mëtt erauszewielen an déi mam Paul a mam Bar-Naba op Antiochia ze schécken. Et waren de Judas, deen och Bar-Schabba genannt gouf, an de Silas, allenzwee Leeder ënnert de Bridder.

[23] Dëst Schreiwes sollte si mathuelen: „D’Apostelen, déi Eelst an d’Bridder un d’Geschwëster vun den Net-Judden zu Antiochia, a Syrien an a Kilikien: Léif Gréiss un iech all!

[24] Mir hunn héieren, datt verschidde Leit, déi aus eiser Mëtt ausgezu sinn, iech mat Léieren duerchernee gemaach hunn an är Séile beonrouegt hunn, andeems si soten: ‚Dir musst beschnidde ginn an d’Gesetz anhalen‘ (mir haten hinne keen esou en Uerder ginn),

[25] dofir hu mir an eiser Versammlung eestëmmeg festgehalen, auserwielte Männer bei iech ze schécken, zesumme mam Paul a mam Bar-Naba, déi mir gär hunn.

[26] Dat si Männer, déi hiert Liewen op d’Spill gesat hunn wéinst dem Numm vun eisem Här Jesus, dem Messias.

[27] Dowéinst hu mir de Judas an de Silas geschéckt, déi iech datselwecht mëndlech verkënnegen.

[28] Den hellege Geescht an och mir sinn nämlech der Meenung, datt mir iech keng méi grouss Laascht operleeë sollen, ausser deem, wat néideg ass:

[29] Dir sollt iech vun deem, wat de Gëtze geaffert gouf, vum Blutt, vu Fleesch, dat net geschächt gouf, a vun onerlaabtem Sex enthalen. Wann dir dat alles vermeit, dann handelt dir richteg. Mat beschte Gréiss.“

[30] Nodeems de Judas an de Silas fortgeschéckt goufen, koume si op Antiochia a wéi si d’Gemeinschaft zesummegeruff haten, hu si hinnen de Bréif iwwerreecht.

[31] Si hunn e gelies a sech iwwert den Encouragement gefreet.

[32] De Judas an de Silas, déi och selwer Prophéite waren, hunn d’Bridder mat enger laanger Ried encouragéiert a gestäerkt.

[33] Nodeems si eng gewëssen Zäit do verbruecht haten, goufe si zeréckgeschéckt mat Gréiss vun de Bridder un d’Apostelen.

[34]

[35] De Paul an de Bar-Naba sinn zu Antiochia bliwwen an hunn do, zesumme mat villen aneren, d’Wuert vum Här geléiert a gepriedegt.

[36] No enger gewëssener Zäit sot de Paul zum Bar-Naba: „Komm mir ginn zeréck a ginn eis Bridder an all de Stied besichen, an deene mir d’Wuert vum Här gepriedegt hunn, fir ze kucken, wéi et hinne geet.“

[37] De Bar-Naba hat sech virgeholl de Jean, deen och Marc genannt gouf, matzehuelen,

[38] mee de Paul huet sech drop behaapt, datt si net dee mathuele sollten, dee si a Pamphylien verlooss hat an net mat hinnen d’Aarbecht gemaach hat.

[39] Du koum et zu enger Ausernanersetzung, esou datt si sech getrennt hunn: De Bar-Naba huet de Marc matgeholl an ass mat him op Zypern gesegelt,

[40] an de Paul huet de Silas gewielt a goung fort, nodeems d’Bridder hien der Gnod vu Gott uvertraut haten.

[41] Hien ass duerch Syrien a Kilikien gezunn an huet d’Gemeinschafte gestäerkt.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters