[1] Duerno huet de Jesus sech senge Jénger nach eng Kéier beim Séi Tiberias gewisen. Op dës Manéier huet hie sech gewisen:
[2] De Schimon-Péitrus, den Thomas (deen Zwilling genannt gouf), den Nathanael aus Kana a Galilea, d’Jonge vum Sabdai an zwee anerer vu senge Jénger hate sech versammelt.
[3] „Ech gi fëschen!“, sot de Schimon-Péitrus zu hinnen. „Mir kommen och mat“, hu si geäntwert. Si goungen eraus a sinn direkt an den Naache geklommen, mee an där Nuecht hu si näischt gefaangen.
[4] Ganz fréi mueres stoung de Jesus um Uwänner, mee d’Jénger hunn net erkannt, datt et de Jesus war.
[5] „A Kanner, hutt dir Fësch gefaangen?“, frot de Jesus si. „Neen“, hu si him geäntwert.
[6] „Geheit är Netzer op der rietser Säit vum Naachen aus, da fänkt dir Fësch“, sot hien zu hinnen. Si hunn hir Netzer ausgeworf a konnten d’Netz wéinst den onmoosseg ville Fësch net eranzéien.
[7] Dowéinst sot dee Jénger, deen de Jesus gär hat, zum Péitrus: „Et ass den Här!“ Wéi de Schimon-Péitrus héieren huet, datt et den Här war, huet hie seng Tunique, déi hie virdrun ausgedoen hat, nees ugedoen an ass an de Séi gesprongen.
[8] Déi aner Jénger koumen awer mam klenge Naachen no an hunn d’Netz voller Fësch hannert sech hiergezunn, well si waren nëmmen ongeféier honnert Meter vum Uwänner ewech.
[9] Wéi si nees u Land waren, hu si en Holzkuelefeier, wou Fësch drop louchen, a Brout gesinn.
[10] „Bréngt och vun de Fësch mat, déi dir elo grad gefaangen hutt“, sot de Jesus zu hinnen.
[11] De Schimon-Péitrus ass dunn an den Naache geklommen an huet d’Netz un den Uwänner gezunn. Et war voller grousser Fësch, honnertdräiafofzeg Stéck; an obschonn et der esou vill waren, ass d’Netz net gerass.
[12] „Kommt an iesst“, huet de Jesus si invitéiert. Et huet awer kee vun de Jénger sech getraut, fir ze froen: „Wie bass du?“, well si woussten, datt et den Här war.
[13] De Jesus koum dohinner, huet d’Brout geholl an huet hinnen dovunner ginn. Datselwecht huet hien och mam Fësch gemaach.
[14] Dat war déi drëtte Kéier, datt de Jesus sech senge Jénger gewisen huet, nodeems hie vun den Doudegen operstane war.
[15] Nodeems si giess haten, frot de Jesus de Schimon-Péitrus: „Schimon, Jong vum Yona, hues du mech méi gär wéi déi hei?“ „Jo, Här, du weess, datt ech dech gär hunn“, huet hien him geäntwert. „Fidder meng Lämmer“, sot de Jesus zu him.
[16] Eng zweet Kéier frot de Jesus hien: „Schimon, Jong vum Yona, hues du mech gär?“ „Jo, Här, du weess, datt ech dech gär hunn“, huet hien him geäntwert. „Hitt meng Schof“, sot de Jesus zu him.
[17] Eng drëtt Kéier frot de Jesus hien: „Schimon, Jong vum Yona, hues du mech gär?“ De Péitrus war traureg, well de Jesus hien eng drëtte Kéier gefrot huet: „Hues du mech gär?“ „Här, du weess alles; du weess, datt ech dech gär hunn“, huet hien him geäntwert. „Fidder meng Schof“, sot de Jesus zu him.
[18] „Ech soen dir d’Wourecht! Wéi s du méi jonk waars, hues du dech selwer ugedoen a goungs, wouhin s du wolls; mee wann s du al gëss, strecks du deng Hänn aus an een aneren deet dech un a féiert dech anzwousch, wou s du net hi wëlls.“
[19] Hie sot dat, fir op d’Manéier vum Doud hinzeweisen, mat där hie Gott verherrleche géif. Nodeems hien dat gesot hat, sot hien: „Komm mir no!“
[20] De Péitrus huet sech ëmgedréit an huet gesinn, datt de Jénger, deen de Jesus gär hat, hinnen nokoum. (Et war deeselwechte Jénger, dee sech beim Iessen un dem Jesus seng Broscht geluecht hat a gefrot hat: „Här, wie verréit dech?“)
[21] Wéi de Péitrus hie gesinn huet, frot hien de Jesus: „Här, a wat geschitt mat him?“
[22] „Wann ech wëll, datt hie bleift, bis ech nees zeréckkommen, wat geet dech dat un? Komm du mir no“, huet de Jesus him geäntwert.
[23] Esou gouf ënnert de Bridder gezielt, datt dëse Jénger net stierwe géif. Mee de Jesus hat net gesot, datt hien net stierwe géif, mee just: „Wann ech wëll, datt hie bleift, bis ech nees zeréckkommen, wat geet dech dat un?“
[24] Et ass och dëse Jénger, deen iwwert dat alles ausseet an deen et niddergeschriwwen huet. Mir wëssen, datt seng Ausso wouer ass.
[25] Och soss gëtt et nach vill, wat de Jesus gemaach huet. Wann dat awer alles géif opgeschriwwe ginn, esou mengen ech, kéint d’Welt all déi Bicher, déi misste geschriwwe ginn, net faassen. Amen.