[1] Ganz fréi am Mueren um éischten Dag vun der Woch gounge si, zesumme mat nach anere Fraen, bei d’Graf. Si haten d’Gewierzer, déi si virbereet haten, dobäi.
[2] Si hunn awer entdeckt, datt de Stee virum Graf ewechgerullt gi war.
[3] Wéi si eragoungen, hu si d’Läich vum Här Jesus net dra fonnt.
[4] Si wousste guer net, wat si dovunner hale sollten. Op eemol stoungen zwee Männer nieft hinnen, deenen hir Kleeder geliicht hunn.
[5] Si hunn op de Buedem gekuckt, well si gefaart hunn. D’Männer soten zu hinnen: „Firwat sicht dir de Liewegen ënnert den Doudegen?
[6] Hien ass net hei. Hien ass operstanen! Erënnert iech un dat, wat hien zu iech gesot hat, wéi hien nach a Galilea war,
[7] a wéi hie sot: ‚De Jong vum Mënsch muss an d’Hänn vu sënnege Mënschen ausgeliwwert ginn, gekräizegt ginn an den drëtten Dag operstoen.‘“
[8] Si hu sech u seng Wierder erënnert.
[9] Du gounge si vum Graf fort an hunn dat alles deenen Eelef an och all deenen anere verzielt.
[10] Et waren d’Maria vu Magdala, d’Yohanna an d’Maria, dem Jacques seng Mamm, an och nach déi aner Fraen, déi mat hinne waren, déi den Apostelen dat alles verzielt hunn.
[11] Mee d’Apostelen hunn hir Wierder fir eidelt Geschwätz gehalen an hunn hinnen net gegleeft.
[12] De Péitrus awer ass opgestanen an ass bei d’Graf gelaf. Hien huet sech eragebéckt an huet nëmmen d’lénge Bänner do leie gesinn. Hie goung nees fort an huet sech iwwert dat, wat geschitt war, gewonnert.
[13] Nach deeselwechten Dag goungen der zwee vun hinnen an en Duerf, dat Emmaus geheescht huet an dat ongeféier eelef Kilometer vu Jerusalem ewech louch.
[14] Si hu mateneen iwwert alles geschwat, wat geschitt war.
[15] Bannent där Zäit, an där si matenee geschwat an diskutéiert hunn, koum de Jesus selwer dobäi a goung mat hinnen.
[16] Mee si waren ewéi blann a konnten hien net erkennen.
[17] „Wouriwwer hutt dir dann ënnerwee matenee geschwat? Firwat hutt dir esou eng traureg Minn?“, huet hie si gefrot.
[18] Dunn huet deen, dee Kleopas geheescht huet, him geäntwert: „Bass du dann den eenzege Friemen zu Jerusalem, deen net iwwert dat Bescheed weess, wat dës lescht Deeg geschitt ass?“
[19] „Wat ass da geschitt?“, frot hie si. „Ma dat mam Jesus vun Nazaret“, sote si dunn zu him, „hie war e Prophéit, mächteg am Wuert an an der Dot viru Gott an dem ganze Vollek.
[20] D’iewescht Priister an déi, déi eist Vollek leeden, hunn hien ausgeliwwert, fir datt hien zum Doud veruerteelt a gekräizegt gouf.
[21] Mir haten awer gehofft, datt hien dee wier, deen Israel erléise géif. A bei all deem kënnt nach dobäi, datt haut den drëtten Dag ass, nodeems dat alles geschitt ass.
[22] Verschidde Fraen aus eisem Grupp, déi de Muere fréi bei d’Graf gaange waren, hunn eis an Opreegung bruecht.
[23] Si hate seng Läich net fonnt a wéi si zeréckkoumen, sote si, datt si eng Visioun vun Engele gehat hätten, déi gesot hätten, hie géif liewen.
[24] Doropshi goungen e puer vun eis bei d’Graf an hunn alles esou virfonnt, wéi d’Fraen et gesot haten. Hie selwer hu si net gesinn.“
[25] „Wat sidd dir esou onverstänneg!“, sot hien zu hinnen. „Wat sinn är Häerzer lues, fir un all dat ze gleewen, wat d’Prophéite gesot hunn!
[26] Huet net de Messias dat alles missen erleiden an dann a seng Herrlechkeet agoen?“
[27] Hien huet du beim Moses an all de Prophéiten ugefaangen, hinnen alles aus der ganzer Schrëft z’erklären, wat iwwert hie selwer geschriwwe stoung.
[28] Wéi si méi no un dat Duerf erukoumen, wou si hi wollten, huet hien esou gemaach, wéi wann hie wéilt weidergoen.
[29] Si hunn hien awer gedirängelt: „Bleif dach bei eis. Et gëtt dach geschwënn däischter an den Dag ass gläich eriwwer.“ Du goung hie mat an ass bei hinne bliwwen.
[30] Nodeems hie mat hinnen un den Dësch Plaz geholl hat, huet hien d’Brout geholl, et geseent, a Stécker gebrach an u si verdeelt.
[31] Do goufen hinnen d’Aen opgemaach a si hunn hien erkannt. Dunn ass hie virun hinne verschwonnen.
[32] Si soten een zum aneren: „Hunn eis Häerzer net an eis gebrannt, wéi hien ënnerwee mat eis geschwat huet a wéi hien eis d’Schrëft erkläert huet?“
[33] Nach an deem Abléck hu si sech erhuewen a goungen hannescht op Jerusalem. Do hu si déi Eelef an och déi, déi bei hinne waren, versammelt virfonnt.
[34] Déi soten: „Den Här ass wierklech operstanen! Hien ass dem Schimon erschéngen.“
[35] Déi Zwee hunn dunn och verzielt, wat si ënnerwee erlieft haten a wéi si hie beim Brieche vum Brout erkannt haten.
[36] Während si dat verzielt hunn, ass de Jesus perséinlech an hir Mëtt komm a sot zu hinnen: „Fridde sief mat iech.“
[37] Si sinn erféiert a kruten et mat der Angscht ze dinn an hu gemengt, si hätten e Geescht gesinn.
[38] „Firwat sidd dir esou opgewullt? Firwat kommen Zweiwel an ären Häerzer op?“, huet hie si gefrot.
[39] „Kuckt meng Hänn a meng Féiss! Ech sinn et selwer! Beréiert mech a kuckt! E Geescht besteet dach net aus Fleesch a Schanken, esou wéi dir et hei u mir gesitt.“
[40] Nodeems hien dat gesot hat, huet hien hinne seng Hänn a seng Féiss gewisen.
[41] Mee vu lauter Freed a Staunen hu si nach ëmmer net gegleeft. Dofir huet hie si gefrot: „Hutt dir eppes hei, fir z’iessen?“
[42] Si hunn him e Stéck gebrodene Fësch an e bëssche Beieros ginn.
[43] Hien huet et geholl a virun hinne giess.
[44] „Dat hei ass, wat ech gemengt hunn, wéi ech iech sot, wéi ech nach bei iech war, datt alles, wat am Gesetz vum Moses, an de Prophéiten an an de Psalmen iwwert mech geschriwwe steet, an Erfëllung misst goen“, sot hien zu hinnen.
[45] Dunn huet hien hinnen hire Verstand opgemaach, fir datt si d’Schrëft verstoe kéinten.
[46] Hie sot zu hinnen: „Esou steet et geschriwwen: De Messias muss leiden an um drëtten Dag vun den Doudegen operstoen.
[47] A sengem Numm soll d’Ëmkéier an d’Verzeiung vun de Sënnen un all d’Natioune gepriedegt ginn, ugefaangen hei zu Jerusalem.
[48] Dir sidd Zeie vun all deem, wat geschitt ass.
[49] Lauschtert, ech schécken op iech, wat mäi Papp versprach huet. Bleift an der Stad Jerusalem, bis dir mat Kraaft aus der Héicht versi gitt.“
[50] Dunn huet hie si bis op Betanien erausgeféiert, huet seng Hänn erhuewen a si geseent.
[51] Wéi hien nach am Gaang war, si ze seenen, goung hie vun hinne fort a gouf an den Himmel eropgeholl.
[52] Si hunn hien ugebiet a gounge mat grousser Freed nees hannescht op Jerusalem.
[53] Si ware bestänneg am Tempel an hunn do Gott gelueft a geseent. Amen.