[1] Am Ufank war d’Wuert. D’Wuert war bei Gott an d’Wuert war Gott.
[2] D’Wuert war am Ufank bei Gott.
[3] Alles ass duerch d’Wuert entstanen an et gëtt näischt, wat net duerch d’Wuert entstanen ass.
[4] Am Wuert war d’Liewen an dëst Liewe war de Mënschen hiert Liicht.
[5] D’Liicht schéngt och an der Däischtert an d’Däischtert konnt d’Liicht net iwwerwannen.
[6] Gott hat e Mann geschéckt, dee Jean geheescht huet.
[7] Hie koum als Zeien, fir iwwert d’Liicht auszesoen, fir datt jiddereen duerch hie gleewe géif.
[8] Hie selwer war net dat Liicht, mee hien ass komm, fir iwwert d’Liicht auszesoen.
[9] Dat war dat richtegt Liicht, dat an d’Welt koum, fir all Mënsch Liicht ze bréngen.
[10] Et war an der Welt an d’Welt ass duerch et entstanen, mee d’Welt huet et net erkannt.
[11] D’Liicht ass bei säin Eegentum komm, mee dat huet et net ugeholl.
[12] Mee all deenen, déi et ugeholl an u säin Numm gegleeft hunn, huet et d’Recht ginn, Kanner vu Gott ze ginn.
[13] Si si weder duerch mënschlech Ofstamung nach duerch natierlech Gebuert nach duerch dem Mann säi Wëllen, mee aus Gott gebuer.
[14] D’Wuert ass Mënsch ginn an huet ënnert eis gewunnt. Mir hu seng Herrlechkeet gesinn, d’Herrlechkeet vum Papp sengem eenzege Jong, voller Gnod a Wourecht.
[15] De Jean huet iwwert hien ausgesot an huet geruff: „Deen heiten ass deen, vun deem ech gesot hunn: ‚Deen, deen no mir kënnt, war viru mir, well hie viru mir existéiert huet.‘“
[16] Jidderee kritt eng Gnod no där anerer aus sengem vollkommene Wiesen.
[17] D’Gesetz koum nämlech duerch de Moses, mee d’Gnod an d’Wourecht koumen duerch de Messias, de Jesus.
[18] Et huet nach ni ee Gott gesinn, mee den eenzege Jong, deen dem Papp ganz no ass, huet erkläert, wien hien ass.
[19] De Jean huet déi Ausso gemaach, wéi d’Judde vu Jerusalem Priister a Levite bei hie geschéckt hunn, fir hien ze froen, wien hie wier.
[20] Hien huet kloergestallt, datt hien net de Messias ass. Hien huet et kloergestallt an et net ofgestridden.
[21] Si froten hien: „Wie bass du dann? Bass du den Elia?“ „Neen, dee sinn ech net“, sot hien. „Bass du de Prophéit?“ „Neen“, huet hie geäntwert.
[22] Si froten hien nees: „Wie bass du dann? Mir mussen deene Leit, déi eis heihinner geschéckt hunn, eng Äntwert ginn. Wat sees du da selwer iwwert dech?“
[23] „Ech sinn d’Stëmm vun engem, deen an der Wüst rifft: ‚Maacht de Wee fräi fir den Här‘, (Yesaia 40,3) esou wéi de Prophéit Yesaia et gesot hat“, huet hie geäntwert.
[24] Déi, déi dohi geschéckt gi waren, ware Pharisäer.
[25] „Firwat deefs du dann, wann s du weder de Messias nach den Elia nach de Prophéit bass?“, frote si hien.
[26] De Jean huet hinne geäntwert: „Ech deefe mat Waasser, mee ënnert iech ass een, deen dir net kennt.
[27] Hien ass deen, deen no mir kënnt, obwuel hie viru mir existéiert huet. Ech sinn et net wäert, d’Liedersrimme vu senge Sandale lasszebannen.“
[28] Dat ass zu Betanien geschitt, op der anerer Säit vum Jordan, do, wou de Jean gedeeft huet.
[29] Den Dag drop huet hien de Jesus gesinn op sech duerkommen a sot: „Hei ass d’Lamm vu Gott, dat d’Sënn vun der Welt ewechhëlt!
[30] Hien ass deen, vun deem ech sot: ‚No mir kënnt e Mann, dee viru mir war, well hie viru mir existéiert huet.‘
[31] Ech wousst net, wien hie wier. Mee ech hu mat Waasser gedeeft, fir datt Israel hie sollt erkennen.“
[32] De Jean huet du bezeit: „Ech hunn de Geescht gesinn erofkommen ewéi eng Dauf vum Himmel an hien ass op him bliwwen.
[33] Ech hunn hien net kannt. Mee deen, dee mech geschéckt huet, fir mat Waasser ze deefen, huet zu mir gesot: ‚Deen, op deen s du de Geescht erofkomme gesäis an op deem e bleift, ass deen, dee mam hellege Geescht deeft.‘
[34] Ech hunn dat gesinn an hu bezeit, datt hien de Jong vu Gott ass.“
[35] Den Dag drop stoung de Jean erëm mat zwee vu senge Jénger op därselwechter Plaz.
[36] Wéi hien de Jesus laanschtgoe gesinn huet, sot hien: „Kuckt, d’Lamm vu Gott!“
[37] Seng zwee Jénger hunn hien héieren dat soen a sinn dem Jesus nogaangen.
[38] De Jesus huet sech ëmgedréit a gesinn, datt si him nogoungen, an huet si gefrot: „Wat sicht dir?“ „Rabbi (wat souvill wéi „Léiermeeschter“ heescht), wou wunns du?“, frote si.
[39] „Kommt kucken“, sot de Jesus. Si si mat him gaangen an hu gesinn, wou hie gewunnt huet. Et war zéng Auer mueres a si sinn de Rescht vum Dag bei him bliwwen.
[40] Den Andreas, dem Schimon-Péitrus säi Brudder, war ee vun deenen zwee, déi dem Jean nogelauschtert haten an déi dem Jesus nogaange waren.
[41] Den Andreas ass fir d’éischt no sengem Brudder, dem Schimon, siche gaangen a sot zu him: „Mir hunn de Messias (wat esou vill wéi „Christus“ heescht) fonnt!“
[42] Hien huet de Schimon bei de Jesus bruecht. De Jesus huet hien ugekuckt a gesot: „Du bass de Schimon, dem Jean säi Jong. Vun elo u gëss du Kefas (wat iwwersat „Steen“ heescht) genannt.“
[43] Den Dag drop wollt de Jesus sech op de Wee fir a Galilea maachen. Hien ass nom Philippe siche gaangen a sot zu him: „Komm mir no!“
[44] De Philippe koum vu Betsaida, därselwechter Stad wéi den Andreas an de Péitrus.
[45] De Philippe ass nom Nathanael siche gaangen a sot zu him: „Mir hunn dee fonnt, iwwert deen de Moses am Gesetz an och d’Prophéite geschriwwen hunn: de Jesus vun Nazaret, dem Jousef säi Jong.“
[46] „Nazaret? Kann iergendeppes Guddes vun do kommen?“, huet den Nathanael geäntwert. „Da komm kucken!“, sot de Philippe.
[47] De Jesus huet den Nathanael op sech duerkomme gesinn a sot: „Kuckt, hei ass nu wierklech en Israelit, an deem et keng Falschheet gëtt.“
[48] „Wouhier kenns du mech?“, frot den Nathanael hien. „Éier de Philippe dech geruff hat, hat ech dech ënnert dem Figebam sëtze gesinn“, huet de Jesus geäntwert.
[49] „Rabbi, du bass de Jong vu Gott! Du bass de Kinnek vun Israel!“, sot den Nathanael.
[50] „Du gleefs, well ech dir sot, datt ech dech ënnert dem Figebam gesinn hunn? Du gesäis nach vill méi Grousses wéi dat“, huet de Jesus him geäntwert.
[51] „Ech soen iech d’Wourecht! Dir gesitt den Himmel opstoen an d’Engele vu Gott um Jong vum Mënsch erop- an erofklammen.“