[1] Kuerz drop goung hie vu Stad zu Stad a vun Duerf zu Duerf an huet do gepriedegt an d’gutt Noriicht vum Kinnekräich vu Gott verkënnegt. Déi Zwielef ware bei him
[2] an och e puer Fraen, déi vun hire béise Geeschter a vun hire Kränkte geheelt goufen. Dorënner waren d’Maria, dat och Magdala genannt gouf, aus deem siwen Dämonen erausgefuer waren,
[3] d’Yohanna, dem Cusa seng Fra, deen e Beamte vum Herodes war, d’Susanna an och nach vill anerer. Si hu fir hie gesuergt mat deem, wat si haten.
[4] Wéi eng grouss Mass Leit sech versammelt hat (si waren aus alle Stied bei hie komm), huet hien e Gläichnes verzielt:
[5] „E Bauer goung eraus, fir säi Som ze séien. Wéi hie geséit huet, ass en Deel vum Som nieft de Wee gefall. E gouf zertrëppelt a vun de wëlle Vigel opgepickt.
[6] Et ass och en Deel op Fiels gefall a soubal en ausgeschoss war, ass e verdréchent, well et em u Fiichtegkeet gefeelt huet.
[7] Anere Som ass ënnert d’Däre gefall. D’Däre sinn zesumme mam Som ausgeschoss an hunn en erstéckt.
[8] Weidere Som ass op gudde Buedem gefall, ass ausgeschoss an huet dat honnertfacht u Fruucht gedroen.“ Nodeems de Jesus dat verzielt hat, huet hie geruff: „Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!“
[9] Duerno hu seng Jénger hie gefrot: „Wat bedeit dëst Gläichnes?“
[10] Hie sot zu hinnen: „Iech ass et erméiglecht ginn, fir d’Geheimnisser vu Gott sengem Kinnekräich ze verstoen. Mee déi aner kréien alles a Gläichnesser verzielt, esou datt, ‚obwuel si gesinn, si net erkennen, an obwuel si héieren, si net verstinn.‘ (Yesaia 6,9-10)
[11] D’Gläichnes bedeit also dat hei: De Som ass d’Wuert vu Gott.
[12] De Som, deen nieft de Wee gefall ass, ass ewéi déi, déi et héieren; da kënnt den Däiwel an hëlt hinnen d’Wuert aus hiren Häerzer ewech, fir datt si net gleewen an net gerett ginn.
[13] De Som, deen op Fiels gefall ass, ass ewéi déi, déi d’Wuert mat Freed ophuelen, wa si et héieren. Mee déi hu keng Wuerzelen an dofir gleewe si just eng Zäitchen a falen dann an Zäite vun der Versuchung of.
[14] De Som, deen ënnert d’Däre fält, ass ewéi déi, déi d’Wuert héieren; si ginn eraus, mee gi vun de Suergen, dem Räichtum an dem Pleséier vum Liewen erstéckt, esou datt d’Friichten net bei hinnen zeideg ginn.
[15] De Som, deen op gudde Buedem fält, ass ewéi déi, déi d’Wuert mat engem gudden an éierlechen Häerz héieren hunn, dorunner festhalen an ënner Gedold Friichten droen.
[16] Et fänkt keen eng Luucht un, fir se da mat engem Krou zouzedecken oder ënnert e Bett ze stellen. Mee hie stellt se op e Liichter, fir datt déi, déi erakommen, d’Liicht kënne gesinn.
[17] Et gëtt nämlech näischt, wat verstoppt ass, wat net entbléisst gëtt, an näischt, wat geheim gehale gëtt, wat net bekannt gëtt an net un den Dag kënnt.
[18] Dofir gitt uecht, wéi dir nolauschtert. Wien huet, kritt nach méi; wien net huet, kritt och dat, wat hie mengt ze hunn, ewechgeholl.“
[19] Du koume seng Mamm a seng Geschwëster bei hien, mee si konnte wéinst de ville Leit net no un hien erukommen.
[20] Et sot een zu him: „Deng Mamm an deng Geschwëster stinn dobaussen a géifen dech gär gesinn.“
[21] Mee hien huet hinne geäntwert: „Meng Mamm a meng Geschwëster sinn déijéineg, déi d’Wuert vu Gott héieren an deemno handelen.“
[22] Enges Daags ass hie mat senge Jénger an en Naache geklommen. „Loosst eis eriwwer op den aneren Uwänner fueren“, sot hien zu hinnen. Si hunn ofgestouss.
[23] Iwwerdeems si gefuer sinn, ass hien ageschlof. Dunn ass e Stuerm iwwert dem Séi opkomm an den Naachen ass mat Waasser vollgelaf, esou datt si a Gefor waren.
[24] Du gounge si bei hien an hunn hie waakreg gemaach. „Meeschter, Meeschter, mir ginn ënner!“ Hien ass opgestanen an huet dem Wand an de Welle gedreet. Si hu sech geluecht an alles ass stëll ginn.
[25] „Wou ass äre Glawen?“, huet hie se gefrot. Si hate schrecklech Angscht a ware verwonnert. Si hunn een deen anere gefrot: „Wien ass hien? Hie befeelt esouguer dem Wand an dem Waasser a si follegen him!“
[26] Si hunn an der Géigend vun de Gadarener ugeluecht, dat géintiwwer vu Galilea läit.
[27] Wéi hien u Land goung, ass him e Mann aus der Stad begéint, dee schonn zënter laangem Dämonen hat. Hien huet keng Kleeder gedroen an huet och net an engem Haus gewunnt, mee tëschent de Griewer.
[28] Wéi hien de Jesus erbléckst huet, huet hie Kreesch gedoen, sech virun him niddergehäit a mat haarder Stëmm geruff: „Wat wëlls du vu mir, Jesus, Jong vum Allerhéchste Gott? Ech bieden dech, péngeg mech net!“
[29] De Jesus hat dem onrenge Geescht nämlech virdru befuel, fir aus dem Mann erauszefueren. De Geescht hat de Mann schonn dacks gepaakt. De Mann gouf a Ketten a Fessele geluecht a gouf bewaacht. Mee hien hat d’Fesselen zerrass a gouf vum Dämon an d’Wüst gedriwwen.
[30] „Wéi heeschs du?“, huet de Jesus hie gefrot. „Legioun“, huet dee geäntwert. Et waren nämlech vill Dämonen, déi an hie gefuer waren.
[31] Hien huet de Jesus ugebiedelt, hinnen net ze befeelen, an déi onendlech Déift ze fueren.
[32] Dee Moment war eng grouss Häerd Schwäin grad am Gaang, um Bierg ze weeden. Si hunn hien ugebiedelt, fir hinnen ze erlaben, an d’Schwäin ze fueren. Hien huet hinnen dat erlaabt.
[33] Du sinn d’Dämonen aus dem Mann eraus an d’Schwäin gefuer. D’Häerd huet sech den Hang erof an de Séi gestierzt an ass ersoff.
[34] Wéi d’Schwéngshierte gesinn hunn, wat geschitt war, si si fortgelaf an hunn dovunner an der Stad an um Land verzielt.
[35] Doropshi goungen d’Leit eraus, fir ze kucken, wat geschitt war. Wéi si beim Jesus ukoumen, hu si de Mann, aus deem d’Dämonen erausgefuer waren, beim Jesus senge Féiss sëtze gesinn. Hie war ugedoen a bei klorem Verstand. Du krute si et mat der Angscht ze dinn.
[36] Déi, déi alles gesinn haten, hunn hinnen och dovu verzielt, wéi den dämonbesiessene Mann geheelt gouf.
[37] Dunn huet d’ganz Vollek aus der Ëmgéigend vun de Gadarener hie gefrot, fir si ze verloossen, well si vun enger grousser Angscht gepaakt goufen. Dunn ass hien an en Naache geklommen an nees hanneschtgefuer.
[38] De Mann, aus deem d’Dämonen erausgefuer waren, huet gebiedelt, fir bei him bleiwen ze kënnen. Mee de Jesus huet hie fortgeschéckt a sot:
[39] „Géi nees heem a verziel, wéi vill Gott fir dech gemaach huet.“ Doropshi goung hie vun do fort an huet uechter d’ganz Stad alles verkënnegt, wat de Jesus fir hie gemaach hat.
[40] Wéi de Jesus dunn zeréckkoum, hunn d’Leit hie wëllkomm geheescht, well si all op hie gewaart haten.
[41] Duerno koum e Mann erbäi, dee Ya’ir geheescht huet an deen Haapteelste an der Synagog war. Hien huet sech dem Jesus virun d’Féiss geworf an huet hien ugebiedelt, fir bei hien heem ze kommen.
[42] Hien hat nämlech eng eenzeg Duechter, déi zwielef Joer al war an déi um Stierwe louch. Wéi de Jesus um Wee dohinner war, hunn d’Leit hie bal erdréckt.
[43] Eng Fra, déi schonn zwielef Joer laang Bluddungen hat an hire ganze Liewensënnerhalt un Dokteren ausginn hat a vu kengem geheelt konnt ginn,
[44] koum vun hanne bei hien an huet d’Zizit vu sengem Tallit beréiert. Eenzock hunn hir Bluddungen opgehalen.
[45] „Wien huet mech beréiert?“, huet de Jesus gefrot. Et wollt keen et gewiescht sinn. Du soten de Péitrus an déi, déi bei him waren: „Meeschter, d’Leit drécke sech ëm dech an erdrécken dech bal an du frees, wien dech beréiert huet!“
[46] „Iergendeen huet mech beréiert, well ech hu gefillt wéi Kraaft vu mir ausgoung“, huet de Jesus geäntwert.
[47] Wéi d’Fra realiséiert huet, datt si net onbemierkt bliwwe war, huet si geziddert, mee si koum no vir, fir sech virun him nidderzegeheien. Si huet him virun all de Leit erzielt, firwat si hie beréiert hat a wéi si eenzock geheelt gouf.
[48] „Meng Duechter, hief Courage!“, sot hien zu hir. „Däi Glawen huet dech geheelt. Géi a Fridden!“
[49] Wéi hien nach am Gaang war, ze schwätzen, koum een aus dem Stot vum Haapteelste vun der Synagog dohinner a sot zu him: „Deng Duechter ass gestuerwen. Stéier de Léiermeeschter net méi.“
[50] Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien him geäntwert: „Hief keng Angscht! Gleef einfach an hatt gëtt geheelt.“
[51] Wéi de Jesus an d’Haus koum, huet hie kengem erlaabt, mat eranzekommen, ausser dem Péitrus, dem Jacques, dem Jean an dem Papp an der Mamm vum Meedchen.
[52] Jiddereen huet wéinst dem Meedche senger gekrasch an huet sech op d’Broscht geschloen. „Kräischt dach net! Hatt ass net dout, hatt schléift just“, sot de Jesus zu hinnen.
[53] Si hunn hien ausgelaacht, well si woussten, datt hatt dout war.
[54] Mee hien huet jidderee virun d’Dier gesat, huet hatt mat der Hand geholl a geruff: „Klengt Meedchen, stéi op!“
[55] Du koum säi Geescht nees an hatt zeréck an hatt ass eenzock opgestanen. Hien huet den Uerder ginn, him eppes z’iessen ze ginn.
[56] Seng Eltere ware verwonnert, mee hien huet hinne befuel, kengem dovunner ze verzielen, wat geschitt war.