[1] Duerno hunn all d’Steierandreiwer an aner Sënner sech ëm de Jesus versammelt, fir him nozelauschteren.
[2] D’Pharisäer an d’Léiermeeschtere vum Gesetz hu gegrommelt: „Dee Mann hei hält sech mat Sënner op an ësst mat hinnen.“
[3] Dofir huet de Jesus hinnen dëst Gläichnes verzielt:
[4] „Wann ee vun iech honnert Schof hätt an hie géif eent vun hinne verléieren, géif hien dann net déi néngannonzeg an der Wüst zeréckloossen a sech op d’Sich no deem Verluerene maachen, bis hien et fonnt hätt?
[5] Wann hien et fonnt huet, leet hien et voller Freed op seng Schëlleren.
[6] Da kënnt hien heem, rifft seng Frënn an Noperen zesummen a seet zu hinnen: ‚Freet iech zesumme mat mir, well ech hu mäi Schof, dat verluer war, erëmfonnt!‘
[7] Ech soen iech, geneesou gëtt et am Himmel méi Freed iwwert ee Sënner, deen ëmkéiert, wéi iwwert néngannonzeg Gerechter, déi et net néideg hunn ëmzekéieren.
[8] Oder huelt eng Fra, déi zéng Sëlwermënzen huet an eng verléiert. Fänkt si dann net eng Luucht un, kiert d’Haus a sicht genee, bis si d’Mënz fonnt huet?
[9] Wa si se fonnt huet, rifft si hir Frënn an Noperen zesummen a seet: ‚Freet iech zesumme mat mir, well ech hunn d’Mënz, déi ech verluer hat, erëmfonnt!‘
[10] Ech soen iech, geneesou ass och Freed virun den Engele vu Gott iwwert ee Sënner, deen ëmkéiert.“
[11] Du sot hien: „Et war e Mann, deen zwee Jongen hat.
[12] De jéngste vun hinne sot zu sengem Papp: ‚Papp, gëff mir meng Deel vum Besëtz, dee mir zousteet.‘ De Papp huet säi Besëtz dunn opgedeelt.
[13] Net laang duerno huet de Jéngsten alles zesummegeraf an huet sech op de Wee gemaach an e Land, dat wäit ewech louch. Do huet hie säi ganze Besëtz verpolvert, well hien op groussem Fouss gelieft huet.
[14] Wéi hien alles ausginn hat, koum eng schro Hongersnout iwwert dat Land an et huet ugefaangen, him um Néidegen ze feelen.
[15] Du goung hien hin an huet sech an den Déngscht vun engem Bierger vun deem Land gestallt. Deen huet hien op d’Weed erausgeschéckt, fir d’Schwäin ze hidden.
[16] Hien hätt sech gär säi Bauch mat de Scheeken, déi d’Schwäin gefriess hunn, gefëllt, mee et huet keen him eppes dovunner ginn.
[17] Wéi hie sech beduecht huet, sot hien: ‚Wéi vill vu mengem Papp sengen Doléiner hu Brout méi wéi genuch an ech stierwen hei vun Honger!
[18] Ech maache mech op de Wee a ginn erëm bei mäi Papp heem a soen dann zu him: „Papp, ech hu géint den Himmel a géint dech gesënnegt.
[19] Ech sinn net méi wierdeg däi Jong genannt ze ginn. Maach mech zu engem vun dengen Doléiner.“‘
[20] Hien huet sech op de Wee gemaach a koum bei säi Papp zeréck. Wéi hien nach wäit ewech war, huet säi Papp hie gesi kommen an hat Matleed mat him. Hien ass sengem Jong entgéintgelaf, ass him ëm den Hals gefall an huet hie gekësst.
[21] Säi Jong sot zu him: ‚Papp, ech hu géint den Himmel a géint dech gesënnegt. Ech sinn net méi wierdeg, däi Jong genannt ze ginn.‘
[22] Mee de Papp sot zu sengen Dénger: ‚Bréngt dat bescht Kleed heihin an ditt him et un. Ditt him e Rank u säi Fanger a Sandalen u seng Féiss.
[23] Bréngt dat gemäschtent Kallef a schluecht et. Loosst eis iessen a feieren.
[24] Mäi Jong war nämlech dout an ass nees lieweg ginn; hie war verluer an ass erëmfonnt ginn.‘ Dunn hu si mat Feieren ugefaangen.
[25] Säin eelste Jong war op der Gewan. Wéi hien zeréckkoum an ëmmer méi no bei d’Haus koum, huet hie Musek an Danzen héieren.
[26] Dunn huet hien ee vun den Dénger geruff an hie gefrot, wat lass wier.
[27] Den Dénger sot zu him: ‚Däi Brudder ass heemkomm. Däi Papp huet dat gemäschtent Kallef geschluecht, well hien hie gesond erëmkrut.‘
[28] Du gouf den eelste Jong rosen a wollt net eragoen. Dofir koum säi Papp eraus an huet him gutt zougeriet,
[29] mee hie sot zu sengem Papp: ‚Kuck, esou vill Joren déngen ech dir elo! Ech sinn ni géint deng Uerdere gaangen. Mee du hues mir net emol eng eenzeg Kéier e jonke Geessebock ginn, fir mat menge Frënn feieren ze kënnen.
[30] Soubal awer dëse Jong vun dir, deen däi ganzt Verméige mat Houere verpolvert huet, zeréckkoum, hues du dat gemäschtent Kallef fir hie geschluecht!‘
[31] Säi Papp sot zu him: ‚Fils, du bass ëmmer bei mir an alles, wat Mäint ass, ass Däint.
[32] Elo musse mir dach feieren an eis freeën, well däi Brudder dout war an nees lieweg ass; hie war verluer an ass erëmfonnt ginn.‘“