[1] De Jesus goung a Jericho eran an ass duerch d’Stad gaangen.
[2] Do gouf et e Mann, dee Sackai geheescht huet. Hie war e Chef vun de Steierandreiwer a war e räiche Mann.
[3] Hie wollt gäre gesinn, wien de Jesus wier, mee krut e wéinst deene ville Leit net ze gesinn. Hie war nämlech kleng.
[4] Dofir ass de Sackai no vir gelaf an ass op e Maulbierfigebam geklommen, fir de Jesus ze gesinn, well deen do laanschtgoe sollt.
[5] Wéi de Jesus op déi Plaz koum, huet hien eropgekuckt an de Sackai erbléckst. „Sackai, klamm séier erof, well ech muss haut an dengem Haus zu Gaascht sinn“, sot hien zu him.
[6] De Sackai ass séier erofgeklommen an huet de Jesus voller Freed empfaangen.
[7] Déi, déi dat gesinn hunn, hunn all gegrommelt: „Hien ass bei engem Sënner agekéiert, fir do zu Gaascht ze sinn!“
[8] Duerno stoung de Sackai op a sot zum Här: „Kuck, Här! Ech ginn d’Halschent vu mengem Besëtz den Aarmen. A wann ech iergendee bedrunn hunn, da ginn ech him et véierfach erëm.“
[9] „Haut ass Rettung an dëst Haus komm, well och dëse Mann ass e Jong vum Abraham“, sot de Jesus zu him.
[10] „De Jong vum Mënsch ass nämlech komm, fir dat ze sichen an ze retten, wat verluer ass.“
[11] Wéi si dat alles héieren hunn, huet hien hinnen en anert Gläichnes verzielt, well hien no bei Jerusalem war a well si gemengt hunn, datt d’Kinnekräich vu Gott direkt erschénge géif.
[12] Dofir sot hien: „E Mann vun Adel goung an e Land, dat wäit ewech louch, fir do zum Kinnek gemaach ze ginn an duerno zeréckzekommen.
[13] Hien huet zéng vu sengen Dénger zesummegeruff, hinnen zéng Minae ginn a sot zu hinnen: ‚Schafft heimat, bis ech zeréckkommen!‘
[14] Mee seng Bierger hunn hie gehaasst an hunn him eng Delegatioun nogeschéckt an dem Adelege sengem Meeschter soe gelooss: ‚Mir wëllen net, datt dëse Mann iwwert eis regéiert.‘
[15] Nodeems den Adelegen zum Kinnek gemaach gi war, ass hien heemkomm. Hien huet seng Dénger, deenen hien d’Sue ginn hat, bei sech ruffe gelooss, fir erauszefannen, wéi vill all eenzelnen duerch d’Geschäft verdéngt hat.
[16] Den éischte koum bei hien a sot: ‚Meeschter, deng Mina huet zéng weider Minaen abruecht.‘
[17] Dee sot zu him: ‚Gutt gemaach, gudden Dénger! Du waars a Wéinegem trei, dofir solls du Här iwwert zéng Stied sinn.‘
[18] Du koum den zweete bei hien a sot: ‚Meeschter, deng Mina huet fënnef weider Minaen abruecht.‘
[19] Och zu deem sot hien: ‚Regéier iwwert fënnef Stied.‘
[20] Du koum en anere bei hien a sot: ‚Meeschter, hei ass deng Mina, déi ech an engem Nuesschnappech versuergt hunn.
[21] Ech hunn dech nämlech gefaart, well s du esou e strenge Mann bass. Du hëls dir dat, wat s du net abezuelt hues, an du hëls dat eran, wat s du net geséit hues.‘
[22] Zu deem sot den Adelegen: ‚Mat dengen eegene Wierder veruerteelen ech dech, du béisen Dénger! Du wousst, datt ech e strenge Mann wier: datt ech mir dat huelen, wat ech net abezuelt hunn, an dat eranhuelen, wat ech net geséit hunn.
[23] Firwat hues du meng Suen dann net op d’Bank gedroen? Wann ech da komm wier, hätt ech kéinten d’Zomm mat den Zënsen ophiewen.‘
[24] Hie sot zu deenen, déi dobäi stoungen: ‚Huelt him d’Mina ewech a gitt deem se, deen der zéng huet.‘
[25] Mee si soten zu him: ‚Meeschter, hien huet dach schonns zéng Minaen.‘
[26] ‚Ech soen iech, datt jiddereen, dee schonns huet, nach méi kritt, a wien net huet, kritt esouguer dat, wat hien huet, ewechgeholl.
[27] Bréngt mir elo meng Feinden heihinner, déi net wollten, datt ech iwwert si regéiere sollt, a bréngt si hei viru mir ëm.‘“
[28] Nodeems de Jesus dat gesot hat, ass hie weidergezunn a goung erop op Jerusalem.
[29] Wéi hien no bei Betfage a bei Betanien war, beim Bierg, deen Olivebierg heescht, huet hien zwee vu senge Jénger virausgeschéckt
[30] a sot zu hinnen: „Gitt an dat nächst Duerf. Wann dir do erakommt, fannt dir en Ieselsfillen, dat ugestréckt ass an op deem nach ni ee geridden ass. Bannt et lass a bréngt et heihinner.
[31] Wann een iech freet: ‚Firwat bannt dir et lass?‘, da sot zu him: ‚Den Här brauch et.‘“
[32] Déi, déi ausgeschéckt goufen, sinn dohigaangen an hunn alles esou virfonnt, wéi hien hinnen et gesot hat.
[33] Wéi si d’Ieselsfille lassgebonnen hunn, hunn d’Besëtzer vum Fille gefrot: „Firwat bannt dir d’Fille lass?“
[34] Si soten: „Den Här brauch et.“
[35] Dunn hu si et bei de Jesus bruecht. Si hunn hir Mäntel iwwert d’Fille geluecht an hunn dem Jesus gehollef, fir drop ze klammen.
[36] De Jesus ass du weidergezunn a vill Leit hunn hir Mäntel iwwert d’Strooss ausgebreet.
[37] Wéi hie méi no bei de Wee koum, dee vum Olivebierg erofgeféiert huet, huet d’ganz Mass vun de Jénger sech gefreet a Gott mat haarder Stëmm gelueft, wéinst all de mächtegen Doten, déi si gesinn haten:
[38] „Geseent ass de Kinnek, deen am Numm vum Här kënnt! Fridden am Himmel an Éier dem Allerhéchsten!“ (Psalmen 118,26)
[39] E puer Pharisäer hunn him aus der Mass Leit zougeruff: „Léiermeeschter, weis deng Jénger zurecht!“
[40] Mee hien huet hinne geäntwert: „Ech soen iech, wann déi hei de Mond halen, da jäizen d’Steng!“
[41] Wéi hie méi no bei d’Stad koum a se gesinn huet, huet hie wéinst hirer gekrasch.
[42] Hie sot: „Häss dach och du nëmmen op dësem Dag, deen däin ass, erkannt, wat dengem Fridden déngt! Elo bleift et awer virun dengen Ae verstoppt.
[43] D’Zäit kënnt nämlech iwwert dech, an där deng Feinden eng Wallmauer ëm dech bauen, dech belageren an dech vun alle Säiten anengen.
[44] Si maachen dech dem Buedem gläich, du an deng Kanner, déi an dir wunnen. Si loosse kee Steen op deem aneren, well s du d’Zäit net erkannt hues, an där Gott dech inspizéiert huet!“
[45] Du goung hien an den Tempel an huet ugefaangen, déi erauszejoen, déi dra kaf a verkaf hunn.
[46] Hie sot zu hinnen: „Et steet geschriwwen: ‚Mäin Haus ass en Haus vum Gebiet‘, (Yesaia 56,7) mee dir hutt eng Raiberhiel draus gemaach.“ (Yeremia 7,11)
[47] Hien huet all Dag am Tempel enseignéiert. Déi iewescht Priister, d’Léiermeeschtere vum Gesetz an déi Iewescht vum Vollek hunn e Wee gesicht, fir hien ëmzebréngen,
[48] mee si woussten net, wéi si et maache sollten, well d’ganz Vollek him um Mond gehaangen huet.