[1] Enges Daags huet de Jesus op enger Plaz gebiet. Wéi hie fäerdeg mat Biede war, huet ee vu senge Jénger zu him gesot: „Här, léier eis ze bieden, esou wéi de Jean seng Jénger et geléiert huet.“
[2] Hie sot zu hinnen: „Wann dir biet, da sot: ‚Eise Papp am Himmel, gehellegt sief däin Numm. Däi Kinnekräich soll kommen. Däi Wëlle soll geschéien, wéi am Himmel esou och op der Äerd.
[3] Gëff eis Dag fir Dag eist deeglecht Brout.
[4] Erlooss eis eis Sënnen, a mir erloossen och deenen dat, wat si eis schëlleg sinn. Féier eis net an d’Versuchung, mee erléis eis vum Béisen.‘“
[5] Hie sot zu hinnen: „Huelt un, dir hätt e Frënd a géift ëm Hallefnuecht bei e goen an e froen: ‚Frënd, kéints du mir dräi Ruechte Brout ginn?
[6] E Frënd vu mir ass nämlech op senger Rees bei mech komm an ech hunn näischt, fir him z’offréieren.‘
[7] An dee géif vu bannen äntweren: ‚Stéier mech net! D’Dier ass schonns zougespaart a meng Kanner an ech si schonn am Bett. Ech kann net opstoen an dir eppes ginn.‘
[8] Ech soen iech: Och wann hien net opsteet, fir him eppes ze ginn, well hie säi Frënd ass, da steet hien nawell wéinst senger Onverschimmtheet op a gëtt him esou vill, wéi e brauch.
[9] Geneesou soen ech iech: Frot an da kritt dir; sicht an da fannt dir; klappt un an et gëtt iech opgemaach;
[10] well jiddereen, dee freet, kritt a jiddereen, dee sicht, fënnt an deem, deen uklappt, gëtt opgemaach.
[11] Wie vun iech Pappe géif sengem Jong e Stee ginn, wann hien ëm Brout freet? Oder wann hien ëm e Fësch freet, géift dir him eng Schlaang amplaz vun engem Fësch ginn?
[12] Oder wann hien ëm en Ee freet, géif dir him e Skorpioun ginn?
[13] Wann dir schonn, déi dir béis sidd, wësst, äre Kanner gutt Kaddoen ze maachen, ëm wéi vill méi wäert den himmlesche Papp deenen den hellege Geescht ginn, déi hien dorëm froen?“
[14] De Jesus huet en Dämon ausgedriwwen, dee stomm war. Nodeems den Dämon erausgefuer war, huet de Stomme geschwat an d’Leit ware verwonnert.
[15] Etlech vun hinne soten awer: „Hien dreift d’Dämonen duerch de Beelsebul aus, de Prënz vun den Dämonen.“
[16] Anerer hunn hien op d’Prouf gestallt an en Zeeche vum Himmel vun him verlaangt.
[17] Mee de Jesus huet hir Gedanken erkannt a sot zu hinnen: „All Kinnekräich, wat a sech selwer gespléckt ass, geet zu Grond an e Stot, deen a sech selwer gespléckt ass, fält zesummen.
[18] Wann awer de Satan a sech selwer gespléckt wier, wéi kéint säi Kinnekräich bestoe bleiwen? Dir sot jo, datt ech d’Dämonen duerch de Beelsebul ausdreiwen.
[19] Wann ech duerch de Beelsebul Dämonen ausdreiwen, duerch wien dreiwen dann är Kanner se aus? Dofir gi si zu äre Riichteren.
[20] Wann ech awer Dämonen duerch de Fanger vu Gott ausdreiwen, dann ass effektiv d’Kinnekräich vu Gott bei iech komm.
[21] Wann e staarke Mann säin eegenen Haff mat Waffe bewaacht, dann ass säi Besëtz a Sécherheet.
[22] Mee wa méi e staarken hien ugräift an hie Meeschter gëtt, dann hëlt dee méi Staarken him seng ganz Rüstung ewech, op déi hie sech verlooss huet, a verdeelt alles, wat hie geklaut huet.
[23] Wien net mat mir ass, ass géint mech a wien net mat mir sammelt, dee verspreet.
[24] Wann en onrenge Geescht aus engem Mënsch fiert, zitt en duerch dier Plazen, fir Rou ze sichen. E fënnt awer keng an dofir seet en: ‚Ech ginn hannescht a mäin Heem, vu wou ech koum.‘
[25] Wann hien heemkënnt, fënnt hien et gekiert a geraumt.
[26] Da geet hien hin an hëlt siwen aner Geeschter mat sech, déi méi béis si wéi hien, a si fueren do eran a bleiwen dra wunnen. Esou gëtt de leschten Zoustand vum Mënsch méi schro wéi den éischten.“
[27] Wéi de Jesus dat alles sot, huet eng Fra aus der Mass vu Leit hir Stëmm erhuewen a sot zu him: „Geseent ass de Mammeläif, deen dech gedroen huet an och déi Broscht, déi dech geniert huet!“
[28] Mee de Jesus huet geäntwert: „Villméi sinn déi geseent, déi d’Wuert vu Gott héieren a sech drun halen!“
[29] Wéi sech ëmmer méi Leit versammelt hunn, huet de Jesus ugefaangen ze soen: „Dës Generatioun ass eng béis. Si sicht no engem Zeechen, mee si kritt keen Zeechen, ausser dem Zeeche vum Prophéit Yona.
[30] Esou wéi de Yona en Zeeche fir d’Leit aus Nineve gouf, esou ass de Jong vum Mënsch e fir dës Generatioun.
[31] D’Kinnigin vum Süde steet um Geriicht zesumme mat de Männer vun dëser Generatioun op a veruerteelt si. Si koum nämlech vum Enn vun der Äerd, fir dem Salomon seng Wäisheet ze héieren. Kuckt, et ass een hei, dee méi wichteg ass wéi de Salomon.
[32] D’Männer aus Nineve stinn um Geriicht zesumme mat dëser Generatioun op a veruerteele si, well si ëmgekéiert hunn, wéi de Yona hinne gepriedegt huet. Kuckt, et ass een hei, dee méi wichteg ass wéi de Yona.
[33] Et fänkt keen eng Luucht un, fir se op eng heemlech Plaz oder ënnert e Sieschterkuerf ze stellen, mee hie stellt se op e Liichter, fir datt déi, déi erakommen, d’Liicht kënne gesinn.
[34] D’Luucht vum Kierper ass d’A. Wann däin A gutt ass, dann ass däi ganze Kierper voller Liicht. Mee wann et béis ass, dann ass däi Kierper voller Däischtert.
[35] Gëff dofir uecht, datt d’Liicht an dir net Däischtert ass!
[36] Wann däi ganze Kierper voller Liicht ass a keen Deel Däischtert dran ass, dann ass e voller Liicht, wéi wann eng Luucht dech beliicht.“
[37] Wéi hie geschwat huet, huet e Pharisäer de Jesus invitéiert, fir bei hien iessen ze kommen. De Jesus goung bei hien an huet beim Dësch Plaz geholl.
[38] Wéi de Pharisäer dat gesinn huet, war hien iwwerrascht, datt de Jesus virum Iessen net fir d’éischt mam ganze Kierper ënnert d’Waasser duerchgaange war, fir sech ze rengegen.
[39] Du sot den Här zu him: „Dir Pharisäer maacht zwar de Becher an den Teller bausse propper, mee bannendra fëllt dir se mam Wonsch, fir ze klauen a béis ze sinn.
[40] Dir Toperten! Huet net deen, deen dat Baussenzegt erschafen huet, och dat Bannenzegt erschafen?
[41] Gitt léiwer Almosen aus deem, wat an iech ass, an dann ass alles fir iech reng.
[42] Wéi schrecklech ass et fir iech Pharisäer! Dir gitt nämlech en Zéngtel vu Peffermënz, Wäiraut an och jidder Zort vu Kraider of, mee dir vernoléissegt d’Gerechtegkeet an d’Léift vu Gott. Dat alles hätt dir maache sollen, ouni dat anert z’ënnerloossen.
[43] Wéi schrecklech ass et fir iech Pharisäer! Dir hutt nämlech déi bescht Plaz an de Synagoge gär a gitt och gär op de Maartplaze gegréisst.
[44] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir sidd nämlech ewéi Griewer, déi een net gesäit, an d’Leit, déi driwwer ginn, si sech däers net bewosst.“
[45] Dunn huet ee vun de Experten am Gesetz him geäntwert: „Léiermeeschter, du beleidegs eis mat denge Wierder!“
[46] Mee hien huet geäntwert: „Wéi schrecklech ass et fir iech Experten am Gesetz! Dir luet de Mënschen nämlech Laaschten op, déi schwéier ze droe sinn, an dir selwer réiert déi Laaschten net emol mat engem Fanger un.
[47] Wéi schrecklech ass et fir iech! Dir baut nämlech d’Monumenter fir d’Prophéiten an är Pappen hu si ëmbruecht.
[48] Esou bezeit dir, datt dir d’Dote vun äre Pappe gutt heescht; well si hunn d’Prophéiten effektiv ëmbruecht an dir baut hinne Monumenter.
[49] Dofir sot och d’Wäisheet vu Gott: ‚Ech schécke Prophéiten an Apostele bei si an en etlech vun hinne gi vun hinnen ëmbruecht a verfollegt‘,
[50] fir datt d’Blutt vun all de Prophéiten, dat säit der Grënnung vun der Welt ausgeschott gouf, vun dëser Generatioun zeréckverlaangt gëtt,
[51] vum Blutt vum Abel bis zum Blutt vum Sacharia, deen tëschent dem Altor an dem Tempel ëmbruecht gouf. Jo, ech soen iech, dat gëtt vun dëser Generatioun zeréckverlaangt.
[52] Wéi schrecklech ass et fir iech Experten am Gesetz! Dir hutt nämlech de Schlëssel vun der Erkenntnes ewechgeholl. Dir sidd selwer net eragaangen an dir hutt déi, déi am Gaang waren, eranzegoen, dovunner ofgehalen.“
[53] Nodeems hien dat alles gesot hat, hunn d’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer him dat nogedroen an hunn him mat hire ville Froe staark zougesat.
[54] Si wollten him eng Fal stellen, fir hie mat sengen eegene Wierder ze fänken, esou datt si hien ukloe kéinten.