[1] Bannent där Zäit, hu sech onmoosseg vill Leit versammelt, esou datt si een deem aneren op d’Féiss getrëppelt hunn. Du sot de Jesus fir d’éischt zu senge Jénger: „Hitt iech virum Deessem vun de Pharisäer, dat heescht hirer Schäinhellegkeet.
[2] Et gëtt nämlech näischt, wat zougedeckt ass, wat net opgedeckt gëtt, an näischt, wat verstoppt ass, wat net bekannt gëtt.
[3] Wat dir am Däischtere gesot hutt, dat gëtt am Liicht gehéiert, a wat dir an de Kabaisercher an d’Ouer gepëspert hutt, dat gëtt vun den Diech aus verkënnegt.
[4] Ech soen iech, meng Frënn, hutt keng Angscht virun deenen, déi de Kierper ëmbréngen, mee duerno näischt weider maache kënnen.
[5] Ech weisen iech, wien dir fäerte sollt: Fäert deen, deen nodeems hien ëmbruecht huet, och d’Muecht huet, fir an d’Gehenna ze geheien! Jo, ech soen iech, fäert deen!
[6] Ginn net fënnef Spatze fir zwou Koffermënze verkaf? An dach ass kee vun hinne viru Gott vergiess.
[7] Jo, esouguer d’Hoer op ärem Kapp sinn alleguer gezielt. Hutt dofir keng Angscht! Dir sidd méi wäert wéi vill Spatzen.
[8] Mee ech soen iech, wie sech virun de Mënschen zu mir bekennt, zu deem bekennt och de Jong vum Mënsch sech virun den Engele vu Gott.
[9] Mee wie mech virun de Mënsche verleegent, dee gëtt och virun den Engele vu Gott verleegent.
[10] Jiddereen, deen e Wuert géint de Jong vum Mënsch seet, kritt verzien. Mee wie géint den hellege Geescht lästert, dee kritt net verzien.
[11] Wa si iech awer virun d’Synagogen, virun d’Herrscher an d’Autoritéite bréngen, maacht iech keng Suergen doriwwer, wéi dir iech oder mat wat dir iech veräntwere sollt oder wat dir soe sollt.
[12] Den hellege Geescht léiert iech nämlech an deem Moment, wat dir soe sollt.“
[13] Du sot een aus de ville Leit zu him: „Léiermeeschter, so mengem Brudder, datt hien d’Ierfschaft mat mir deele soll.“
[14] „Mënsch, wien huet mech als Riichter iwwert iech agesat oder als Mediateur, fir an ärer Ierfschaft ze arbitréieren?“, huet de Jesus him geäntwert.
[15] Duerno sot hien zu hinnen: „Gitt uecht an hitt iech virun der Rangstegkeet! Dem Mënsch säi Liewen hänkt nämlech net vu sengem Besëtz of, egal wéi räich hien ass.“
[16] Hien huet hinnen dëst Gläichnes verzielt: „De Buedem vun engem Räichen huet ganz vill gedroen.
[17] Deen duecht sech: ‚Wat soll ech elo maachen? Ech hu keng Plaz, fir meng Recolte ze lageren?‘
[18] Hie sot: ‚Ech maache Folgendes: Ech rappe meng Scheieren of a baue méi grousser. Do dra kann ech da meng ganz Recolte a mäi ganze Besëtz lageren.
[19] Da kann ech mir selwer soen: „Du hues elo eng grouss Reserve fir eng Rei Joren. Rascht elo – iess, drénk a sief gudder Déng!“‘
[20] Mee Gott sot zu him: ‚Du Topert! Nach hënt gëtt deng Séil vun dir gefuerdert. Wie kritt dann all dat, wat s du opgekéipt hues?‘
[21] Esou geet et deem, dee fir sech selwer Räichtum opkéipt, mee net räich vis-à-vis vu Gott ass.“
[22] Du sot hien zu senge Jénger: „Dofir soen ech iech, maacht iech keng Suergen iwwert äert Liewen, iwwert dat, wat dir iesse sollt, an och net iwwert äre Kierper, iwwert dat, wat dir undoe sollt.
[23] D’Liewe besteet nämlech aus méi wéi aus Iessen an de Kierper aus méi wéi aus Kleeder.
[24] Observéiert emol d’Kueben: Si séien net a ginn och net an de Karschnatz; si hu keng Spënnchen an och keng Scheier an dach fiddert Gott si. Dir sidd dach vill méi wäert wéi d’Vigel!
[25] A wie vun iech ka säi Liewen ëm een Abléck verlängeren, andeems hie sech Suerge mécht?
[26] Wann dir mol net capabel sidd esou eng Klengegkeet fäerdegzebréngen, firwat maacht dir iech Suergen ëm de Rescht?
[27] Observéiert emol d’Lilien, wéi si wuessen: Si schaffen net a si spannen net. An dach soen ech iech, datt esouguer de Salomon a senger ganzer Herrlechkeet, net esou gekleet war wéi eng vun dëse Blummen.
[28] Wa Gott d’Gras, dat haut op der Gewan steet a muer an den Uewe gehäit gëtt, esou kleet, ëm wéi vill méi kleet hien iech, dir Klenggleeweg?
[29] Strieft also net no deem, wat dir iesse sollt, oder no deem, wat dir drénke sollt, an zerbriecht iech net de Kapp doriwwer.
[30] D’Natioune vun der Welt striewen nämlech no all deem; äre Papp weess awer, datt dir all dat braucht.
[31] Strieft éischter nom Kinnekräich vu Gott, da gëtt iech all dat bäigefüügt.
[32] Fäert net, kleng Häerd, well ärem Papp mécht et Freed, fir iech d’Kinnekräich ze ginn.
[33] Verkaaft äre Besëtz a gitt Almosen. Esou schaaft dir iech Portmonnien, déi net verschläissen, e Schatz am Himmel, deen ni vergeet, wou keen Déif hikënnt a keng Matt e frësst.
[34] Do, wou äre Schatz ass, do ass och äert Häerz.
[35] Sidd prett an ugedoen, fir ze schaffen, a loosst är Luuchte brennen!
[36] Sidd ewéi Mënschen, déi op hire Meeschter waarden, wann hie vun der Hochzäit zeréckkënnt, fir datt si prett sinn, fir him eenzock opzemaachen, wann hien heemkënnt an uklappt.
[37] Geseent sinn déi Dénger, déi de Meeschter waakreg virfënnt, wann hien zeréckkënnt. Ech soen iech d’Wourecht: Hien deet d’Schaffgezei un, léisst si bei Dësch Plaz huelen an zerwéiert si.
[38] Sollt hien awer an der zweeter oder an der drëtter Wuecht kommen an hie si prett virfënnt – geseent sinn dës Dénger.
[39] Verstitt dat hei: Wann den Haushär gewosst hätt, um wéi vill Auer den Déif komme géif, dann hätt hien opgepasst an net zougelooss, datt géif a säin Haus agebrach ginn.
[40] Dofir sollt och dir iech prett halen, well de Jong vum Mënsch zu enger Stonn kënnt, an där dir hien net erwaart.“
[41] Dunn huet de Péitrus hie gefrot: „Här, ziels du dëst Gläichnes nëmme fir eis oder och fir all déi aner?“
[42] Den Här huet geäntwert: „Wien ass dann deen treien a weise Verwalter, deen de Meeschter iwwert d’Gesënner setzt, fir datt hien hinnen zur richteger Zäit hiren Undeel un Iesse gëtt?
[43] Geseent ass deen Dénger, deen de Meeschter domat beschäftegt virfënnt, wann hien zeréckkënnt.
[44] Ech soen iech d’Wourecht! De Meeschter mécht hien zum Verwalter vu sengem ganze Besëtz.
[45] Mee wann deen Dénger bei sech denkt: ‚Mäi Meeschter kënnt nach esou bal net‘, an hie fänkt un, déi aner Dénger a Meed ze beetschen, z’iessen, ze drénken a sech voll lafen ze loossen,
[46] da kënnt de Meeschter vun deem Dénger op engem Dag zeréck, op deem hien en net erwaart, an zu enger Stonn, déi hien net kennt. Als Strof gäisselt säi Meeschter hien a gëtt him säin Undeel bei den Ongleewegen.
[47] Deen Dénger, dee sengem Meeschter säi Wëlle kennt, awer näischt virbereet an net dat mécht, wat säi Meeschter wëllt, dee gëtt zerguttst zerschloen.
[48] Mee deen, deen et net besser weess, mee eppes mécht, fir dat hie Schléi verdéngt hätt, gëtt wéineg geschloen. Jiddereen, dee vill krut, vun deem gëtt vill verlaangt; wiem vill uvertraut gouf, vun deem gëtt ëmsou méi verlaangt.
[49] Ech si komm fir Feier op d’Äerd ze geheien a wat wënschen ech mir, datt et schonns ugefaange wier!
[50] Ech muss awer nach mat enger Daf gedeeft ginn an ech si bedréckt, soulaang si net duerchgeféiert ginn ass.
[51] Mengt dir ech wier komm, fir Fridden op d’Äerd ze bréngen? Ech soen iech: Iwwerhaapt net – villméi Trennung.
[52] Vun elo u sinn der fënnef an engem Stot oneens: dräi géint zwee an zwee géint dräi.
[53] De Papp ass géint de Jong an de Jong géint de Papp; d’Mamm ass géint d’Duechter an d’Duechter géint d’Mamm; d’Schwéiermamm ass géint d’Schnauer an d’Schnauer géint d’Schwéiermamm.“
[54] De Jesus sot weider zu de Leit: „Wann dir eng Wollek am Westen opzéie gesitt, da sot dir direkt: ‚Et gëtt Reen‘, an esou kënnt et dann och.
[55] Wann de Wand aus dem Süde bléist, da sot dir: ‚Et gëtt eng gliddeg Hëtzt‘, an esou kënnt et dann och.
[56] Dir Heuchler! Dir kënnt d’Ausgesi vum Himmel a vun der Äerd deiten, mee wéi kann et da sinn, datt dir dës Zäit net deite kënnt?
[57] Firwat decidéiert dir net selwer wat richteg ass?
[58] Wann s du mat deem, deen dech uklot, viru Geriicht gees, da setz du ënnerwee alles drun, fir déi Affaire an d’Rei ze bréngen, fir datt hien dech net virun de Riichter schleeft an de Riichter dech dem Offizéier iwwergëtt an den Offizéier dech dann an de Prisong gehäit.
[59] Ech soen dir, du kënns do net eraus, bis du déi lescht Mënz ofbezuelt hues!“