[1] D’Fest vum Matzebrout, dat Passa genannt gëtt, stoung virun der Dier.
[2] Déi iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz hu gesicht, wéi si de Jesus heemlech ëmbrénge kéinten, well si d’Vollek gefaart hunn.
[3] Dunn ass de Satan an de Judas, deen Ischkariot genannt gouf an deen ee vun den Zwielef war, gefuer.
[4] Hie goung fort an huet mat den ieweschte Priister an den Tempelwiechter driwwer geschwat, wéi hien de Jesus u si verrode kéint.
[5] Déi hu sech doriwwer gefreet a si sech eens ginn, fir him Suen ze ginn.
[6] De Judas huet dunn zougesot an huet no enger giedlecher Geleeënheet gesicht, fir de Jesus u si verroden ze kënnen, ouni datt d’Vollek dobäi wier.
[7] Et koum den Dag vum Fest vum Matzebrout, op deem d’Passalamm huet misse geaffert ginn.
[8] De Jesus huet de Péitrus an de Jean virausgeschéckt a sot: „Gitt a preparéiert d’Passamoolzecht fir eis, fir datt mir se iesse kënnen.“
[9] „Wou wëlls du, datt mir d’Iesse virbereeden?“, hu si hie gefrot.
[10] „Lauschtert!“, sot hien zu hinnen, „esoubal dir an d’Stad eragitt, begéint dir e Mann, deen e Waasserkrou dréit. Gitt him an dat Haus no, an dat hien erageet.
[11] Da sot zum Haushär: ‚De Léiermeeschter freet dech: „Wou ass de Raum, wou ech d’Passamoolzecht mat menge Jénger iesse kann?“‘
[12] Hie weist iech uewenop e grousse Sall, deen ageriicht ass. Bereet do alles fir eis vir.“
[13] Du si si dohigaangen an hunn alles esou virfonnt, wéi hien hinnen et gesot hat, an hunn d’Passamoolzecht virbereet.
[14] Wéi et un der Zäit war, huet hie Plaz geholl an déi zwielef Apostele mat him.
[15] „Ech hunn därmoossen dono verlaangert, fir dëst Passamoolzecht mat iech zesumme kënnen z’iessen, éier ech leiden“, sot hien zu hinnen,
[16] „well ech soen iech, datt ech net méi dovunner iessen, bis et am Kinnekräich vu Gott erfëllt gëtt.“
[17] Dunn huet hien e Kellech geholl, sot dofir Merci a sot: „Huelt dëse Kellech an deelt en ënnert iech!
[18] Ech soen iech nämlech: Ech drénken net méi vun de Friichte vum Riefstack, bis d’Kinnekräich vu Gott kënnt.“
[19] Hien huet Brout geholl, dofir Merci gesot an et gebrach. Hien huet hinnen et ginn a sot: „Dat hei ass mäi Läif, dee fir iech hiergi gëtt. Maacht dat hei als Erënnerung u mech.“
[20] Hien huet datselwecht mam Kellech nom Iesse gemaach a sot: „Dëse Kellech ass den neie Bond a mengem Blutt, dat fir iech ausgeschott gëtt.
[21] Passt op, de Mann, dee mech verréit, ass hei mat mir um Dësch.
[22] De Jong vum Mënsch geet zwar de Wee, dee fir hie bestëmmt ass, mee wéi schrecklech ass et fir dee Mënsch, duerch deen hie verrode gëtt!“
[23] Duerno hu si ugefaangen, ënnerteneen ze diskutéieren, wie vun hinnen et wuel wier, deen dat maache géif.
[24] Dunn ass ënnert hinne Kaméidi doriwwer entstanen, wie vun hinne wuel dee Wichtegste wier.
[25] Du sot de Jesus zu hinnen: „D’Kinneke vun den Natioune regéieren iwwert hir Vëlker an hir Herrscher gi ‚Mënschen, déi Guddes maachen‘ genannt.
[26] Ënnert iech soll et awer net esou sinn! Am Géigendeel, deen, deen ënnert iech de Wichtegsten ass, muss ewéi de Jéngste ginn, an deen, dee leet, wéi den Dénger.
[27] Wien ass da méi wichteg: deen, deen zu Dësch läit, oder deen, deen zerwéiert? Ass et net deen, deen zu Dësch läit? Ech awer sinn ënnert iech ewéi deen, deen zerwéiert.
[28] Dir sidd während menge Prouwe bei mir bliwwen.
[29] Dofir vermaachen ech iech d’Kinnekräich, geneesou wéi mäi Papp mir et vermaach huet,
[30] fir datt dir a mengem Kinnekräich u mengem Dësch iessen an drénke wäert. Do sëtzt dir op Tréin, fir déi zwielef Stämm vun Israel ze riichten.“
[31] Den Här sot: „Schimon, Schimon! Lauschter, de Satan huet gefrot, fir iech ze siften, esou wéi d’Weesskären.
[32] Mee ech hu fir dech gebiet, datt däi Glawen net versoe soll. Wann s du nees bei mech zeréckkënns, da stäerk deng Bridder.“
[33] De Schimon sot zu him: „Här, ech si bereet, fir mat dir an de Prisong an och an den Doud ze goen!“
[34] De Jesus sot awer: „Péitrus, ech soen dir, den Hunn kréit haut net, éier s du dräimol leegens, datt s du mech kenns.“
[35] Hie sot zu hinnen: „Deemols wéi ech iech ouni Portmonni, ouni Posch an ouni Sandalen erausgeschéckt hat, huet et iech dach un näischt gefeelt, oder?“ Si soten: „Un Näischt.“
[36] Du sot hien zu hinnen: „Mee elo: Wien e Portmonni huet, soll e mathuelen, geneesou wéi eng Posch. Wie kee Schwäert huet, soll säi Mantel verkafen a sech eent kafen.
[37] Ech soen iech nämlech, datt dat, wat iwwert mech geschriwwe steet, nach an Erfëllung geet: ‚Hie gouf zu de Gesetzlose gezielt.‘ (Yesaia 53,12) Alles, wat iwwert mech geschriwwe steet, geet nämlech an Erfëllung.“
[38] „Här, kuck! Hei sinn zwee Schwäerter“, sote si. „Et geet elo duer!“, huet hien hinne geäntwert.
[39] Dunn ass hien erausgaangen an ass, esou wéi et seng Gewunnecht war, op den Olivebierg gaangen. Seng Jénger goungen him no.
[40] Wéi hien do ukoum, sot hien zu hinnen: „Biet, datt dir net a Versuchung gerot.“
[41] Hien huet sech dunn ongeféier ee Steeworf wäit ewech virun hinnen zeréckgezunn, huet sech geknéit an huet gebiet.
[42] „Papp, wann et däi Wëllen ass, dann huel dëse Kellech vu mir ewech. Allerdéngs soll net mäi Wëllen, mee däi geschéien.“
[43] Dunn ass en Engel vum Himmel him erschéngen an huet hie gestäerkt.
[44] Hie war an Doudängschten an huet nach méi eescht gebiet. Säi Schweess gouf ewéi grouss Drëpse Blutt, déi op de Buedem gefall sinn.
[45] Nom Gebiet ass hien opgestanen a goung bei d’Jénger. Si ware vun e lauter Leed ageschlof, wéi hi si fonnt huet.
[46] „Firwat schlooft dir? Stitt op a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot“, sot hien zu hinnen.
[47] Wéi hien nach geschwat huet, koum an deem Abléck e grousse Grupp Leit dohin. Deen, dee Judas genannt gouf an deen ee vun den Zwielef war, goung hinne viraus a koum no bei de Jesus, fir him eng Bees ze ginn.
[48] „Judas, verréits du de Jong vum Mënsch mat enger Bees?“, frot de Jesus hien.
[49] Wéi déi, déi ëm hie waren, gesinn hunn, wat passéiere géif, sote si: „Här, solle mir mam Schwäert draschloen?“
[50] Ee vun hinnen huet den Dénger vum Haaptpriister ugegraff an him säi rietst Ouer erofgehaen.
[51] Mee de Jesus sot: „Haalt op domat!“ Hien huet dem Dénger säin Ouer beréiert an huet hie geheelt.
[52] Zu den ieweschte Priister, den Offizéier vun den Tempelwiechter an den Eelsten, déi bei hie komm waren, sot de Jesus: „Sidd dir géint mech mat Schwäerter a Knëppelen ausgezunn, wéi wann ech e Brigang wier?
[53] Ech war all Dag bei iech am Tempel an dir hutt net Hand u mech geluecht. Dat hei ass awer är Stonn an déi vun der Muecht vun der Däischtert.“
[54] Dunn hu si de Jesus verhaft, hunn hie fortgeféiert an an d’Haus vum Haaptpriister bruecht. De Péitrus goung vu wäitem no.
[55] Wéi si an der Mëtt vum Haff e Feier gemaach a sech niddergesat haten, huet de Péitrus sech matzen ënnert si gesat.
[56] Eng Mod huet hie gesinn, wéi hie beim Feier souz, huet hie fixéiert a sot: „Dëse Mann war och bei him.“
[57] De Péitrus huet de Jesus mat dëse Wierder verleegent: „Fra, ech kennen hien net!“
[58] Kuerz drop huet een aneren hien erbléckst a sot: „Du bass dach och ee vun deenen.“ Mee de Péitrus sot: „Nee, Mann, dat sinn ech net!“
[59] Ongeféier eng Stonn drop, huet een anere sech drop behaapt, andeems hie sot: „Ma kloer war hien och bei him, well hien och e Galileeër ass.“
[60] Mee de Péitrus sot: „Mann, ech wees net, vu wat s du schwätz!“ Am nämmlechten Abléck, wéi hien nach am Gaang war, ze schwätzen, huet den Hunn gekréit.
[61] Dunn huet den Här sech ëmgedréit an op de Péitrus gekuckt. De Péitrus huet sech un dem Här seng Wierder erënnert, déi hien zu him gesot hat: „Éier den Hunn kréit, verleegens du mech dräimol.“
[62] Du goung de Péitrus eraus an huet batter Tréine gekrasch.
[63] Déi Männer, déi de Jesus gefaange gehalen hunn, hunn de Spunnes mat him gemaach an hien zerschloen.
[64] Si hunn him d’Aen zougebonnen, hien op de Bak gehaen an hie gefrot: „Prophezei fir eis! Wien huet dech geschloen?“
[65] Si hunn hie weider Schëmmel a Bless vernannt.
[66] Wéi et Dag gouf, hunn déi Eelst vum Vollek sech versammelt, souwéi d’iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz. De Jesus gouf virun dëse Sanhedrin bruecht.
[67] Si soten: „Wann s du de Messias bass, da so eis et dach!“ Hie sot zu hinnen: „Och wann ech iech et soen, gleeft dir mir net.
[68] A wann ech iech géif froen, da géift dir mir dach net äntweren oder mech goe loossen.
[69] Vun elo u sëtzt de Jong vum Mënsch zur Rietser vum allmächtege Gott.“
[70] „Bass du dann de Jong vu Gott?“, hu si all gefrot. „Dir sot et. Ech sinn et“, huet hien hinne geäntwert.
[71] „Firwat brauche mir do nach Zeien?“, sote si. „Mir hunn et jo selwer aus sengem eegene Mond héieren.“