Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno huet hien déi Zwielef zesummegeruff an huet hinne Muecht an Autoritéit iwwert all Dämone ginn an och fir Kränkten ze heelen.

[2] Hien huet si erausgeschéckt, fir d’gutt Noriicht vum Kinnekräich vu Gott ze verkënnegen a fir déi Krank ze heelen.

[3] Hie sot zu hinnen: „Huelt näischt mat op d’Rees, weder Stief nach eng Posch nach Brout nach Suen ausser eng Tunique pro Persoun.

[4] An do, wou dir an en Haus gitt, do bleift, bis dir nees d’Uertschaft verloosst.

[5] Do, wou een iech net wëllkomm heescht, wann dir d’Stad verloosst, da rëselt de Stëbs ënnert äre Féiss of, als Ausso géint si.“

[6] Si hu sech op de Wee gemaach a goungen duerch d’Dierfer. Si hunn d’gutt Noriicht gepriedegt an hunn iwwerall Leit geheelt.

[7] Dunn huet den Tetrarch Herodes vun allem héieren, wat de Jesus gemaach huet. Hie wousst net esou richteg, wat hien dovunner sollt halen, well muncher soten, datt de Jean vun den Doudegen operstane wier,

[8] anerer soten awer, datt den Elia erschénge wier, an nach anerer, datt ee vun den ale Prophéiten operstane wier.

[9] „De Jean hunn ech dach käppe gelooss!“, sot den Herodes. „Mee wien ass deen, vun deem ech esou Saachen héieren?“ Hie wollt de Jesus dowéinst gesinn.

[10] Wéi d’Apostelen zeréckkoumen, hu si dem Jesus alles verzielt, wat si gemaach haten. Dunn huet hie si matgeholl a sech mat hinnen eleng op eng verloosse Plaz zeréckgezunn, déi zur Stad, déi Betsaida geheescht huet, gehéiert huet.

[11] Mee wéi d’Vollek dat erausfonnt huet, goung et him no. Hien huet d’Leit opgeholl, huet hinne vum Kinnekräich vu Gott verzielt an huet och déijéineg geheelt, déi Heelung néideg haten.

[12] Wéi den Dag esou lues op en Enn goung, koumen déi Zwielef bei hien a soten zu him: „Schéck d’Leit fort, fir datt si an den Dierfer an op den Häff vun der Ëmgéigend iwwernuechten a Proviant fanne kënnen. Mir sinn nämlech hei op enger verloossener Plaz.“

[13] „Gitt dir hinnen dach eppes z’iessen!“, sot de Jesus zu hinnen. „Mir hunn net méi wéi fënnef Ruechte Brout an zwee Fësch, et sief dann, mir ginn hin a kafen eppes z’iesse fir all dës Leit“, hu si geäntwert.

[14] (Et waren nämlech ongeféier fënnefdausend Männer do.) „Suergt dofir, datt si sech a Gruppe vu fofzeg setzen“, sot hien dunn zu senge Jénger.

[15] Si hunn et esou gemaach an hu jidderee sech setze gedoen.

[16] Dunn huet hien déi fënnef Ruechte Brout an déi zwee Fësch geholl, huet an den Himmel gekuckt, e Segen ausgeschwat an d’Brout a Stécker gebrach. Dunn huet hie se de Jénger ginn, fir datt si se de Leit ausdeelen.

[17] Si hunn alleguer giess a goufe sat. Duerno hu si nach zwielef Kierf voller Reschter vu Broutstécker agesammelt.

[18] Enges Daags wéi de Jesus eleng war, fir ze bieden, an nëmme seng Jénger bei him waren, frot hie si: „Wie soen d’Leit, datt ech sinn?“

[19] „De Jean den Deefer, mee anerer soen den Elia, an nach anerer, datt ee vun den ale Prophéiten nees operstanen ass“, hu si him geäntwert.

[20] „An dir, wie sot dir, datt ech sinn?“, frot hie si. „De Messias vu Gott“, huet de Péitrus geäntwert.

[21] Dunn huet hie si gewarnt an hinne befuel, et kengem ze verzielen.

[22] Hie sot: „De Jong vum Mënsch muss nach vill leiden a gëtt vun den Eelsten, den ieweschte Priister an de Léiermeeschtere vum Gesetz verworf. Hie gëtt ëmbruecht an ersteet um drëtten Dag op.“

[23] Du sot hien zu hinnen alleguer: „Wie mir nogoe wëllt, dee muss sech selwer verleegnen, säi Kräiz op sech huelen a mir nogoen.

[24] Wie säi Liewen nämlech rette wëllt, dee verléiert et; mee wie säi Liewe wéinst menger verléiert, dee rett et.

[25] Wat bréngt et engem Mënsch, wann en d’ganz Welt gewënnt, mee selwer gëtt hien zerstéiert oder leit Verloscht?

[26] Wie sech wéinst menger a menge Wierder schummt, wéinst deem senger schummt sech och de Jong vum Mënsch, wann hien a senger Herrlechkeet an an där vu sengem Papp a vun den hellegen Engele kënnt.

[27] Ech soen iech d’Wourecht! Hei sti verschidde Leit, déi net stierwen, bis si d’Kinnekräich vu Gott gesinn.“

[28] Ongeféier eng Woch nodeems hien dat alles gesot hat, huet hien de Péitrus, de Jean an de Jacques mat op e Bierg geholl, fir ze bieden.

[29] Während hie gebiet huet, huet d’Ausgesi vu sengem Gesiicht sech verännert; säi Kleed gouf wäiss an huet geglënnert.

[30] Op eemol hunn zwee Männer, de Moses an den Elia, mat him geschwat.

[31] Si sinn an Herrlechkeet erschéngen an hunn iwwert säin Exodus geschwat, deen hie geschwënn zu Jerusalem vollbrénge géif.

[32] Mee de Péitrus an déi, déi bei him waren, waren ageschlof. Wéi si waakreg goufen, hu si seng Herrlechkeet gesinn an och déi zwee Männer, déi bei him stoungen.

[33] Wéi déi hie verlooss hunn, sot de Péitrus zum Jesus: „Meeschter, et ass gutt, datt mir hei sinn! Looss eis dräi Zelter opriichten: eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elia.“ Hie wousst awer net, wat hien do géif soen.

[34] Iwwerdeems hien dat sot, koum eng Wollek an huet hire Schiet op si geworf. Wéi si an d’Wollek erakoumen, krute si et mat der Angscht ze dinn.

[35] Du koum eng Stëmm aus der Wollek, déi sot: „Dat hei ass mäi Jong, deen ech gär hunn. Lauschtert op hien!“

[36] Nodeems d’Stëmm fäerdeg war mat Schwätzen, war de Jesus nees eleng. Si hunn näischt gesot an hunn zu där Zäit kengem verzielt, wat si gesinn haten.

[37] Den Dag drop, wéi si vum Bierg erofkoumen, koume ganz vill Leit him entgéint.

[38] Ënnert de Leit war e Mann, deen haart geruff huet: „Léiermeeschter, ech bieden dech, kuck no mengem Jong! Hien ass mäin eenzegt Kand!

[39] E Geescht ergräift hien an da jäizt hien op eemol. Hie gëtt vun him hin an hier gerappt a kritt Schaum virum Mond. De Geescht verléisst hie bal ni a maltraitéiert hien.

[40] Ech hunn deng Jénger gebieden, de Geescht auszedreiwen, mee si hunn et net fäerdegbruecht.“

[41] „Dir ongleeweg a pervers Generatioun!“, huet de Jesus geäntwert. „Wéi laang soll ech nach bei iech sinn a wéi laang muss ech iech nach erdroen? Bréng däi Jong heihinner.“

[42] An nach während de Jong méi no koum, huet den Dämon hien op de Buedem gehäit an huet hien hin an hier gerappt. Dunn huet de Jesus dem onrenge Geescht gedreet, huet d’Kand geheelt an huet et sengem Papp erëmginn.

[43] Si waren all iwwert déi mächteg Kraaft vu Gott verwonnert. Iwwerdeems jiddereen iwwer dat gestaunt huet, wat de Jesus gemaach hat, sot de Jesus zu senge Jénger:

[44] „Mierkt iech dës Wierder genee: De Jong vum Mënsch gëtt geschwënn an d’Hänn vun de Mënschen ausgeliwwert.“

[45] Mee si hunn dat, wat hie gesot huet, net verstanen. De Sënn vu senge Wierder blouf fir si verstoppt, esou datt si se net begraff hunn. Si hu gefaart, fir hien iwwert seng Ausso ze froen.

[46] Dunn ass eng Diskussioun ënnert hinnen opkomm, wie vun hinne wuel dee Wichtegste wier.

[47] De Jesus, deen d’Gedanke vun hiren Häerzer erkannt huet, huet e Këndche geholl an et nieft sech gestallt.

[48] Hie sot zu hinnen: „Wien dëst klengt Kand a mengem Numm ophëlt, hëlt mech op; wie mech ophëlt, hëlt deen op, dee mech geschéckt huet; wien nämlech deen Onwichtegsten ënnert iech ass, gëtt dee Wichtegsten.“

[49] De Jean huet geäntwert: „Meeschter, mir hunn ee gesinn, deen an dengem Numm Dämonen ausgedriwwen huet. Mir hunn him et verbueden, well hien dir net mat eis nogeet.“

[50] De Jesus sot zu him: „Verbitt him et net! Wien net géint eis ass, ass fir eis.“

[51] Wéi d’Zäit vu senger Himmelfaart méi no koum, huet hien decidéiert, fir a Richtung Jerusalem ze goen.

[52] Hien huet Buete viru sech hir geschéckt. Ënnerwee koume si an en Duerf vun de Samariter, fir do alles fir hie virzebereeden.

[53] Mee si hunn hien net wëllkomm geheescht, well hien op Jerusalem ënnerwee war.

[54] Wéi seng Jénger, de Jacques an de Jean, dat gesinn hunn, frote si hien: „Här, wëlls du, datt mir Feier vum Himmel erofruffen, fir datt si zerstéiert ginn, geneesou wéi den Elia et gemaach hat?“

[55] Mee hien huet sech ëmgedréit an huet si op d’Plaz gesat: „Dir wësst net, wat fir e Geescht iech animéiert.

[56] De Jong vum Mënsch koum nämlech net, fir Mënscheliewen ze zerstéieren, mee fir se ze retten.“ Du gounge si an en anert Duerf.

[57] Enges Daags, wéi si ënnerwee waren, sot eng Persoun zum Jesus: „Här, ech ginn dir iwwerall no, wou s du higees.“

[58] „De Fuuss huet e Bau an de Vull huet en Nascht, mee de Jong vum Mënsch huet néierens eng Plaz, fir säi Kapp nidderzeleeën“, huet de Jesus him geäntwert.

[59] Zu engem anere sot hien: „Komm mir no.“ „Här, looss mech fir d’éischt fortgoen, bis ech mäi Papp begruewe kann“, huet dee geäntwert.

[60] „Looss déi Doudeg hir Doudeg begruewen, du awer géi a priedeg d’Kinnekräich vu Gott“, sot de Jesus zu him.

[61] Nach en anere sot: „Här, ech ginn dir no, mee looss mech fir d’éischt de Leit doheem Äddi soen.“

[62] „Keen, deen d’Hand un de Plou leet an zeréckkuckt, daacht eppes fir d’Kinnekräich vu Gott“, sot de Jesus zu him.

De Luc — Chapters