Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno huet den Här siwwenzeg aner Jénger ernannt an huet si zwee an zwee an all Stad an op all Plaz, wou hien nach higoe wollt, viraus geschéckt.

[2] „De Karschnatz ass grouss, mee et gëtt wéineg Aarbechter“, sot hien zu hinnen. „Biet also zum Här vum Karschnatz, datt hien Aarbechter schéckt, fir säi Karschnatz eranzehuelen.

[3] Maacht iech op de Wee! Mee passt op, ech schécken iech wéi Lämmer ënner Wëllef eraus.

[4] Huelt kee Portmonni mat, keng Posch a keng aner Sandalen a gréisst och keen ënnerwee.

[5] Wou dir an en Haus gitt, do sot fir d’éischt: ‚Fridde sief dësem Stot.‘

[6] Wann do eng friddlech Persoun lieft, da rout äre Fridden op hir; wann net, da kënnt en nees op iech zeréck.

[7] Bleift an deem Haus an iesst an drénkt dat, wat dir zerwéiert kritt, well en Aarbechter huet säi Loun verdéngt. Gitt net vun Haus zu Haus.

[8] Wann dir an eng Stad eragitt a si huelen iech op, dann iesst dat, wat iech virgesat gëtt.

[9] Heelt déi Krank, déi do sinn, a sot zu hinnen: ‚D’Kinnekräich vu Gott ass no bei iech.‘

[10] Wann dir awer an eng Stad gitt, déi iech net ophëlt, da gitt do eraus an d’Gaassen a sot:

[11] ‚De Stëbs aus ärer Stad, deen un eis pecht, wësche mir vun eis of als Ausso géint iech. Mee trotzdeem sollt dir dat hei wëssen: D’Kinnekräich vu Gott ass no bei iech.‘

[12] Ech soen iech, op deem Dag ass et fir Sodom besser auszehale wéi fir dës Stad!

[13] Wéi schrecklech ass et fir dech, Korasin! Wéi schrecklech ass et fir dech, Betsaida! Wann déi mächteg Doten, déi bei dir gemaach goufen, zu Tyr an zu Zidon gemaach gi wieren, da wiere si scho laang ëmgekéiert a séizen a Säck an Äschen do.

[14] Um Geriicht ass et fir Tyr an Zidon besser auszehale wéi fir iech.

[15] Du, Kapernaum, dat s du bis an den Himmel gehuewe goufs, gëss bis an den Hades erofgestouss.

[16] Wien op iech lauschtert, lauschtert op mech; wien iech verwerft, verwerft mech a wie mech verwerft, verwerft deen, dee mech geschéckt huet.“

[17] Déi Siwwenzeg koumen duerno voll Freed erëm a soten: „Här, esouguer d’Dämonen ënnerwerfe sech eiser an dengem Numm.“

[18] „Ech hunn de Satan gesi wéi e Blëtz vum Himmel falen“, sot hien zu hinnen.

[19] „Kuckt, ech hunn iech Autoritéit ginn, fir Schlaangen a Skorpiounen ze zertrëppelen an och Autoritéit iwwert all Muecht vum Feind. Et kann näischt iech schueden.

[20] Freet iech awer net doriwwer, datt d’Geeschter iech ënnerdoe sinn, mee freet iech, datt är Nimm am Himmel opgeschriwwe sinn.“

[21] Zu därselwechter Zäit huet de Jesus sech vill am hellege Geescht gefreet a sot: „Ech luewen dech Papp, Här vun Himmel an Äerd, well s du dat alles virun de Weisen a Gescheite verstoppt hues an et klenge Kanner gewisen hues. Jo, Papp, esou huet et dir gefall.

[22] Alles ass mir vu mengem Papp iwwergi ginn an et weess keen, wien de Jong ass, ausser dem Papp, an et weess och keen, wien de Papp ass, ausser dem Jong an deen, deem de Jong de Papp weise wëllt.“

[23] Dunn huet hie sech u seng Jénger gewant a sot zu hinnen: „Geseent sinn déi Aen, déi gesinn, wat dir gesitt;

[24] ech soen iech, datt vill Prophéiten a Kinneke sech gewënscht hunn, dat ze gesinn, wat dir gesitt, a si hunn et net gesinn; an dat ze héieren, wat dir héiert, a si hunn et net héieren.“

[25] Duerno stoung en Expert am Gesetz op an huet hien op d’Prouf gestallt: „Léiermeeschter, wat muss ech maachen, fir éiwegt Liewen ze ierwen?“

[26] „Wat steet am Gesetz? Wat lies du do?“, huet de Jesus hie gefrot.

[27] „‚Hief den Här, däi Gott, gär mat dengem ganzen Häerz, mat denger ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat dengem ganze Verstand‘, (5. Moses 6,5) an och ‚däin Nächste wéi dech selwer‘“, (3. Moses 19,18) huet dee geäntwert.

[28] „Deng Äntwert ass richteg“, sot de Jesus zu him. „Maach dat, da liefs du.“

[29] Den Expert wollt sech selwer rechtfäerdegen a sot dofir zum Jesus: „A wien ass mäin Nächsten?“

[30] Dunn huet de Jesus geäntwert: „E Mann goung vu Jerusalem erof op Jericho an ass ënnerwee vu Raiber iwwerfall ginn. Si hunn him d’Kleeder erofgestrëppt an hien zerschloen. Du gounge si fort an hunn hien hallef dout do leie gelooss.

[31] Zoufälleg koum grad e Priister déi Strooss erof. Wéi hien de Mann gesinn huet, goung hien op der anerer Stroossesäit laanscht.

[32] Och e Levit koum op déi Plaz. Wéi hie méi nobäi koum an e gesinn huet, goung hien op der anerer Stroossesäit laanscht.

[33] E Samariter, deen do op der Rees war, koum och dohin, wou de Mann louch. Wéi hien e gesinn huet, hat hie Matleed mat him.

[34] De Samariter goung bei hien an huet Ueleg a Wäin op seng Wonne geschott a se verbonnen. Hien huet en op säin Iesel gesat, huet en an eng Herberg bruecht an do fir hie gesuergt.

[35] Den Dag drop, wéi hie fortgoung, huet hien zwee Denaren erausgeholl, se dem Wiert ginn a sot zu him: ‚Suerg fir hien! An dat, wat s du weider ausgëss, bezuelen ech der erëm, wann ech zeréckkommen.‘

[36] Wie vun dësen dräi, mengs du, war elo en Nächste fir deen, dee vun de Raiber iwwerfall gouf?“

[37] „Deen, dee sech senger erbaarmt huet“, huet den Expert geäntwert. „Géi a maach et genee esou“, sot de Jesus zu him.

[38] Eng aner Kéier, wéi si ënnerwee waren, goung hien an en Duerf an eng Fra, déi Martha geheescht huet, huet hien an hirem Haus empfaangen.

[39] Si hat eng Schwëster, déi Maria geheescht huet an déi dem Jesus zu Féiss souz, fir senger Léier nozelauschteren.

[40] Mee d’Martha war mat deem villen Zerwéieren iwwerfuerdert a goung dofir bei de Jesus. „Här, ass et dir egal, datt meng Schwëster mech eleng léisst, fir ze zerwéieren? So him dach, datt hatt mir hëllefe soll!“

[41] „Martha, Martha“, huet de Jesus him geäntwert. „Du méchs dir iwwert villes Suergen a vill Méi.

[42] Et ass awer just eppes néideg an d’Maria huet de gudden Deel gewielt, deen him net ewechgeholl gëtt.“

De Luc — Chapters