Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jesus, erfëllt vum hellege Geescht, koum vum Jordan zeréck a gouf vum Geescht an d’Wüst geféiert

[2] a véierzeg Deeg laang vum Däiwel op d’Prouf gestallt. Bannent där Zäit hat hien näischt giess a wéi d’Deeg ëm waren, hat hien Honger.

[3] „Wann s du de Jong vu Gott bass, da so dësem Steen, datt e Brout soll ginn“, sot den Däiwel zu him.

[4] „Et steet geschriwwen: ‚De Mënsch lieft net eleng vum Brout, mee vu jidder Wuert vu Gott‘“, huet de Jesus him geäntwert. (5. Moses 8,3)

[5] Dunn huet den Däiwel de Jesus op en héije Bierg geféiert an huet him an engem Abléck d’Kinnekräicher vun der ganzer Welt gewisen.

[6] Den Däiwel sot zu him: „Ech ginn dir all dës Muecht an och hir Herrlechkeet, well si goufe mir ginn. Ech gi si, wiem ech wëll.

[7] Wann s du mech ubiets, ass alles däint.“

[8] „Géi fort vu mir, Satan!“, huet de Jesus him geäntwert. „Et steet nämlech geschriwwen: ‚Biet den Här, däi Gott, un an déng eleng him.‘“ (5. Moses 6,13)

[9] Dunn huet den Däiwel hien op Jerusalem geféiert an huet hien op den héchste Punkt vun der Mauer vum Tempel gestallt. „Wann s du de Jong vu Gott bass, da gehei dech vun hei erof“, sot hien zu him.

[10] „Et steet jo geschriwwen: ‚Wéinst denger befeelt hie sengen Engelen, dech ze schützen‘, (Psalmen 91,11)

[11] an och: ‚Si droen dech op hiren Hänn, fir datt s du däi Fouss net un engem Stee stéiss.‘“ (Psalmen 91,12)

[12] „Et gouf gesot: ‚Stell den Här, däi Gott, net op d’Prouf!‘“, (5. Moses 6,16) huet de Jesus him geäntwert.

[13] Wéi den Däiwel mat all senge Versuchunge fäerdeg war, huet hie sech fir eng gewëssen Zäit zeréckgezunn.

[14] De Jesus goung an der Kraaft vum hellege Geescht a Galilea zeréck. D’Noriicht iwwert hien huet sech uechter d’ganz Ëmgéigend verbreet.

[15] Hien huet an hire Synagogen enseignéiert a gouf vu jidderengem geéiert.

[16] Hie koum op Nazaret, wou hien opgewuess war. Do goung hien, wéi et seng Gewunnecht war, um Sabbat an d’Synagog a stoung op, fir virzeliesen.

[17] Hie krut d’Schrëftrull vum Prophéit Yesaia. Hien huet se auserneegerullt an huet déi Plaz fonnt, wou geschriwwe steet:

[18] „De Geescht vum Här ass op mir, well hie mech gesalleft huet, fir den Aarmen d’gutt Noriicht ze priedegen. Hien huet mech geschéckt, fir déi ze heelen, deenen hiert Häerz gebrach ass, fir de Gefaangene Fräiheet ze verkënnegen, fir déi Blann, datt si nees solle gesinn, a fir deenen, déi bedréckt sinn, Fräiheet ze ginn.

[19] Hien huet mech geschéckt, fir d’Joer vun der Gonscht vum Här ze verkënnegen.“ (Yesaia 61,1-2)

[20] Hien huet de Rullo nees opgerullt, huet dem Dénger en erëmginn a sech gesat. D’Ae vu jidderengem an der Synagog waren op hie geriicht.

[21] Dunn huet hien ugefaangen, zu hinnen ze soen: „Haut goung dës Schrëft an Erfëllung, esou wéi dir et héieren hutt.“

[22] Jiddereen huet sech iwwert hie belueft an huet sech iwwert déi gnädeg Wierder, déi aus sengem Mond koumen, gewonnert: „Ass hien net dem Jousef säi Fils?“

[23] Du sot de Jesus zu hinnen: „Sécher kommt dir elo mat dësem Sproch: ‚Dokter, heel dech selwer! Mir hunn héieren, du häss zu Kapernaum allerhand Grousses gemaach. Ma maach elo an denger Heemechtstad datselwecht!‘“

[24] „Ech soen iech d’Wourecht!“, sot hien. „Kee Prophéit gëtt a senger Heemecht unerkannt.

[25] Ech soen iech awer d’Wourecht: Et goufe vill Witfraen an Israel zur Zäit vum Elia, wéi den Himmel dräi Joer a sechs Méint laang zou war, esou datt eng grouss Hongersnout iwwert d’ganzt Land koum.

[26] Den Elia gouf bei keng vun hinne geschéckt ausser bei eng Witfra aus Zarfata am Zidon.

[27] Zur Zäit vum Prophéit Elischa waren och vill Leit an Israel mat Aussaz geplot a kee vun hinne gouf gerengegt ausser dem Naaman aus Syrien.“

[28] Wéi déijéineg, déi an der Synagog waren, dat héieren hunn, goufe si schrecklech rosen.

[29] Si sinn opgestanen, hunn de Jesus aus der Stad gejot an hunn hie bis un d’Spëtzt vum Bierg geféiert, op deem hir Stad gebaut war, fir hien do vum Fiels erofzegeheien.

[30] Ma hie goung einfach duerch hir Mëtt fort.

[31] Du goung hien erof op Kapernaum, eng Stad a Galilea, an huet si um Sabbat geléiert.

[32] Si waren iwwert seng Léier verwonnert, well hie mat Autoritéit geschwat huet.

[33] An der Synagog gouf et e Mann, deen en onrengen, dämonesche Geescht hat. Hien huet mat haarder Stëmm geruff:

[34] „Ha! Wat wëlls du vun eis, Jesus vun Nazaret? Bass du éiere komm, fir eis ze zerstéieren? Ech weess, wien s du bass: den Hellege vu Gott.“

[35] Dunn huet de Jesus hien op d’Plaz gesat: „Sief roueg! Fuer aus him eraus!“ Den Dämon huet de Mann an hirer Mëtt op de Buedem gehäit an ass aus him erausgefuer, ouni him eppes zu Leeds ze doen.

[36] Si waren all verwonnert an hunn ënnerteneen diskutéiert: „Wat ass dat fir e Befeel? Mat Autoritéit a Muecht befeelt hien nämlech den onrenge Geeschter a si fueren eraus.“

[37] Säi Ruff huet sech iwwerall uechter d’Ëmgéigend verbreet.

[38] Hien huet d’Synagog verlooss a goung an dem Schimon säin Haus. Dem Schimon seng Schwéiermamm huet ënnert staarkem Féiwer gelidden a si hunn hie wéinst hirer ëm Hëllef gefrot.

[39] Hien huet sech iwwert si gebéckt, huet dem Féiwer gedreet an du war d’Féiwer fort. Si ass eenzock opgestanen an huet hinne gedéngt.

[40] Wéi d’Sonn am Gaang war ënnerzegoen, hunn all d’Leit déi bei hie bruecht, déi verschidde Kränkten haten. Hien huet d’Hänn op jidderee vun hinne geluecht a si geheelt.

[41] Dämone koumen aus vill vun hinnen eraus a si hu gejaut: „Du bass de Messias, de Jong vu Gott!“ Dunn huet hien hinne gedreet an hinnen de Mond verbueden, well si woussten, datt hien de Messias war.

[42] Wéi et Dag gouf, goung de Jesus vun do fort op eng verloosse Plaz. D’Leit hunn no him gesicht a wéi si bei hie koumen, wollte si hien drun hënneren, fir vun hinne fortzegoen.

[43] „Ech muss och deenen anere Stied d’gutt Noriicht vum Kinnekräich vu Gott verkënnegen, well dofir sinn ech geschéckt ginn“, sot hien zu hinnen.

[44] Hien huet an de Synagoge vu Galilea gepriedegt.

De Luc — Chapters