Skip to content
Opens in a new window

[1] E sëlleche Leit hu scho probéiert, fir e Rapport vun den Evenementer, déi ënnert eis erfëllt goufen, opzesetzen,

[2] esou wéi déi, déi vun Ufank un Aenzeien an Dénger vum Wuert waren, se eis iwwerliwwert hunn.

[3] Och ech hunn et fir gutt gehalen, dat alles fir dech, veréierten Theophilos, der Rei no opzeschreiwen, nodeems ech mech ganz exakt iwwert alles vun Ufank un informéiert hunn.

[4] Esou kanns du dech iwwert d’Zouverlässegkeet vun allem, wat s du geléiert krus, vergewësseren.

[5] Zur Zäit vum Herodes, dem Kinnek vu Judea, gouf et e Priister, aus dem Uerde vum Abiya, dee Sacharia geheescht huet. Seng Fra war eng vun den Duechtere vum Aaron an huet Elisabeth geheescht.

[6] Si waren allen zwee gerecht viru Gott an hunn irreprochabel an all de Geboter an de Statute vum Här gelieft.

[7] Si hate kee Kand, well d’Elisabeth keng Kanner konnt kréien, a si ware schonns allebéid bei Alter.

[8] Enges Daags, wéi de Sacharia säi Priisterdéngscht viru Gott erfëllt huet (well säin Uerde grad un der Rei war),

[9] gouf de Sacharia, nom Brauch vum Priisteramt, duerch d’Lous bestëmmt, fir an den Tempel ze goen, fir do virum Här d’Weirauchaffer ze brennen.

[10] D’ganz Versammlung vum Vollek huet bausse gebiet, wéi et un der Zäit war, fir de Weirauch ze brennen.

[11] Dunn ass en Engel vum Här dem Sacharia erschéngen. Hie stoung op der rietser Säit vum Altor vum Weirauch.

[12] Wéi de Sacharia hie gesinn huet, ass hien erféiert a krut et mat der Angscht ze dinn.

[13] „Hief keng Angscht, Sacharia“, sot den Engel zu him. „Däi Gebiet ass erhéiert ginn. Deng Fra Elisabeth bréngt e Jong op d’Welt an du solls hie Jean nennen.

[14] Hie bréngt dir grouss Freed an et freeë sech der vill iwwert seng Gebuert.

[15] Hie gëtt nämlech virum Här dichteg. Wäin a staarkt Gedrénks hëlt hien net zou sech. Schonns am Bauch vu senger Mamm ass hie mam hellege Geescht erfëllt.

[16] Vill vun den Israelite bréngt hie bei den Här, hire Gott, zeréck.

[17] Hie geet him am Geescht an an der Kraaft vum Elia viraus, ‚fir d’Häerzer vun de Pappen zeréck bei d’Kanner ze bréngen‘, (Malachi 3,24) an d’Rebellen zeréck bei d’Asiicht vun de Gerechten, fir dem Här e Vollek ze preparéieren, dat fir hie bereet ass.“

[18] „Wourunner soll ech dat erkennen?“, huet de Sacharia den Engel gefrot. „Ech sinn en ale Mann a meng Fra ass och schonns bei Alter.“

[19] „Ech sinn de Gabriel, dee viru Gott steet, an ech gouf geschéckt, fir mat dir ze schwätzen an dir dës gutt Noriicht ze verkënnegen“, huet den Engel him geäntwert.

[20] „Mee lauschter! Du gëss elo stomm a kanns net méi schwätzen, bis deen Dag, op deem dat geschitt, well s du menge Wierder net gegleeft hues, déi sech zu hirer Zäit erfëllen.“

[21] D’Leit hunn op de Sacharia gewaart a sech gewonnert, datt hien esoulaang am Tempel bliwwen ass.

[22] Wéi hien awer erauskoum, konnt hien net mat hinne schwätzen. Dunn hu si realiséiert, datt hien eng Visioun am Tempel hat. Hien huet hinnen Zeeche gemaach a blouf stomm.

[23] Wéi d’Zäit vu sengem Déngscht eriwwer war, goung hien nees heem.

[24] Net laang duerno huet seng Fra Elisabeth erwaart a si huet sech fir fënnef Méint zeréckgezunn a sot:

[25] „Dat hei huet den Här fir mech gemaach: Zu dëser Zäit huet hie mech beuecht an huet meng Schan virun de Mënschen ewechgeholl.“

[26] Am sechste Mount gouf den Engel Gabriel vu Gott an eng Stad a Galilea geschéckt, déi Nazaret heescht,

[27] bei eng Jongfra, déi mat engem Mann verloobt war, dee Jousef geheescht huet an deen aus dem Haus vum David gestaamt huet. Der Jongfra hiren Numm war Maria.

[28] Den Engel koum eran a sot zum Maria: „Sief gegréisst, du mat Gnod geseente Fra! Den Här ass mat dir. Du bass ënnert all de Frae geseent.“

[29] Mee wéi d’Maria den Engel gesinn huet, war et wéinst senge Wierder ganz duercherneen an huet sech gefrot, wat de Grouss sollt bedeiten.

[30] „Hief keng Angscht, Maria“, sot den Engel zu him, „well du hues Gnod bei Gott fonnt.

[31] Lauschter, du erwaarts geschwënn a bréngs dann e Jong op d’Welt. Du solls hie Jesus nennen.

[32] Hie gëtt dichteg a gëtt ‚Jong vum Allerhéchsten‘ genannt. Gott, den Här, gëtt him den Troun vu sengem Papp, dem David.

[33] Hie regéiert fir ëmmer iwwert d’Haus vum Jakob a säi Kinnekräich kritt ni en Enn.“

[34] „Wéi soll dat geschéien?“, huet d’Maria den Engel gefrot. „Ech hu jo nach ni mat engem Mann geschlof.“

[35] „Den hellege Geescht kënnt iwwert dech an d’Kraaft vum Allerhéchste bedeckt dech mat hirem Schiet“, huet den Engel him geäntwert. „Dofir gëtt och dat hellegt Kand, wat gebuer gëtt, de ‚Jong vu Gott‘ genannt.

[36] Lauschter, d’Elisabeth, dat mat dir Famill ass, erwaart a sengem héijen Alter och e Jong. Hatt, wat erofgemaach gouf, well et keng Kanner konnt kréien, ass elo am sechste Mount.

[37] Fir Gott ass nämlech näischt onméiglech.“

[38] „Kuck, ech sinn dem Här seng Mod. Et soll mir esou geschéien, wéi s du gesot hues!“, sot d’Maria. Den Engel goung du vun him fort.

[39] Zu där Zäit huet d’Maria sech séier op de Wee an d’Bierger gemaach an eng Stad vu Judea.

[40] Hatt koum an d’Haus vum Sacharia an huet d’Elisabeth begréisst.

[41] Wéi d’Elisabeth dem Maria seng Begréissung héieren huet, ass d’Kand a sengem Bauch gesprongen an d’Elisabeth gouf vum hellege Geescht erfëllt.

[42] Hatt huet mat haarder Stëmm geruff: „Geseent bass du ënnert de Fraen a geseent ass d’Kand an dengem Bauch.

[43] Ma wie sinn ech, datt d’Mamm vu mengem Här bei mech kënnt?

[44] Soubal de Klang vun denger Begréissung mir zu Ouere koum, ass d’Kand a mengem Bauch vu Freed gesprongen.

[45] Geseent bass du, dat gegleeft huet, well dat, wat den Här dir gesot huet, an Erfëllung geet.“

[46] D’Maria sot: „Meng Séil verherrlecht den Här

[47] a mäi Geescht erfreet sech u Gott, mengem Retter,

[48] well hien op d’Aarmséilegkeet vu senger Mod erofgekuckt huet. Vun elo un nennen all d’Generatioune mech geseent,

[49] well de Mächtege Grousses fir mech gemaach huet. Helleg ass säin Numm.

[50] Seng Baarmhäerzegkeet ass vu Generatioun zu Generatioun mat deenen, déi hie fäerten.

[51] Hien huet mat sengem Aarm Muecht gewisen; hien huet déi, déi an hirem Häerz iwwerhieflech Gedanken haten, verspreet.

[52] Hien huet déi Mächteg vum Troun gestouss an huet déi Niddreg erhuewen.

[53] Hien huet déi Hongereg mat Guddem gesiedegt an déi Räich huet hie mat eidelen Hänn fortgeschéckt.

[54] Hien huet sengem Dénger Israel gehollef, well hie sech u seng Baarmhäerzegkeet erënnert huet,

[55] esou wéi hien et eise Pappen, dem Abraham a sengen Nokommen, fir ëmmer gesot hat.“

[56] D’Maria blouf nach ongeféier dräi Méint beim Elisabeth a goung dunn heem.

[57] D’Zäit koum, an där d’Elisabeth accouchéiere sollt, an hatt huet e Jong op d’Welt bruecht.

[58] Seng Noperen a Famill hunn héieren, datt den Här him seng grouss Baarmhäerzegkeet erwisen hat, a si hu sech mat him gefreet.

[59] Um aachten Dag si si komm, fir d’Kand ze beschneiden a wollten hien no sengem Papp, dem Sacharia, nennen,

[60] mee seng Mamm huet geäntwert: „Nee, hie soll Jean heeschen.“

[61] „Et gëtt awer keen an der Famill, deen esou heescht!“, sote si zu hir.

[62] Also hu si sengem Papp Zeeche gemaach, fir hien ze froen, wéi hie wéilt, datt d’Kand heesche sollt.

[63] Hien huet no enger Tafel gefrot an huet drop geschriwwen: „Säin Numm ass Jean.“ Si waren all verwonnert.

[64] Stënterlech gouf säi Mond opgemaach a seng Zong war fräi. Hie konnt nees schwätzen an huet Gott gelueft.

[65] D’ganz Noperschaft krut et mat der Angscht ze dinn. Uechter d’ganz Bierger vu Judea gouf iwwert dës Evenementer diskutéiert.

[66] Jiddereen, deen dovunner héieren huet, huet sech dat alles zu Häerz geholl a frot sech: „Wat soll wuel aus dësem Këndche ginn?“ Et war kloer, datt d’Hand vum Här mat him war.

[67] Duerno gouf säi Papp Sacharia vum hellege Geescht erfëllt an huet prophezeit:

[68] „Gelueft sief den Här, de Gott vun Israel, well hie säi Vollek besicht an erléist huet.

[69] Hien huet eis e mächtege Retter aus dem Haus vu sengem Dénger David ervirbruecht,

[70] esou wéi hien et duerch de Mond vu sengen hellege Prophéite viru laanger Zäit gesot hat:

[71] ‚Hie rett eis aus der Hand vun eise Feinden a vun all deenen, déi eis haassen.‘

[72] Dat war, fir eise Pappe seng Baarmhäerzegkeet z’erweisen a fir u säin hellege Bond z’erënneren,

[73] deen Eed, deen hien eisem Papp, dem Abraham, geschwuer hat.

[74] Dat war, fir eis et z’erméiglechen, nodeems mir aus der Hand vun eise Feinden erléist wieren, him ouni Angscht

[75] all Dag vun eisem Liewen an Hellegkeet a Gerechtegkeet a senger Präsenz ze déngen.

[76] An du, Këndchen, gëss Prophéit vum Allerhéchste genannt. Du gees dem Här viraus, fir him seng Weeër virzebereeden

[77] a fir sengem Vollek d’Erkenntnes iwwert d’Rettung ze ginn duerch d’Verzeiung vun hire Sënnen,

[78] wéinst dem häerzlechen Erbaarme vun eisem Gott, mat deem hien eis als Sonnenopgang vun uewe besicht huet.

[79] Hien erschéngt deenen, déi an der Däischtert an am Schiet vum Doud sëtzen, fir eis Féiss op de Wee vum Fridden ze leeden.“

[80] D’Kand ass gewuess an ass staark am Geescht ginn. Et huet an der Wüst gelieft bis den Dag vu sengem ëffentlechen Optriede virum Vollek Israel.

De Luc — Chapters