Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit huet den Caesar Augustus en Uerder erausginn, datt d’Leit aus dem ganze Räich sech sollen aschreiwe loossen.

[2] Et war déi éischt Vollekszielung, wéi de Quirinius Gouverneur vu Syrien war.

[3] Alleguer si sech aschreiwe gaangen, jiddereen a seng eege Stad.

[4] Och de Jousef goung vun der Stad Nazaret a Galilea fort, fir a Judea an d’Stad vum David ze goen, déi Betlehem heescht, well hien aus dem Haus a vun den Nokomme vum David war.

[5] Hie wollt sech do mam Maria, mat deem hie verloobt war an dat erwaart huet, aschreiwe loossen.

[6] Bannent där Zäit, an där si zu Betlehem waren, ass den Dag komm, op deem hatt accouchéiere sollt.

[7] Hatt huet säin Éischtgebuerenen, e Jong, op d’Welt bruecht. Hatt huet hien an eng Lomp gewéckelt an huet hien an eng Krëpp geluecht, well néierens en Zëmmer fir si fräi war.

[8] An därselwechter Géigend goufen et Schéifer, déi op der Gewan gelieft hunn an déi nuets hir Häerd gehitt hunn.

[9] Op eemol ass hinnen en Engel vum Här erschéngen. D’Herrlechkeet vum Här huet ëm si geliicht a si krute schrecklech Angscht.

[10] „Hieft keng Angscht“, sot den Engel zu hinnen. „Lauschtert, ech bréngen iech eng gutt Noriicht, déi dem ganze Vollek vill Freed bréngt.

[11] Haut, an der Stad vum David, gouf äre Retter gebuer. Hien ass de Messias, den Här.

[12] Dat hei ass d’Zeeche fir iech: Dir fannt e Puppelchen, deen a Lompe gewéckelt ass an deen an enger Krëpp läit.“

[13] Op eemol war eng riseg himmlesch Arméi beim Engel a si hu Gott gelueft:

[14] „Éier sief Gott am héchsten Himmel. Fridden a Wuelgefale fir d’Mënschen op der Äerd.“

[15] Wéi d’Engele si verlooss haten an zeréck an den Himmel gaange waren, hunn d’Hierten een zum anere gesot: „Kommt mir ginn op Betlehem, fir dat ze gesinn, wat geschitt ass a wat den Här eis gesot huet.“

[16] Si hu sech séier op de Wee gemaach an hunn d’Maria, de Jousef an de Puppelchen, deen an enger Krëpp louch, fonnt.

[17] Nodeems si se gesinn haten, hu si dat, wat hinnen iwwert d’Kand gesot gouf, verkënnegt.

[18] Jiddereen, deen dat héieren huet, war verwonnert iwwert dat, wat d’Schéifer hinne verzielt haten.

[19] Mee d’Maria huet sech alles, wat gesot gouf, agepräägt an huet bei sech selwer driwwer nogeduecht.

[20] D’Schéifer sinn nees zeréckgaangen an hu Gott verherrlecht a gelueft fir alles, wat si héieren a gesinn haten, esou wéi et hinne gesot gouf.

[21] No aacht Deeg war et un der Zäit, fir d’Këndchen ze beschneiden. Hie gouf Jesus genannt, deen Numm, deen den Engel him viru senger Empfängnis ginn hat.

[22] Wéi d’Deeg vun hirer Rengegung nom Gesetz vum Moses erfëllt waren, hunn de Jousef an d’Maria hiert Kand op Jerusalem bruecht, fir et do dem Här ze presentéieren,

[23] esou wéi et am Gesetz vum Här geschriwwe steet: „All Männlecht, dat de Mammeläif duerchbrécht, soll dem Här gehellegt ginn.“ (2. Moses 13,2.12)

[24] Si hunn och en Affer bruecht, esou wéi et am Gesetz vum Här geschriwwe steet: „e Puer Tuerteldauwen oder zwou jonk Dauwen.“ (3. Moses 12,8)

[25] Zu Jerusalem gouf et e Mann, dee Schimon geheescht huet. Hie war gerecht a fromm an huet op den Trouscht vun Israel gewaart. Den hellege Geescht war op him.

[26] Et war him duerch den hellege Geescht gewise ginn, datt hien net stierwe géif, éier hien de Messias vum Här gesinn hätt.

[27] Hie goung, vum hellege Geescht geleet, an den Tempel. Wéi d’Elteren d’Kand, de Jesus, erabruecht hunn, fir dat mat him ze maachen, wat nom Gesetz de Brauch war,

[28] huet de Schimon et a seng Äerm geholl a Gott gelueft:

[29] „Här, elo léisst du däin Dénger a Fridde goen, esou wéi s du gesot has,

[30] well meng Aen hunn deng Rettung gesinn,

[31] déi s du an der Géigewaart vun all de Vëlker virbereet hues:

[32] e Liicht als Offenbarung fir d’Natiounen an als Herrlechkeet fir däi Vollek Israel.“

[33] De Jousef an dem Jesus seng Mamm waren iwwert dat verwonnert, wat iwwert de Jesus gesot gouf.

[34] Dunn huet de Schimon si geseent a sot zum Jesus senger Mamm, dem Maria: „Kuck, dëst Kand ass fir d’Falen an d’Operstoe vu villen an Israel bestëmmt. Hien ass och bestëmmt, fir en Zeechen ze sinn, deem widdersprach gëtt.

[35] Och deng eege Séil gëtt duerch e Schwäert duerchbuert, fir datt d’Gedanken aus villen Häerzer opgedeckt ginn.“

[36] Et gouf deemools och eng Prophéitin, Hanna, eng Duechter vum Penuel, vum Stamm vum Ascher. Si war scho bei Alter. Si hat siwe Joer mat hirem Mann no hirem Bestietnes gelieft

[37] a war eng Witfra vu véieranachzeg Joer. Si huet den Tempel ni verlooss an huet Gott Dag an Nuecht mat Faaschten a Gebieder gedéngt.

[38] An deem Moment koum si eran, sot dem Här Merci an huet jidderengem, deen zu Jerusalem op d’Erléisung gewaart huet, vum Kand verzielt.

[39] Wéi de Jousef an d’Maria alles nom Gesetz vum Här erfëllt haten, gounge si zeréck an hir Stad a Galilea, déi Nazaret geheescht huet.

[40] D’Kand ass gewuess an ass staark am Geescht ginn, erfëllt mat Wäisheet. D’Gnod vu Gott war op him.

[41] All Joers si seng Eltere fir d’Passafest op Jerusalem gaangen.

[42] Wéi hien zwielef Joer hat, gounge si op Jerusalem, esou wéi et de Brauch vum Fest war.

[43] Wéi d’Fest eriwwer war a si nees um Heemwee waren, blouf de Jong Jesus zu Jerusalem. De Jousef an dem Jesus seng Mamm woussten awer näischt dovunner.

[44] Si hunn ugeholl, datt hie bei de Reeskomerode wier, a sinn een Dag laang gereest, éier si bei der Famill a bei de Kënnegen no him gesicht hunn.

[45] Wéi si hien net fonnt hunn, gounge si hannescht op Jerusalem, fir no him ze sichen.

[46] No dräi Deeg hu si hien dunn am Tempel fonnt. Hie souz matzen ënnert de Léiermeeschteren, huet hinnen nogelauschtert an hinne Froe gestallt.

[47] Jiddereen, deen hien héieren huet, huet säi Verstand a seng Äntwerte bewonnert.

[48] Wéi seng Elteren hie gesinn hunn, ware si verwonnert. „Mäi Kand, firwat hues du eis dat ugedoen? Kuck, däi Papp an ech hunn eis Suerge gemaach, wéi mer dech gesicht hunn“, sot seng Mamm zu him.

[49] „Firwat hutt dir mech gesicht?“, huet hien hinne geäntwert. „Wousst dir net, datt ech an deem muss sinn, wat mengem Papp säint ass?“

[50] Mee si hunn dat, wat hie gesot huet, net verstanen.

[51] Du goung hie mat hinnen erof an zeréck op Nazaret. Hien huet hinne gefollegt. Seng Mamm huet alles, wat gesot gouf, an hirem Häerz behalen.

[52] De Jesus ass u Wäisheet an u Maturitéit gewuess an hie stoung ëmmer méi héich an der Gonscht vu Gott an de Mënschen.

De Luc — Chapters