Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno sot de Jesus zu senge Jénger: „Et ass onméiglech, datt keng Versuchunge kommen, mee wéi schrecklech gëtt et fir deen, duerch dee si kommen!

[2] Et wier besser fir hien, datt hie géif mat engem Millesteen ëm den Hals an d’Mier gehäit ginn, wéi datt hien ee vun dëse Klenge sënnegen deet.

[3] Gitt also op iech selwer uecht! Wann däi Brudder sech géint dech versënnegt, da weis hien zurecht. Wann hien ëmkéiert, da verzei him.

[4] Wann hie sech siwemol am Dag géint dech versënnegt a wann hie siwemol am Dag bei dech kënnt an zu dir seet: ‚Ech kéieren ëm‘, da solls du him verzeien.“

[5] D’Apostele soten dunn zum Här: „Looss eise Glawe wuessen.“

[6] Den Här sot dunn: „Wann dir Glawen esou grouss wéi e Moschterkär hätt, da kéint dir zu deem Maulbierbam hei soen: ‚Rapp deng Wuerzelen aus dem Buedem a planz dech an d’Mier‘, da géif de Bam iech follegen!

[7] Wie vun iech, deen e Kniecht huet, dee plout oder d’Véi hitt, géif zu deem soen, wann hie vum Feld heemkënnt: ‚Komm séier an huel beim Dësch Plaz‘?

[8] Géif hien net éischter zu him soen: ‚Maach mir eppes, fir z’iessen; maach dech prett, fir mech ze zerwéieren, bis ech giess a gedronk hunn. Duerno kanns du och iessen an drénken‘?

[9] Seet hien dem Kniecht Merci, well hien dat gemaach huet, wat him befuel gouf? Ech mengen net.

[10] Esou soll et och mat iech sinn: Wann dir alles, wat dir befuel krut, gemaach hutt, da sot: ‚Mir sinn onnëtz Dénger. Mir hu just dat gemaach, wat eis Flicht war.‘“

[11] Wéi de Jesus ënnerwee op Jerusalem war, goung hie matzen duerch Samarien a Galilea.

[12] Hie koum do an engem Duerf un, wou him zéng aussätzeg Männer entgéintkoumen. Si si wäit ewech stoe bliwwen

[13] an hu geruff: „Jesus, Meeschter, erbaarm dech eiser.“

[14] Wéi hie si gesinn huet, sot hien: „Gitt a weist iech de Priister.“ Wéi si sech op de Wee gemaach hunn, goufe si reng.

[15] Wéi ee vun hinne gesinn huet, datt hie geheelt gi war, huet hien d’Kéier gemaach a mat haarder Stëmm Gott verherrlecht.

[16] Hien ass virum Jesus senge Féiss op säi Gesiicht gefall an huet him Merci gesot. Hie war e Samariter.

[17] Du sot de Jesus zu him: „Goufen der net zéng gerengegt? Wou sinn dann déi aner néng?

[18] Goufe soss keng fonnt, déi zeréckkomme wollten, fir Gott ze verherrlechen, ausser dësem Friemen?

[19] Stéi op a géi“, sot hien zu him, „däi Glawen huet dech gerett.“

[20] Eng aner Kéier gouf de Jesus vun de Pharisäer gefrot, wéini d’Kinnekräich vu Gott komme géif. Hien huet hinne geäntwert: „D’Kinnekräich vu Gott kënnt net op eng Manéier, déi ee genee observéiere kann.

[21] Et kann och kee soen: ‚Kuckt, hei ass et!‘, oder: ‚Kuckt, do ass et!‘ D’Kinnekräich vu Gott ass nämlech matzen ënnert iech.“

[22] Hie sot zu senge Jénger: „D’Zäit kënnt, an där dir duerno verlaangert, een eenzege vun den Deeg vum Jong vum Mënsch ze gesinn, mee dir gesitt en net.

[23] Si soen dann zu iech: ‚Kuckt, hei ass en!‘, oder: ‚Kuckt, do ass en!‘ Gitt net dohin a laaft hinnen net no.

[24] Esou wéi de Blëtz vun engem Enn vum Himmel bis un dat anert Enn vum Himmel liicht, esou ass och de Jong vum Mënsch op sengem Dag.

[25] Fir d’éischt muss hien awer villes leiden a vun dëser Generatioun verworf ginn.

[26] Esou wéi et zur Zäit vum Noach war, esou ass et och an den Deeg vum Jong vum Mënsch:

[27] Si hu giess, gedronk, hu sech bestuet an hu sech bestuede gelooss, bis deen Dag, op deem den Noach an d’Arch goung. D’Flut koum an huet si all ëmbruecht.

[28] Geneesou war et zur Zäit vum Lot: Si hu giess a gedronk, hu kaf a verkaf, hu geplanzt a gebaut.

[29] Mee deen Dag, op deem de Lot Sodom verlooss huet, huet et Feier a Schwiefel vum Himmel gereent an huet si all ëmbruecht.

[30] Esou ass et och op deem Dag, wann de Jong vum Mënsch offenbar gëtt.

[31] Wien deen Dag uewen um Haus ass a seng Saachen am Haus huet, soll net erofgoen, fir alles erauszehuelen. Geneesou soll deen, deen um Aker ass, net zeréckgoen.

[32] Erënnert iech un dem Lot seng Fra!

[33] Wie probéiert, säi Liewen ze retten, dee verléiert et, a wie säi Liewe verléiert, dee behält et.

[34] Ech soen iech, an där Nuecht leien der zwee an engem Bett: deen ee gëtt geholl an deen anere gëtt zeréckgelooss.

[35] Zwou Frae sinn zesummen am Gaang, ze muelen: déi eng gëtt geholl an déi aner gëtt zeréckgelooss.

[36] Et sinn der zwee um Feld: deen ee gëtt geholl an deen anere gëtt zeréckgelooss.“

[37] Du frote si hien: „Wou Här?“ „Do, wou d’Läich ass, sammele sech d’Geieren“, huet hien hinne geäntwert.

De Luc — Chapters