Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jesus goung um zweete Sabbat nom éischten duerch Weessefelder. Seng Jénger hunn d’Éie gepléckt, se an den Hänn zerriwwen a se du giess.

[2] „Firwat maacht dir eppes, wat um Sabbat net erlaabt ass?“, frote munch vun de Pharisäer si.

[3] „Hutt dir dann net dat gelies, wat den David a seng Kommerode gemaach haten, wéi si hongereg waren?“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[4] „Hie goung an d’Haus vu Gott, huet d’Ausstellungsbrout geholl an et giess. Hien huet och senge Komeroden dovunner z’iesse ginn, obwuel et nëmmen de Priister erlaabt war, fir dovunner z’iessen.“

[5] Hie sot zu hinnen: „De Jong vum Mënsch ass Här iwwert de Sabbat.“

[6] Op engem anere Sabbat goung de Jesus an d’Synagog eran an huet do enseignéiert. Do war e Mann, deem seng riets Hand verkrëppelt war.

[7] D’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer hunn de Jesus genee observéiert, fir ze kucken, ob hien och um Sabbat heele géif, fir datt si eppes fanne kéinten, fir hien unzekloen.

[8] Hie wousst, wat si geduecht hunn, a sot zum Mann mat der verkrëppelter Hand: „Stéi op a stell dech hei an d’Mëtt!“ Hie stoung op an huet sech dohi gestallt.

[9] Dunn huet de Jesus si gefrot: „Ech froen iech eppes: Ass et erlaabt um Sabbat Guddes oder Béises ze doen, Liewen ze retten oder ze huelen?“

[10] Nodeems hie si all ugekuckt hat, sot hien zum Mann: „Streck deng Hand aus!“ De Mann huet et gemaach a seng Hand gouf gesond, esou gesond wéi déi aner.

[11] Mee d’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer waren ausser sech vu Roserei an hunn ënnerteneen diskutéiert, wat si dem Jesus kéinten undoen.

[12] Zu där Zäit goung de Jesus op e Bierg, fir do ze bieden. Hien huet d’ganz Nuecht am Gebiet u Gott verbruecht.

[13] Wéi et Dag gouf, huet hie seng Jénger geruff an huet der Zwielef vun hinnen auserwielt, déi hien och Apostel genannt huet:

[14] de Schimon, deen hie Péitrus genannt huet, den Andreas, säi Brudder, de Jacques, de Jean, de Philippe, de Bar-Talmai,

[15] de Mattias, den Thomas, de Jacques, deen de Jong vum Alfai war, de Schimon, deen de Radikale genannt gouf,

[16] de Judas, deen de Jong vum Jacques war, an de Judas Ischkariot, deen zum Verréider gouf.

[17] De Jesus ass mat hinnen de Bierg erofgaangen an ass op enger flaacher Plaz stoe bliwwen. Eng grouss Zuel vu senge Jénger an eng Mass Leit aus ganz Judea, vu Jerusalem a vun der Küst vun Tyr a vun Zidon, ware komm, fir him nozelauschteren a fir vun hire Kränkte geheelt ze ginn.

[18] Och déi, déi vun onrenge Geeschter geplot waren, goufe geheelt.

[19] All d’Leit hu probéiert, fir hien ze beréieren, well Kraaft vun him ausgoung, déi jidderee geheelt huet.

[20] Hien huet seng Jénger ugekuckt a sot: „Geseent sidd dir, déi dir geeschtlech aarm sidd, well iech gehéiert d’Kinnekräich vu Gott.

[21] Geseent sidd dir, déi dir elo hongereg sidd, well dir gitt gesiedegt. Geseent sidd dir, déi dir elo kräischt, well duerno laacht dir.

[22] Geseent sidd dir, wann d’Mënschen iech haassen, iech ausschléissen, iech beleidegen an ären Numm duerch den Dreck zéien, an dat alles wéinst dem Jong vum Mënsch.

[23] Freet iech op deem Dag a sprangt vu Freed, well är Belounung am Himmel ass grouss. Genee esou hunn hir Pappen et och mat de Prophéite gemaach.

[24] Wéi schrecklech ass et awer fir iech, déi dir räich sidd, well dir hutt ären Trouscht scho kritt.

[25] Wéi schrecklech ass et fir iech, déi dir elo gesiedegt sidd, well dir gitt hongereg. Wéi schrecklech ass et fir iech, déi dir elo laacht, well duerno trauert a kräischt dir.

[26] Wéi schrecklech ass et fir iech, wann d’Leit gutt iwwert iech schwätzen, well esou hunn et och schonns hir Pappe mat de falsche Prophéite gemaach.

[27] Mee iech, déi dir nolauschtert, soen ech: Hutt är Feinde gär. Ditt deene Guddes, déi iech haassen.

[28] Seent déi, déi iech verfluchen. Biet fir déi, déi iech mësshandelen.

[29] Wann een dech op de Bak schléit, dann hal em och deen aneren dohinner. Wann een dir däi Mantel hëlt, da loss en och deng Tunique huelen.

[30] Wann een dech fir eppes freet, da gëff him et; wann een dir eppes ewechhëlt, da fro et net nees zeréck.

[31] Esou wéi dir wëllt, datt d’Leit mat iech ëmginn, esou gitt och mat hinnen ëm.

[32] Wat fir e Merci kritt dir, wann dir déi gär hutt, déi iech gär hunn? Och d’Sënner hunn déi gär, déi si gär hunn.

[33] Wat fir e Merci kritt dir, wann dir deene Guddes ditt, déi iech Guddes doen? Och d’Sënner maachen datselwecht.

[34] Wat fir e Merci kritt dir, wann dir deenen eppes léint, vun deenen dir och erwaart, et nees erëmzekréien? Och d’Sënner léinen de Sënner, fir nees datselwecht erëmzekréien.

[35] Dir awer, hutt är Feinde gär, maacht Guddes a léint, ouni eppes zeréckz’erwaarden! Da gëtt är Belounung grouss an dir gitt Kanner vum Allerhéchsten. Hien ass och gutt mat den Ondankbaren an de Béisen.

[36] Dofir sidd baarmhäerzeg, esou wéi och äre Papp baarmhäerzeg ass!

[37] Riicht net, da gitt och dir net geriicht! Veruerteelt net, da gitt och dir net veruerteelt! Verzeit, da kritt och dir verzien!

[38] Gitt, da kritt och dir. Eng Mooss, dat struppevoll, zesummegepresst a gutt duerchgerëselt ass an och iwwerleeft, kritt dir an de Schouss geluecht. Mat därselwechter Mooss, mat där dir moosst, mat där gitt och dir gemooss.“

[39] Hien huet hinnen och nach e Gläichnes verzielt: „Kann e Blannen en anere Blanne féieren? Fale se dann net allebéid an e Gruef?

[40] De Léierbouf steet net iwwert sengem Léiermeeschter, mee all Léierbouf, dee mat senger Ausbildung fäerdeg ass, ass herno wéi säi Léiermeeschter.

[41] Firwat gesäis du d’Spläiter an dengem Brudder sengem A, awer d’Dunn an dengem eegenen A mierks du net?

[42] Wéi kanns du zu dengem Brudder soen: ‚Brudder, looss mech d’Spläiter aus dengem A eraushuelen‘, wann s du mol selwer d’Dunn an dengem eegenen A net gesäis? Du Heuchler! Huel fir d’éischt d’Dunn aus dengem A eraus, da gesäis du kloer, fir dengem Brudder d’Spläiter aus sengem A erauszehuelen.

[43] E gudde Bam dréit keng faul Friichten an e faule Bam dréit och keng gutt Friichten.

[44] All Bam gëtt u senge Friichten erkannt: Vun Dëschtele pléckt ee keng Figen, nach liest een Drauwe vun Därenhecken.

[45] De gudde Mënsch bréngt Guddes aus dem Gudden ervir, wat hien a sech huet, an de béise Mënsch bréngt Béises aus dem Béisen ervir, wat hien a sech huet. Vun deem d’Häerz voll ass, dovu leeft de Mond iwwer.

[46] Firwat nennt dir mech ‚Här, Här!‘ a maacht net dat, wat ech iech soen?

[47] Ech wëll iech weisen, wiem dee gläicht, dee bei mech kënnt, meng Wierder héiert an no hinnen handelt:

[48] Hien ass wéi e Mann, deen en Haus gebaut huet, déif gegruewen huet an d’Fëllement op Fiels geluecht huet. Wéi dunn Héichwaasser koum, huet d’Stréimung um Haus gerappt a konnt et net bewegen, well et op Fiels gebaut gi war.

[49] Mee wie meng Wierder héiert an net no hinnen handelt, dee gläicht engem Mann, dee säin Haus ouni Fëllement op de Buedem gebaut huet. D’Stréimung huet um Haus gerappt an et ass direkt an e Koup gefall. D’Zerstéierung vum Haus war grouss.“

De Luc — Chapters