Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi de Jesus mat senger Ried virum Vollek fäerdeg war, goung hien a Kapernaum eran.

[2] Engem réimeschen Offizéier säin Dénger, op deen hien déck Stécker gehalen huet, war krank a louch um Stierwen.

[3] Wéi hie vum Jesus héieren huet, huet hien e puer vun de Judden hiren Eelste bei hie geschéckt, fir hien ze froen, ob hie komme géif, fir säin Dénger ze heelen.

[4] Wéi si beim Jesus ukoumen, hu si hie mat Nodrock ugebiedelt: „Hien huet et verdéngt, datt s du dat fir hie méchs,

[5] well hien eis Natioun gär huet. Hie war et och, deen eis d’Synagog gebaut huet.“

[6] Du goung de Jesus mat hinnen. Wéi hien net wäit vum Haus ewech war, huet den Offizéier Frënn bei hie geschéckt, fir zu him ze soen: „Här, maach dir keng Méi, well ech sinn et net wäert, datt s du bei mech ënnert mäin Daach kënns.

[7] Dowéinst hunn ech mech net fir wierdeg gehalen, fir dir entgéintzekommen. So dach e Wuert, da gëtt mäin Dénger geheelt.

[8] Ech sinn och e Mann, deen ënnert der Autoritéit vun anere steet, an hunn Zaldoten ënnert mir. Soen ech zu engem: ‚Géi!‘, da geet hien oder zu engem aneren: ‚Komm!‘, da kënnt hien. Soen ech zu mengem Sklav: ‚Maach dat!‘, da mécht hien et.“

[9] Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien iwwert den Offizéier gestaunt. Hien huet sech ëmgedréit a sot zu de Leit, déi him nogoungen: „Ech soen iech, net emol an Israel hunn ech esou e grousse Glawe fonnt.“

[10] Wéi déi, déi bei de Jesus geschéckt goufen, zeréck an d’Haus koumen, hu si festgestallt, datt den Dénger, dee krank war, nees gesond war.

[11] Eng aner Kéier, goung de Jesus an eng Stad, déi Naim geheescht huet, a vill vun de Jénger an eng Abberzuel Leit ware mat him ënnerwee.

[12] Wéi hie méi no un d’Paart vun der Stad koum, gouf grad en Doudegen erausgedroen. Deem seng Mamm war Witfra an hie war hiren eenzege Jong. Vill Leit aus der Stad hunn d’Fra begleet.

[13] Wéi den Här d’Fra gesinn huet, hat hie Matleed mat hir. „Kräisch net“, sot hien zu hir.

[14] Hie goung méi no bei d’Drobier, wou den Doudegen drop louch, an huet se beréiert. Déi, déi se gedroen hunn, si stoe bliwwen. De Jesus sot: „Jonke Mann, ech soen dir, stéi op!“

[15] Den Doudegen huet sech opgeriicht an huet ugefaangen, ze schwätzen. De Jesus huet hie senger Mamm erëmginn.

[16] Si goufen all mat Angscht erfëllt an hu Gott verherrlecht: „E grousse Prophéit ass ënnert eis zum Virschäin komm!“, an: „Gott ass säi Vollek besiche komm.“

[17] Dës Noriicht iwwert hien huet sech uechter ganz Judea an der ganzer Ëmgéigend verbreet.

[18] Dem Jean seng Jénger hunn him dat alles verzielt.

[19] Dunn huet de Jean zwee vu senge Jénger bei sech geruff an huet si bei de Jesus geschéckt, fir ze froen: „Bass du deen, dee komme soll, oder solle mir op en anere waarden?“

[20] Wéi d’Männer bei de Jesus koumen, sote si: „De Jean den Deefer huet eis bei dech geschéckt, fir ze froen: ‚Bass du deen, dee komme soll, oder solle mir op en anere waarden?‘“

[21] Grad zu där Zäit huet hie vill Leit vun hire Kränkten, vun hirer Péng a vu béise Geeschter geheelt an huet ville Blannen hir Vue erëmginn.

[22] De Jesus huet hinne geäntwert: „Gitt bei de Jean a verzielt him vun deem, wat dir gesinn an héieren hutt: Déi Blann gesinn, déi Schlamm ginn, déi Aussätzeg gi gerengegt, déi Daf héieren, déi Doudeg ginn nees lieweg an déi Aarm kréien d’gutt Noriicht gepriedegt.

[23] Geseent ass deen, dee keen Ustouss u mir hëlt.“

[24] Wéi dem Jean seng Buete fortgaange waren, huet de Jesus ugefaangen, mat de Leit iwwert de Jean ze schwätzen: „Wat sidd dir an d’Wüst kucke gaangen? Eng Lëtsch, déi vum Wand hin an hier geblose gëtt?

[25] Oder wat sidd dir soss kucke gaangen? E Mann mat deiere Kleeder? Nee! Déi, déi deier Kleeder droen an am Luxus liewen, fënnt een a kinneklechen Haiser.

[26] Oder wat sidd dir soss kucke gaangen? E Prophéit? Jo, ech soen iech, een, dee vill méi ass wéi e Prophéit.

[27] Hien ass deen, iwwert dee geschriwwe steet: ‚Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier, deen dir däi Wee virbereet.‘ (Malachi 3,1)

[28] Ech soen iech: Vun all deenen, déi vu Frae gebuer goufen, gëtt et kee méi e wichtege Prophéit, wéi de Jean den Deefer! Mee deen Onwichtegsten am Kinnekräich vu Gott ass méi wichteg wéi hien.“

[29] (Wéi si dat héieren hunn, hunn d’ganzt Vollek an d’Steierandreiwer, déi vum Jean gedeeft goufen, gesot, Gott wier gerecht.

[30] Mee d’Pharisäer an d’Experten am Gesetz, déi net vum Jean gedeeft goufen, hunn de Plang vu Gott fir si verworf.)

[31] „Mat wiem soll ech d’Leit vun dëser Generatioun vergläichen? Wiem gläiche si?

[32] Si si wéi Kanner, déi op der Maartplaz sëtzen an een deem aneren zouruffen: ‚Mir hu fir iech Flütt gespillt an dir hutt net gedanzt; mir hu fir iech Trauerlidder gesongen an dir hutt net gekrasch.‘

[33] De Jean den Deefer koum nämlech an huet weder Brout giess nach Wäin gedronk an dir sot: ‚Hien huet en Dämon a sech!‘

[34] De Jong vum Mënsch koum an huet giess a gedronk an dir sot: ‚Kuckt iech deen emol un! E Fréisser an e Sëffer, e Frënd vu Steierandreiwer a vu Sënner!‘

[35] Mee alleguer déi, déi der Wäisheet noginn, weisen, datt si richteg ass.“

[36] Et huet ee vun de Pharisäer de Jesus gefrot, fir mat him zesummen z’iessen. Hie goung bei de Pharisäer heem an huet sech un den Dësch geluecht.

[37] Do gouf et eng Fra aus der Stad (si war eng Sënnerin), déi héieren hat, datt de Jesus géif beim Pharisäer doheem iessen. Si huet eng Alabasterfläsch mat Essenz bei hie bruecht.

[38] Si stoung hannert dem Jesus bei senge Féiss an huet gekrasch. Dunn huet si seng Féiss mat hiren Tréine gewäsch a se mat hiren Hoer gedréchent. Si huet seng Féiss gekësst a se mat der Essenz gesalleft.

[39] Wéi de Pharisäer, deen hien invitéiert hat, dat gesinn huet, sot hie bei sech: „Wann dëse Mann wierklech e Prophéit wier, géif hie wëssen, wat fir eng Persoun hie beréiert a wat fir eng Zort Fra si ass. Si ass jo eng Sënnerin.“

[40] Dunn huet de Jesus d’Wuert ergraff: „Schimon, ech hunn dir eppes ze soen.“ „Léiermeeschter, so mir“, huet dee geäntwert.

[41] „E Creancier hat zwee Debiteuren. Deen ee war him fënnefhonnert Denare schëlleg an deen anere fofzeg.

[42] Wéi si hien awer net méi zeréckbezuele konnten, huet hien déi zwee vun der Schold fräigesprach. So mir elo, wie vun deenen zwee wäert hie wuel am meeschte gär hunn?“

[43] „Ech mengen deen, deen déi gréisste Schold erlooss krut“, huet de Schimon geäntwert. „Däin Uerteel ass richteg“, sot de Jesus zu him.

[44] Hien huet sech du bei d’Fra gedréit a sot zum Schimon: „Gesäis du dës Fra? Ech si bei dech an d’Haus komm an du hues mir kee Waasser fir meng Féiss ginn. Mee si huet meng Féiss mat hiren Tréine gewäsch a se mat hiren Hoer gedréchent.

[45] Du hues mer keng Bees ginn; mee si huet net opgehalen, meng Féiss ze këssen, zënter ech erakoum.

[46] Du hues mäi Kapp net mat Ueleg gesalleft, mee si huet meng Féiss mat Essenz gesalleft.

[47] Dofir soen ech dir, hir vill Sënne sinn hir verzien, well si huet vill Léift gewisen. Mee deen, dee wéineg verzie kritt, deen huet och wéineg Léift gewisen.“

[48] Du sot hien zu hir: „Deng Sënne sinn dir verzien.“

[49] Doropshin hunn déi, déi mat him zu Dësch louchen, ënnertenee gesot: „Wien ass hien, datt hien esouguer Sënne verzeit?“

[50] Hie sot zur Fra: „Däi Glawen huet dech gerett. Géi am Fridden.“

De Luc — Chapters