Skip to content
Opens in a new window

[1] Dunn huet hien hinnen e Gläichnes verzielt, fir ze weisen, datt si ëmmer biede sollen an net de Courage verléiere sollen:

[2] „An enger Stad gouf et e Riichter, dee Gott net gefaart an och d’Mënschen net respektéiert huet.

[3] An därselwechter Stad gouf et eng Witfra, déi bei hie koum a sot: ‚Verschaf mir Recht géigeniwwer mengem Géigner!‘

[4] Während laanger Zäit wollt hien dat net maachen, mee duerno sot hie sech: ‚Och wann ech Gott net fäerten an och de Mënsch net respektéieren,

[5] esou wëll ech dach dëser Witfra hiert Recht verschafen, well si mir domat noleeft. Soss kënnt si an engem Stéck, fir mech ze ploen.‘“

[6] Du sot den Här: „Lauschtert op dat, wat den ongerechte Riichter sot.

[7] Sollt Gott sengen Auserwielten net Recht verschafen, déi Dag an Nuecht zu him ruffen? Sollt hie si laang waarde loossen?

[8] Ech soen iech, datt hien hinne séier Recht verschaaft. Mee soll de Jong vum Mënsch op der Äerd Glawe fannen, wann hie kënnt?“

[9] Verschiddene Leit, déi vu sech selwer iwwerzeegt waren, datt si gerecht wieren, an op anerer erofgekuckt hunn, huet de Jesus dëst Gläichnes verzielt:

[10] „Zwee Männer goungen erop an den Tempel, fir ze bieden. Deen ee war e Pharisäer an deen anere war e Steierandreiwer.

[11] De Pharisäer stoung do an huet Folgendes bei sech selwer gebiet: ‚Gott, ech soen dir Merci, datt ech net wéi aner Mënsche sinn. Ech sinn net wéi déi, déi klauen, ongerecht sinn, am Bestietnes friemginn an ech si scho guer net wéi dëse Steierandreiwer!

[12] Ech faaschten zweemol an der Woch a ginn den Zéngtel vu mengem ganzen Akommes.‘

[13] De Steierandreiwer stoung méi wäit ewech a wollt emol seng Aen net zum Himmel erhiewen. Aplaz dovun huet hie sech un d’Broscht geschloen a sot: ‚Gott, sief gnädeg mat mir Sënner!‘

[14] Ech soen iech, dëse Mann goung gerechtfäerdegt heem, mee deen aneren net. Jiddereen, dee sech nämlech selwer erhieft, gëtt erniddregt, a wie sech selwer erniddregt, gëtt erhuewen.“

[15] D’Leit hunn och Puppelcher bei hie bruecht, fir datt hie si beréiere géif. Mee wéi seng Jénger dat gesinn hunn, hu si d’Leit zurechtgewisen.

[16] De Jesus huet si awer bei sech geruff a sot: „Loosst déi kleng Kanner bei mech kommen an haalt si net dovunner of. D’Kinnekräich vu Gott besteet aus Mënschen ewéi hinnen.

[17] Ech soen iech d’Wourecht! Wien d’Kinnekräich vu Gott net ewéi e klengt Kand unhëlt, kënnt op kee Fall eran.“

[18] Ee vun den Ieweschten huet hie gefrot: „Gudde Léiermeeschter, wat muss ech maachen, fir éiwegt Liewen ze ierwen?“

[19] Dorops sot de Jesus zu him: „Firwat nenns du mech gutt? Et ass kee gutt, ausser Gott eleng.

[20] Du kenns d’Geboter: ‚Briech d’Bestietnes net, andeems du friemgees; Ermort keen; Klau net; Maach keng falsch Zeienausso; Éier däi Papp an deng Mamm.‘“ (2. Moses 20,12-16; 5. Moses 5,16-20)

[21] De Mann huet geäntwert: „Zënter menger Jugend hunn ech dat alles agehalen.“

[22] Wéi de Jesus dat héieren huet, sot hien zu him: „Eppes feelt dir nach: Verkaf alles, wat s du hues, a verdeel et ënnert déi Aarm. Dann hues du e Schatz am Himmel. Komm, géi mir no.“

[23] Mee wéi de Mann dat héieren huet, gouf hie ganz verdrësslech. Hie war nämlech onheemlech räich.

[24] Wéi de Jesus gesinn huet, datt hie ganz verdrësslech wier, sot hien: „Wéi schwéier ass et fir Mënsche mat Räichtum, an d’Kinnekräich vu Gott ze kommen!

[25] Et ass méi einfach, fir e Kaméil duerch d’Lach vun enger Bitznol ze goen, wéi fir e Räichen an d’Kinnekräich vu Gott ze kommen.“

[26] Déi, déi dat héieren hunn, soten: „Wie kann dann nach gerett ginn?“

[27] „Dat, wat fir d’Mënschen onméiglech ass, ass fir Gott méiglech“, huet hie geäntwert.

[28] „Kuck, mir hunn alles verlooss a sinn dir nogaangen“, sot de Péitrus.

[29] „Ech soen iech d’Wourecht!“, sot de Jesus zu hinnen. „Et gëtt keen, deen Haus, Elteren, Bridder, Fra oder Kanner verlooss huet wéinst dem Kinnekräich vu Gott,

[30] deen net an dësem Zäitalter vill méi kritt an am Zäitalter, deen nach kënnt, d’éiwegt Liewen.“

[31] Duerno huet de Jesus déi Zwielef op d’Säit geholl a sot zu hinnen: „Passt op! Mir ginn op Jerusalem. Alles, wat vun de Prophéiten iwwert de Jong vum Mënsch geschriwwe gouf, erfëllt sech do.

[32] Hie gëtt nämlech un d’Net-Judden ausgeliwwert, verspott, mësshandelt an ugespaut.

[33] Da gäissele si hien a bréngen hien ëm. Um drëtten Dag ersteet hie vun den Doudegen op.“

[34] Mee d’Jénger hu vun all deem näischt verstanen. De Sënn vun dëser Ried blouf hinne verstoppt a si hunn dat, wat gesot gouf, net verstanen.

[35] Wéi de Jesus du méi no u Jericho erukoum, souz e Blanne beim Wee an huet geheescht.

[36] Wéi hien déi vill Leit héieren huet, déi laanscht goungen, huet hie gefrot, wat lass wier.

[37] Si hunn him geäntwert, datt de Jesus vun Nazaret laanschtgoe géif.

[38] Dunn huet hie geruff: „Jesus, Jong vum David, erbaarm dech menger!“

[39] Déijéineg, déi vir waren, hunn hien ugefuer, roueg ze sinn. Mee hien huet ëmsou méi haart geruff: „Jong vum David, erbaarm dech menger!“

[40] De Jesus ass stoe bliwwen an huet befuel, datt de Blanne bei hie sollt bruecht ginn. Wéi hien dohinner koum, huet de Jesus hie gefrot:

[41] „Wat wëlls du, datt ech fir dech maache soll?“ „Här, looss mech nees gesinn“, huet hie geäntwert.

[42] „Geséi nees! Däi Glawen huet dech geheelt“, sot de Jesus dunn zu him.

[43] Nach am nämmlechten Abléck konnt hie gesinn. Hie goung dem Jesus no an huet Gott verherrlecht. All d’Leit, déi dat gesinn haten, hu Gott gelueft.

De Luc — Chapters