[1] Enges Daags, wéi de Jesus d’Vollek am Tempel geléiert huet an d’gutt Noriicht verkënnegt huet, sinn d’Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz, zesumme mat den Eelsten, op hien duerkomm.
[2] Si hu mat him geschwat: „So eis, mat wat fir engem Recht méchs du dat alles? Wien huet dir dat Recht ginn?“
[3] Hien huet hinne geäntwert: „Ma och ech stellen iech eng Fro. Äntwert mir:
[4] War dem Jean seng Daf vum Himmel oder vum Mënsch?“
[5] Si hunn zesummen iwwerluecht: „Wa mir soen: ‚vum Himmel‘, da freet hien: ‚Firwat hutt dir him dann net gegleeft?‘
[6] Mee wa mir soen: ‚vum Mënsch‘, da gi mir vum ganze Vollek gestengegt, well si sinn iwwerzeegt, datt de Jean e Prophéit war.“
[7] Dowéinst hu si geäntwert, datt si net wéissten, vu wou seng Daf komme géif.
[8] Du sot de Jesus zu hinnen: „Ma da soen ech iech och net, mat wat fir engem Recht ech dat alles maachen.“
[9] Duerno huet hien ugefaangen, dem Vollek dëst Gläichnes ze verzielen: „E Mann huet e Wéngert ugeluecht, huet en u Wënzer verpacht a goung fir eng laang Zäit an d’Ausland.
[10] Wéi et d’Zäit vun der Lies war, huet hien en Dénger bei d’Wënzer geschéckt, fir datt si him säin Deel vun de Friichte vum Wéngert sollten ofginn. Mee d’Wënzer hunn hien zerschloen an hunn hie mat eidelen Hänn fortgeschéckt.
[11] Hien huet dunn en aneren Dénger dohi geschéckt. Deen hu si och zerschloen, erniddregt a mat eidelen Hänn fortgeschéckt.
[12] Hien huet nach en drëtte dohi geschéckt. Och deen hu si bluddeg geschloen an erausgehäit.
[13] Du sot de Besëtzer vum Wéngert: ‚Wat soll ech elo maachen? Ech wëll mäi Jong, deen ech gär hunn, dohi schécken. Wahrscheinlech respektéiere si hien, wa si hie gesinn.‘
[14] Mee wéi d’Wënzer hie gesinn hunn, hu si zesummen iwwerluecht: ‚Deen do ass den Ierwen. Kommt mir bréngen hien ëm, fir datt d’Ierfschaft eis gehéiert!‘
[15] Dowéinst hu si hien aus dem Wéngert gehäit an ëmbruecht. Wat soll de Besëtzer vum Wéngert elo mat hinne maachen?
[16] Hie kënnt, bréngt déi Wënzer ëm a gëtt de Wéngert anere Leit.“ Wéi si dat héieren hunn, sote si: „Dat dierf dach net sinn!“
[17] De Jesus huet si ugekuckt a sot: „Wat ass dann d’Bedeitung vun deem, wat geschriwwe steet: ‚De Steen, deen d’Steemetzer verworf hunn, ass zum Eckstee ginn‘? (Psalmen 118,22)
[18] Jiddereen, deen op dee Stee fält, zerbrécht; mee op wien dee Stee fält, gëtt zersplittert.“
[19] Nach an deem Abléck wollten déi iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz Hand un hie leeën, mee si haten Angscht virum Vollek. Si haten nämlech verstanen, datt dëst Gläichnes op si gemënzt war.
[20] Dofir hu si hie belauert an hu Spioune geschéckt, déi esou gemaach hunn, wéi wa si gerecht wieren. Si wollten hie mat senge Wierder fänken, fir datt si hien der Muecht an der Autoritéit vum Gouverneur ausliwwere kéinten.
[21] Si hunn hie gefrot: „Léiermeeschter, mir wëssen, datt dat, wat s du sees a léiers richteg ass an datt s du onparteiesch bass, mee de Wee vu Gott der Wourecht no léiers.
[22] Ass et eis erlaabt, fir dem Caesar Steieren ze bezuelen, oder net?“
[23] De Jesus huet hir Luussegkeet duerchkuckt a sot zu hinnen: „Firwat stellt dir mech op d’Prouf?
[24] Weist mir en Denar! Wiem säi Bild a wéi eng Schrëft ass hei drop?“ Si hu geäntwert: „Dem Caesar seng.“
[25] Hie sot zu hinnen: „Gitt also dem Caesar, wat dem Caesar gehéiert, a Gott, wat Gott gehéiert.“
[26] Si konnten hien net virum Vollek mat senger Ried fänken. Si waren iwwert seng Äntwert verwonnert an hunn näischt gesot.
[27] Du koumen e puer Zaddukiter (déi soen, datt et keng Operstéiung géif ginn) bei hien a froten hien:
[28] „Léiermeeschter, de Moses huet eis virgeschriwwen, datt wann engem Mann säi bestuete Brudder stierft an dee keng Kanner hannerléisst, da soll de Brudder vum Verstuerwenen d’Fra bestueden a Kanner fir säi Brudder kréien. (5. Moses 25,5)
[29] Et goufe siwe Bridder. Den éischten huet eng Fra bestuet an ass ouni Kanner gestuerwen.
[30] Den zweeten huet sech mat hir bestuet an ass och ouni Kanner gestuerwen.
[31] Dunn huet den drëtte sech mat hir bestuet. Déi siwen hunn et all d’selwecht gemaach: Si hu keng Kanner hannerlooss a si gestuerwen.
[32] Fir d’Lescht vun en alleguer ass och d’Fra gestuerwen.
[33] Elo stellt sech d’Fro: Wiem seng Fra ass si da bei der Operstéiung? Déi siwen hate si jo als Fra.“
[34] De Jesus huet hinne geäntwert: „D’Leit vun dësem Zäitalter bestuede sech a gi bestuet.
[35] Mee déi, déi fir wierdeg gehale ginn, fir um zukünftegen Zäitalter an un der Operstéiung vun den Doudegen deelzehuelen, bestuede sech net a ginn och net bestuet.
[36] Si kënnen och net méi stierwen, well si den Engele gläich sinn a Kanner vu Gott sinn, well si Kanner vun der Operstéiung sinn.
[37] Mee esouguer de Moses huet am Text vun der Därenheck drop higewisen, datt déi Doudeg operstinn, wéi hien den Här ‚de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob‘ (2. Moses 3,6) genannt huet.
[38] Gott ass net de Gott vun den Doudegen, mee vun de Liewegen, well fir hie liewe si alleguer.“
[39] Doropshin hunn e puer Léiermeeschtere vum Gesetz geäntwert: „Léiermeeschter, dat hues du gutt gesot!“
[40] Vun do un, hu si sech net méi getraut, fir hien eppes ze froen.
[41] Du frot de Jesus si: „Wéi kënne si behaapten, datt de Messias de Jong vum David ass?
[42] Den David seet selwer am Buch vun de Psalmen: ‚Den Här sot zu mengem Här: „Setz dech zu menger Rietser,
[43] bis ech aus denge Feinden eng Foussbänk fir dech maachen.“‘ (Psalmen 110,1)
[44] Wann den David hien ‚Här‘ nennt, wéi kann hien da säi Jong sinn?“
[45] Wéi d’Leit him nach all nogelauschtert hunn, sot hien zu senge Jénger:
[46] „Hitt iech virun de Léiermeeschtere vum Gesetz! Si gi gär a laange Kleeder doruechter, gi gär op de Maartplaze gegréisst, hunn déi bescht Plazen an de Synagogen an och d’Éiereplazen op de Fester gär.
[47] Si beducksen d’Witfraen ëm hir Haiser a maachen zum Schäi laang Gebieder. Si kréie méi e strengt Uerteel.“