Skip to content
Opens in a new window

[1] Enges Daags stoung hie beim Séi Genneesaret an d’Leit hu sech ronderëm hie gedréckt, fir d’Wuert vu Gott ze héieren.

[2] Hien huet zwee Naache beim Séi leie gesinn, déi vun de Fëscher, déi am Gaang waren, hir Netzer ze wäschen, zeréckgelooss gi waren.

[3] Hien ass an ee vun den Naachen, deen dem Schimon gehéiert huet, geklommen an huet hie gefrot, fir e Stéck vum Uwänner ewech ofzestoussen. De Jesus huet sech gesat an huet d’Leit vum Naachen aus geléiert.

[4] Wéi hie fäerdeg war mat Schwätzen, sot hien zum Schimon: „Fuer eraus op de Séi a werft är Netzer aus, fir ze fëschen.“

[5] „Meeschter, mir hunn d’ganz Nuecht geschafft an näischt gefaangen, mee wanns du et sees, da loossen ech d’Netz erof“, huet de Schimon him geäntwert.

[6] Wéi si dat gemaach hunn, hu si eng Onmass Fësch gefaangen an hiert Netz huet ugefaangen ze räissen.

[7] Dunn hu si hire Fëscherkollegen am aneren Naachen Zeeche gemaach, datt si hinne sollten hëllefe kommen. Si koumen an hunn déi zwee Naachen därmoosse voll gelueden, datt si ugefaangen hunn ënnerzegoen.

[8] Wéi de Schimon-Péitrus dat gesinn huet, ass hien dem Jesus virun d’Féiss gefall a sot: „Géi ewech vu mir, Här, well ech e sënnege Mënsch sinn!“

[9] Hien an all déi, déi bei him waren, waren nämlech verwonnert, well si esou e grousse Fang vu Fësch gemaach haten.

[10] Dem Jacques an dem Jean, déi Jonge vum Sabdai an dem Schimon seng Komerode waren, ergoung et geneesou. „Hief keng Angscht! Vun elo u fänks du Mënschen“, sot de Jesus zum Schimon.

[11] Wéi si hir Naachen u Land bruecht haten, hu si alles verlooss a goungen dem Jesus no.

[12] An enger Stad, wou de Jesus war, gouf et e Mann, dee voller Aussaz war. Wéi deen de Jesus gesinn huet, huet hie sech virun hien op säi Gesiicht gehäit an huet hien ugebiedelt: „Här, wann s du wëlls, kanns du mech rengegen.“

[13] De Jesus huet seng Hand ausgestreckt, huet hie beréiert a sot: „Ech wëll. Sief gerengegt!“ Eenzock ass dem Mann säin Aussaz verschwonnen.

[14] De Jesus huet him du befuel, kengem eppes dovunner ze soen. „Mee géi a weis dech dem Priister a bréng en Affer fir deng Rengegung, esou wéi de Moses et virgeschriwwen huet. Maach dat als Zeeche fir si.“

[15] Säi Ruff huet sech ëmmer méi verbreet a grouss Masse vu Leit sinn zesummekomm, fir him nozelauschteren a fir vun hire Kränkte geheelt ze ginn.

[16] Hien awer huet sech op verloosse Plazen zeréckgezunn an huet gebiet.

[17] Enges Daags, wéi de Jesus enseignéiert huet, souze Pharisäer a Léiermeeschtere vum Gesetz dobäi, déi aus all Duerf vu Galilea a vu Judea an aus Jerusalem komm waren. Hien hat d’Kraaft vum Här, fir ze heelen.

[18] Dunn hu Männer e Mann bruecht, dee gelähmt op enger Brëtsch louch. Si hu probéiert, hien eranzebréngen an hie virum Jesus nidderzeleeën.

[19] Mee wéinst der Abberzuel Leit hu si kee Wee fir era fonnt. Dowéinst si si op den Daach geklommen an hunn de Mann, deen op der Brëtsch louch, duerch d’Daachzille matzen ënnert de Leit virum Jesus erofgelooss.

[20] Wéi de Jesus hire Glawe gesinn huet, sot hien zum Mann: „Frënd, deng Sënne sinn dir verzien.“

[21] D’Pharisäer an d’Léiermeeschtere vum Gesetz hunn ugefaangen ze raisonnéieren: „Wien ass hien, datt hien iwwert Gott esou lästert? Wien ausser Gott eleng ka Sënne verzeien?“

[22] De Jesus huet hir Iwwerleeungen erkannt an hinne geäntwert: „Wat iwwerleet dir an ären Häerzer?

[23] Wat ass méi einfach, fir ze soen: ‚Deng Sënne sinn dir verzien‘, oder ze soen: ‚Stéi op a géi‘?

[24] Fir datt dir awer wësst, datt de Jong vum Mënsch d’Autoritéit huet, fir op der Äerd Sënnen ze verzeien“, sot hien zum Gelähmten: „Ech soen dir, stéi op, huel deng Brëtsch a géi heem!“

[25] Deen ass eenzock virun hinnen opgestanen an huet d’Matt, op där hie louch, opgeraf. Hien ass heemgaangen an huet Gott gelueft.

[26] Si waren all ausser sech an och si hu Gott gelueft. Si ware mat Angscht erfëllt a soten: „Haut hu mer eppes Aussergewéinleches gesinn!“

[27] Duerno goung de Jesus eraus an huet e Steierandreiwer erbléckst, dee Levi geheescht huet, an dee beim Steierbüro souz. „Komm mir no!“, sot hien zu him.

[28] Deen huet alles verlooss, stoung op a goung dem Jesus no.

[29] De Levi huet a sengem Haus e grousst Fest fir de Jesus ginn. Et war e grousse Grupp vu Steierandreiwer zesummem, mat anere Leit, a si hu mat hinne giess.

[30] Mee d’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer hu mat senge Jénger geknoutert: „Firwat iesst an drénkt dir mat Steierandreiwer a Sënner?“

[31] „Déi Gesond brauche keen Dokter, wuel awer déi Krank“, huet de Jesus geäntwert.

[32] „Ech sinn net komm, fir déi Gerecht, mee fir d’Sënner zur Ëmkéier opzeruffen.“

[33] „Firwat faaschten a bieden dem Jean seng Jénger esou dacks, genee wéi och d’Jénger vun de Pharisäer, mee deng iessen an drénken?“, frote si hien.

[34] „Kënnt dir d’Gäscht vum Bräitchemann éieren dozou bréngen, fir ze faaschten, wann de Bräitchemann bei hinnen ass?“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[35] „D’Zäit kënnt awer, an där hinnen de Bräitchemann ewechgeholl gëtt. Wann dës Zäit kënnt, faaschte si.“

[36] Dunn huet de Jesus hinnen e Gläichnes verzielt: „Et bitzt keen e Stéck vun engem neie Kleed op en aalt; soss zerrappt dat neit dat aalt an dat Stéck vum neie Kleed passt och net op dat aalt Kleed.

[37] Et fëllt och keen neie Wäin an al Schläich; soss zerräisst den neie Wäin d’Schläich, de Wäin leeft aus an d’Schläich si fir näischt méi ze gebrauchen.

[38] Neen, neie Wäin muss an nei Schläich gefëllt ginn an esou hale se sech allebéid.

[39] Kee Mënsch, deen ale Wäin gedronk huet, wëllt deen neien, well hie seet: ‚Den alen ass besser.‘“

De Luc — Chapters