Skip to content
Opens in a new window

[1] Weider sot de Jesus zu senge Jénger: „Et gouf e räiche Mann, deen e Verwalter hat. Dee gouf beim Räichen ugeklot, datt hie géif deem säi Besëtz verpolveren.

[2] Doropshin huet hien de Verwalter komme gelooss a sot zu him: ‚Wat héieren ech do vun dir? Maach mir e Rapport vun denger Gestioun, well vun elo u kanns du net méi Verwalter sinn.‘

[3] Du sot de Verwalter bei sech: ‚Wat soll ech elo maachen, well mäi Meeschter mir d’Verwaltung ewechhëlt? Ech sinn net staark genuch, fir an de Gruef schaffen ze goen, a fir ze heeschen, schummen ech mech.

[4] Ech weess, wat ech maachen, fir datt d’Leit mech trotzdeem bei sech doheem ophuelen, och wa mir d’Verwaltung ewechgeholl gëtt.‘

[5] Hien huet all eenzele Schëldener vu sengem Meeschter bei sech geruff. Hie sot zum éischten: ‚Wéi vill schëllegs du mengem Meeschter?‘

[6] Dee sot: ‚Honnert Faass Ueleg.‘ Du sot hien zu him: ‚Hei, huel däi Scholdschäin, setz dech a schreif séier en neie vu fofzeg.‘

[7] Duerno huet hien en anere gefrot: ‚Wéi vill schëllegs du him?‘ Dee sot: ‚Honnert Kor Weess.‘ Hie sot zu him: ‚Hei, huel däi Scholdschäin a schreif en neie vun achzeg.‘

[8] Dunn huet de Meeschter den ongerechte Verwalter gelueft, well hien esou lous gehandelt hat. D’Kanner vun dëser Welt sinn nämlech méi lous an hirem Ëmgang mat hires Gläiche wéi d’Kanner vum Liicht.

[9] Ech soen iech: Maacht iech Frënn duerch ongerechte Räichtum, fir datt si iech an en éiwegt Heem ophuelen, wann et mat iech zu Enn geet.

[10] Wien an deene klengste Saachen trei ass, ass och an deene groussen trei; wien an deene klengste Saachen ongerecht ass, ass och an deene groussen ongerecht.

[11] Dofir, wann dir net trei mat dem ongerechte Räichtum ëmgitt, wie kann iech dann de wierkleche Räichtum uvertrauen?

[12] Wann dir net trei mat deem ëmgaange sidd, wat engem anere gehéiert, wie soll iech dann dat ginn, wat iech gehéiert?

[13] Keen Dénger kann zwee Meeschteren déngen. Entweder haasst hien deen een an huet deen anere gär oder hien ass deem enge loyal a veruecht deen aneren. Dir kënnt net Gott an dem Räichtum déngen.“

[14] D’Pharisäer, déi geldgiereg waren, hunn dat alles héieren an hunn hien ausgelaacht.

[15] „Dir sidd déijéineg, déi sech virun de Mënschen als gerecht ausginn, mee Gott kennt är Häerzer“, sot hien zu hinnen. „Wat vum Mënsch héich geschat gëtt, ass e Grauel fir Gott.

[16] D’Gesetz an d’Prophéite goufe bis bei de Jean verkënnegt. Zënterhier gëtt d’Kinnekräich vu Gott verkënnegt a jiddereen dréckt sech eran.

[17] Et ass méi einfach, datt Himmel an Äerd verginn, wéi datt de klengsten Deel vun engem Buschtaf aus dem Gesetz ewechfält.

[18] Wie sech vu senger Fra scheede léisst an eng aner bestit, dee brécht d’Bestietnes, well hie friemgeet. Wien eng Fra bestit, déi vun hirem Mann gescheet ass, brécht d’Bestietnes, well hie friemgeet.

[19] Et gouf e räiche Mann, dee sech an deierem purpurroudem Stoft an an deierem Léngent gekleet huet an all Dag feudal gefeiert huet.

[20] Do gouf et awer och en aarme Mann, dee Lazarus geheescht huet an dee voller Schwiere war. Hie gouf virum Räiche seng Paart geluecht.

[21] Hien hätt sech gär mat de Grimmelen, déi vum Räichem sengem Dësch gefall sinn, sat giess. Amplaz dovu koumen d’Hënn an hu seng Schwiere geleckt.

[22] Enges Daags ass den Aarme gestuerwen a gouf vun den Engelen an dem Abraham säi Schouss gedroen. Dunn ass och de Räiche gestuerwen a gouf begruewen.

[23] Wéi hien am Hades war a Quale gelidden huet, huet hien eropgekuckt a vu wäitem den Abraham mam Lazarus a sengem Schouss gesinn.

[24] Dunn huet hie geruff: ‚Papp Abraham, erbaarm dech menger a schéck de Lazarus bei mech, datt hien d’Spëtzt vu sengem Fanger an d’Waasser zappt, fir meng Zong ofzekillen, well ech grouss Péng an dëse Flame leiden.‘

[25] Mee den Abraham sot: ‚Kand, erënner dech drun, datt s du zu Liefzäite Guddes krus an de Lazarus gläichermoosse Béises. Mee elo gëtt hien hei getréischt an du gëss gepéngegt.

[26] Ausserdeem besteet tëschent eis an iech eng grouss Déift, fir datt déi, déi vun hei bei iech eriwwer wëllen, et net kënnen, an och kee vun do bei eis kann.‘

[27] De Räiche sot dunn: ‚Da bieden ech dech, Papp Abraham, hie bei mengem Papp säi Stot ze schécken.

[28] Ech hunn nämlech fënnef Bridder. Hie soll si warnen, fir datt si net och op dës Plaz vun der Qual hikommen.‘

[29] Den Abraham sot zu him: ‚Si hunn de Moses an d’Prophéiten. Si sollen op si lauschteren.‘

[30] Hie sot: ‚Nee, Papp Abraham! Wann awer ee vun den Doudege géif bei si goen, da géife si ëmkéieren.‘

[31] Mee den Abraham sot zu him: ‚Wa si net op de Moses an op d’Prophéite lauschteren, da loosse si sech och net iwwerzeegen, esouguer wann ee géif vun den Doudegen operstoen.‘“

De Luc — Chapters