Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit koumen e puer Leit bei de Jesus an hunn him verzielt, datt de Pilatus d’Blutt vun de Galileeër mam Blutt vun hiren Affer vermëscht hätt.

[2] De Jesus huet hinne geäntwert: „Mengt dir, dës Galileeër wiere méi schro Sënner gewiescht, wéi all déi aner Galileeër, well si dat hu missen erdroen?

[3] Neen, soen ech iech! Wann dir net ëmkéiert, kommt dir geneesou ëm.

[4] Oder huelt déi Uechtzéng, op déi den Tuerm zu Schiloach gefall ass a si all erschloen huet. Mengt dir, si wiere méi schro Sënner gewiescht, wéi all déi aner Awunner vu Jerusalem?

[5] Neen, soen ech iech! Wann dir net ëmkéiert, kommt dir geneesou ëm!“

[6] Dunn huet hien dëst Gläichnes verzielt: „E Mann hat e Figebam a säi Wéngert geplanzt. Hie koum dohin an huet Friichten drop gesicht, mee huet keng fonnt.

[7] Du sot hien zu sengem Wënzer: ‚Kuck emol! Zënter dräi Joer kommen ech heihin, fir Friichten op dësem Figebam ze sichen, mee hu keng fonnt. Ha dach de Bam ëm! Firwat soll en d’Kraaft aus dem Buedem zéien?‘

[8] De Wënzer huet him geäntwert: ‚Här, looss de Bam nach dëst Joer stoen, bis ech ronderëm gegruewen an e gedüngt hunn.

[9] Wann en dann d’nächst Joer Friichten dréit, schéin a gutt; wann net, da kanns du en ëmhaen.‘“

[10] Op engem Sabbat huet de Jesus an enger vun de Synagogen enseignéiert.

[11] Et war eng Fra do, déi schonns uechtzéng Joer laang vun engem Geescht geplot gouf, dee si verkrëppelt huet. Si war ganz kromm a konnt sech net riicht halen.

[12] Wéi de Jesus si gesinn huet, huet hie si bei sech geruff a sot zu hir: „Fra, du bass vun denger Behënnerung befreit.“

[13] Hien huet seng Hänn op si geluecht an eenzock konnt si sech riicht halen an huet Gott verherrlecht.

[14] Mee de President vun der Synagog war ausser sech, datt de Jesus op engem Sabbat geheelt huet, a sot zu de Leit: „Et si sechs Deeg op deenen de Mënsch schaffe soll; kommt also op deenen Deeg, fir geheelt ze ginn, an net um Sabbatdag.“

[15] Den Här huet du ripostéiert: „Heuchler! Bënnt net jidderee vun iech säin Uess oder Iesel um Sabbat lass, fir e bei d’Dränk ze féieren?

[16] Sollt dës Fra, déi eng Duechter vum Abraham ass an déi uechtzéng Joer laang (denkt nëmmen drun!) vum Satan gefesselt gouf, net op dësem Sabbat vun hire Fessele befreit ginn?“

[17] Wéi hien dat gesot hat, waren all seng Géigner blaméiert an all d’Leit hu sech iwwert all déi herrlech Doten, déi hie gemaach huet, gefreet.

[18] Du sot hien: „Wat gläicht dem Kinnekräich vu Gott? Mat wat soll ech et vergläichen?

[19] Et ass wéi e Moschterkär, deen e Mann geholl huet an a säi Gaart gehäit huet. En ass gewuess an zu engem grousse Bam ginn an déi wëll Vigel hunn hir Näschter a sengen Äscht gebaut.“

[20] Nees sot hien: „Mat wat soll ech d’Kinnekräich vu Gott vergläichen?

[21] Et ass ewéi Deessem, deen eng Fra kritt huet an ënner dräi Moosse Weessemiel gemëscht huet bis dat ganzt gesaiert war.“

[22] Um Wee fir op Jerusalem goung de Jesus duerch d’Stied an d’Dierfer an huet enseignéiert.

[23] Ënnerwee huet een hie gefrot: „Här, ginn nëmme wéineg Leit gerett?“ Hien huet hinne geäntwert:

[24] „Beméit iech, duerch déi schmuel Paart eranzekommen. Ech soen iech, vill Leit probéieren, eranzekommen, mee et geléngt hinnen net.

[25] Wann den Haushär bis opgestanen ass, d’Dier zougemaach huet an dir stitt baussen un der Dier ze klappen an ze ruffen: ‚Här, Här, maach eis dach d’Dier op!‘, da seet hien zu iech: ‚Ech weess net, wien dir sidd a vu wou dir kommt.‘

[26] Da sot dir: ‚Mir hu mat dir giess a gedronk. Du hues op eise Stroosse geléiert.‘

[27] Mee hie seet dann zu iech: ‚Ech soen iech, ech weess net, vu wou dir kommt. Gitt fort vu mir, dir déi Onrecht dot!‘

[28] Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht, wann dir den Abraham, den Isaak, de Jakob an all d’Prophéiten am Kinnekräich vu Gott gesitt, mee dir selwer sidd ausgeschloss ginn.

[29] Si komme vum Osten a vum Westen, vum Norden a vum Süden an huelen am Kinnekräich vu Gott bei Dësch Plaz.

[30] Da sinn e puer vun deenen, déi déi Lescht waren, déi Éischt, an anerer, déi déi Éischt waren, sinn dann déi Lescht.“

[31] Nach den Dag selwer koumen e puer Pharisäer bei hien a soten zu him: „Maach dech vun hei fort! Verlooss dës Géigend, well den Herodes dech ëmbrénge wëllt.“

[32] Hie sot zu hinnen: „Gitt hin a sot zu deem Fuuss: ‚Kuck, ech dreiwen Dämonen aus an heelen nach haut a muer an um drëtten Dag erfëllen ech mäi Wierk.‘

[33] An dach muss ech haut, muer an den Dag drop nach weidergoen, well et ondenkbar ass, datt e Prophéit baussent Jerusalem stierft.

[34] Jerusalem! Jerusalem! Du bréngs d’Prophéiten ëm a stengegs déi, déi bei dech geschéckt goufen! Wéi dacks hätt ech gär deng Kanner ëm mech gesammelt, esou wéi eng Kluck hir Jippelcher ënnert hir Flilleken hëlt, mee dir Kanner wollt dat net.

[35] Kuckt! Äert Haus gëtt iech verlooss iwwerlooss. Ech soen iech, dir gesitt mech net, bis déi Zäit kënnt, an där dir sot: ‚Geseent ass deen, deen am Numm vum Här kënnt!‘“ (Psalmen 118,26)

De Luc — Chapters