[1] Hien huet opgekuckt an huet gesinn, wéi déi Räich hiren Affer an den Afferstack geluecht hunn.
[2] Hien huet och eng aarm Witfra gesinn, déi zwou kleng Mënzen dragehäit huet.
[3] Du sot hien: „Ech soen iech d’Wourecht! Dës aarm Witfra huet méi dragehäit wéi all déi aner.
[4] Si alleguer hunn nämlech vun hirem Iwwerfloss Affer fir Gott dragehäit, mee si an hirer Aarmut huet hire ganze Liewensënnerhalt dragehäit.“
[5] Verschidde Leit hunn driwwer geschwat, wéi den Tempel esou schéi gerëscht wier mat schéine Steng a Votivgowen. Dozou sot de Jesus:
[6] „Kuckt alles, wat dir hei gesitt! D’Zäit kënnt, an där net ee Steen op deem anere bleift, deen net ofgerappt gëtt.“
[7] „Léiermeeschter, wéini geschitt dat alles? A wat ass d’Zeechen, wann alles um Punkt ass, fir sech ze erfëllen?“, hu si hien du gefrot.
[8] „Gitt uecht, datt dir net irgeféiert gitt!“, huet hie geäntwert. „Et kommen der vill a mengem Numm, déi soen: ‚Ech sinn et‘, an: ‚D’Zäit ass nobäi.‘ Gitt hinnen net no!
[9] Wann dir vu Kricher a vun Onrouen héiert, dann hutt keng Angscht, well dat muss fir d’éischt geschéien. D’Enn ass awer nach net direkt do.“
[10] Du sot hien zu hinnen: „Eng Natioun erhieft sech géint eng aner Natioun an ee Kinnekräich géint en anert Kinnekräich.
[11] Op verschidde Plaze ginn et grouss Äerdbiewen an och Hongersnéit an Epidemien. Et geschitt Schreckleches an et ginn och gewalteg Zeechen am Himmel.
[12] Mee éier all dat geschitt, leeë si Hand un iech, verfollegen iech a liwweren iech un d’Synagogen an un d’Prisongen aus. Dir gitt wéinst mengem Numm viru Kinneken a Gouverneure geféiert.
[13] Bei där Geleeënheet kënnt dir als Zeien aussoen.
[14] Dofir huelt iech an ären Häerzer fest vir, net am Viraus doriwwer nozedenken, wéi dir iech verdeedege sollt,
[15] well ech iech Wierder a Wäisheet aginn, deenen all är Feinden net widderspriechen oder widderstoe kënnen.
[16] Dir gitt vun Elteren, vu Bridder, vu Famill a vu Frënn verroden a si brénge muncher vun iech ëm.
[17] Wéinst mengem Numm gitt dir vu jidderengem gehaasst.
[18] Et geet awer net een Hoer vun ärem Kapp verluer.
[19] Duerch är Ausdauer gewannt dir äert Liewen.
[20] Wann dir gesitt, datt Jerusalem vun Arméie belagert gëtt, da verstitt, datt hir Verwüstung nobäi ass.
[21] Da sollen déi, déi a Judea sinn, an d’Bierger flüchten. Déi, déi matzen a Jerusalem sinn, solle si verloossen, an déi, déi um Land sinn, sollen net an d’Stad goen.
[22] Dat sinn nämlech d’Deeg vun der Bestrofung, fir datt sech alles erfëllt, wat geschriwwe steet.
[23] Mee wéi schrecklech gëtt et fir déi Fraen, déi zu där Zäit erwaarden oder nieren! Während dësen Deeg kënnt nämlech eng grouss Nout iwwert d’Land a Roserei iwwert dëst Vollek.
[24] D’Mënsche falen duerch d’Schäerft vum Schwäert a ginn als Prisonéier an all d’Natioune verschleeft. Jerusalem gëtt vun den Net-Judden zertrëppelt, bis d’Zäite vun den Net-Judden erfëllt sinn.
[25] Et sinn dann Zeechen un der Sonn, um Mound an un de Stären ze gesinn. Op der Äerd hunn d’Natiounen Angscht, well si net verstinn, firwat datt d’Mier esou braust a riseg Welle schléit.
[26] Aus lauter Angscht an Erwaardung iwwert dat, wat nach iwwert d’Äerd komme soll, falen d’Mënsche schwaach, well d’Kräften am Himmel geroden aus dem Gläichgewiicht.
[27] Duerno gesi si de Jong vum Mënsch an enger Wollek komme mat Muecht a grousser Herrlechkeet.
[28] Wann dat alles ufänkt ze geschéien, da riicht iech op an erhieft är Käpp, well är Erléisung dann nobäi ass.“
[29] Dunn huet hien hinnen dëst Gläichnes verzielt: „Kuckt de Figebam an all déi aner Beem.
[30] Soubal dir mierkt, datt si Blieder dreiwen, da wësst dir, datt de Summer gläich do ass.
[31] Esou sollt dir och wëssen, wann dir all dat geschéie gesitt, datt d’Kinnekräich vu Gott nobäi ass.
[32] Ech soen iech d’Wourecht! Déi Generatioun vergeet op kee Fall, bis dat alles geschitt ass.
[33] Himmel an Äerd verginn, mee meng Wierder verginn ni.
[34] Gitt dofir uecht, datt är Häerzer net duerch Dusel a Soff an och net duerch d’Alldagssuerge belaascht sinn. Gitt och uecht, datt deen Dag iech net onerwaart iwwerrascht.
[35] Deen Dag kënnt nämlech ewéi eng Fal iwwert all d’Bewunner vun der Äerd.
[36] Bleift dofir waakreg a biet zu jidder Zäit, datt dir fir wierdeg gehale gitt, fir all deem, wat geschéie soll, z’entkommen a fir virum Jong vum Mënsch ze stoen.“
[37] Dagsiwwer huet de Jesus am Tempel enseignéiert an d’Nuecht huet hien um Bierg, deen Olivebierg genannt gouf, verbruecht.
[38] Scho mueres fréi koum d’ganz Vollek bei hien an den Tempel, fir him nozelauschteren.