Skip to content
Opens in a new window

[1] Am fofzéngte Joer vun der Regierungszäit vum Caesar Tiberius, wéi de Pontius Pilatus Gouverneur vu Judea war, den Herodes Tetrarch vu Galilea war, säi Brudder Philippe Tetrarch vun Iturea an der Géigend vun Trachonitis war an de Lysanias Tetrarch vun Abilene war,

[2] wéi den Hannan an de Kayafa Haaptpriister waren, koum an der Wüst d’Wuert vu Gott bei de Jean, de Jong vum Sacharia.

[3] Hie koum an d’ganz Ëmgéigend vum Jordan an huet eng Daf vun der Ëmkéier fir d’Verzeiung vun de Sënne gepriedegt,

[4] esou wéi et am Buch vun de Riede vum Prophéit Yesaia geschriwwe steet: „Eng Stëmm rifft an der Wüst: ‚Preparéiert de Wee fir den Här, maacht seng Weeër fräi!

[5] All Dall gëtt opgefëllt an all Bierg an all Hiwwel gëtt ofgedroen. Dat, wat kromm ass, gëtt riicht gemaach an déi knubbeleg Weeër gi gläich gemaach.

[6] All Mënsch soll d’Rettung vu Gott gesinn.‘“ (Yesaia 40,3-5)

[7] Du sot de Jean zu deene ville Leit, déi erauskomm waren, fir sech vun him deefen ze loossen: „Dir Hickecht Viperen! Wien huet iech da gewarnt, fir virun der zukünfteger Roserei ze flüchten?

[8] Bréngt Friichten ervir, déi der Ëmkéier entspriechen! A fänkt net un, zu iech selwer ze soen: ‚Den Abraham ass eise Papp!‘ Ech soen iech nämlech, datt Gott aus dëse Steng Kanner fir den Abraham schloe kann.

[9] D’Aaxt gouf schonn un d’Wuerzel vun de Beem geluecht. All Bam, dee keng gutt Friichten dréit, gëtt ëmgehaen an an d’Feier gehäit.“

[10] „Wat solle mir da maachen?“, hunn d’Leit hie gefrot.

[11] „Wien zwou Tuniquen huet, soll deem eng ginn, dee keng huet. Wien z’iessen huet, soll et geneesou maachen“, huet hien hinne geäntwert.

[12] Et koumen och Steierandreiwer, fir gedeeft ze ginn. „Léiermeeschter, wat solle mir maachen?“, hu si hie gefrot.

[13] „Fuerdert net méi, wéi iech virgeschriwwe gëtt!“, sot hien zu hinnen.

[14] Och munch Zaldoten hunn hie gefrot: „A wat solle mir maachen?“ „Erpresst an hannergitt keen. Sidd mat ärem Loun zefridden“, huet hien hinne geäntwert.

[15] D’Vollek war voller Erwaardung a jiddereen huet sech a sengem Häerz gefrot, ob de Jean de Messias wier oder net.

[16] Dofir huet de Jean hinnen all geäntwert: „Ech deefen iech zwar mat Waasser; mee et kënnt een, dee méi mächteg ass wéi ech, an ech sinn et net wäert, d’Liedersrimme vu senge Sandale lasszebannen. Hien deeft iech mam hellege Geescht a mat Feier.

[17] Hien huet säi Wann am Grapp fir seng Genn grëndlech ze botzen a féiert de Weess a seng Scheier eran, mee de Kuef verbrennt hien an engem Feier, dat ni ausgeet.“

[18] Mat all dëse Réit, huet hien dem Vollek d’gutt Noriicht gepriedegt.

[19] Mee wéi den Tetrarch Herodes wéinst der Herodias, dat sengem Brudder Philippe seng Fra war, a wéinst all sengen anere béisen Doten, déi hie gemaach hat, vum Jean zurechtgewise gouf,

[20] huet den Herodes zu all deene béisen Doten nach dës derbäigemaach: Hien huet de Jean an de Prisong gehäit.

[21] Wéi d’Leit all gedeeft goufen, huet och de Jesus sech deefe gelooss. Iwwerdeems hie gebiet huet, goung den Himmel op

[22] an den hellege Geescht koum a Gestalt vun enger Dauf op hien erof. Eng Stëmm koum aus dem Himmel: „Du bass mäi Jong, deen ech gär hunn. Un dir hunn ech Gefale fonnt.“

[23] De Jesus war ongeféier drësseg Joer al, wéi hie säin Déngscht ugefaangen huet, an et gouf ugeholl, datt hien de Jong vum Jousef wier, deen de Jong vum Eli war,

[24] deen de Jong vum Mattatt war, deen de Jong vum Levi war, deen de Jong vum Malki war, deen de Jong vum Yannai war, deen de Jong vum Yossef war,

[25] deen de Jong vum Mattittia war, deen de Jong vum Amotz war, deen de Jong vum Nachum war, deen de Jong vum Hesli war, deen de Jong vum Naggai war,

[26] deen de Jong vum Machatt war, deen de Jong vum Mattittia war, deen de Jong vum Schiméi war, deen de Jong vum Yossef war, deen de Jong vum Yuda war,

[27] deen de Jong vum Yohanan war, deen de Jong vum Resa war, deen de Jong vum Serubabel war, deen de Jong vum Schealtyel war, deen de Jong vum Neri war,

[28] deen de Jong vum Malki war, deen de Jong vum Addi war, deen de Jong vum Kossam war, deen de Jong vum Elmedam war, deen de Jong vum Er war,

[29] deen de Jong vum Yosséi war, deen de Jong vum Eli’eser war, deen de Jong vum Yorim war, deen de Jong vum Mattat war, deen de Jong vum Levi war,

[30] deen de Jong vum Schimon war, deen de Jong vum Juda war, deen de Jong vum Yossef war, deen de Jong vum Yonam war, deen de Jong vum Eliakim war,

[31] deen de Jong vum Mala war, deen de Jong vum Manna war, deen de Jong vum Mattata war, deen de Jong vum Natan war, deen de Jong vum David war,

[32] deen de Jong vum Ischai war, deen de Jong vum Owed war, deen de Jong vum Boas war, deen de Jong vum Salmon war, deen de Jong vum Nachschonn war,

[33] deen de Jong vum Amminadab war, deen de Jong vum Aram war, deen de Jong vum Hetzron war, deen de Jong vum Peretz war, deen de Jong vum Juda war,

[34] deen de Jong vum Jakob war, deen de Jong vum Isaak war, deen de Jong vum Abraham war, deen de Jong vum Terach war, deen de Jong vum Nachor war,

[35] deen de Jong vum Serug war, deen de Jong vum Ree’u war, deen de Jong vum Peleg war, deen de Jong vum Ewer war, deen de Jong vum Schelach war,

[36] deen de Jong vum Kenan war, deen de Jong vum Arpachschad war, deen de Jong vum Schem war, deen de Jong vum Noach war, deen de Jong vum Lammech war,

[37] deen de Jong vum Metuschelach war, deen de Jong vum Henoch war, deen de Jong vum Yered war, deen de Jong vum Mahalalel war, deen de Jong vum Kenan war,

[38] deen de Jong vum Enosch war, deen de Jong vum Schet war, deen de Jong vum Adam war, deen de Jong vu Gott war.

De Luc — Chapters