Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi hien an d’Haus vun engem vun de bedeitende Pharisäer goung, fir um Sabbat do z’iessen, hu si hie genee observéiert.

[2] E Mann mat Waasser an de Glidder stoung virum Jesus.

[3] Du frot de Jesus d’Experten am Gesetz an d’Pharisäer: „Ass et erlaabt, um Sabbat ze heelen?“

[4] Mee si hunn näischt geäntwert. Dunn huet de Jesus de Mann ugepaakt, geheelt a goe gelooss.

[5] Doropshi frot de Jesus si: „Wie vun iech, deem säi Jong oder Uess an e Gruef fält, géif en net eenzock erauszéien, och um Sabbat?“

[6] Dorop konnte si him net äntweren.

[7] Wéi hie gemierkt huet, datt d’Gäscht sech d’Éiereplazen erausgesicht hunn, huet hien hinnen e Gläichnes verzielt:

[8] „Wann s du vun engem op eng Hochzäitsfeier invitéiert gëss, da setz dech net op d’Éiereplaz. Et kéint jo sinn, datt nach méi e wichtege Gaascht wéi s du invitéiert gouf.

[9] Deen, deen iech allebéid invitéiert huet, géif da bei dech kommen an dir soen: ‚Gëff dës Plaz deem heiten.‘ Da wiers du blaméiert a misst déi lescht Plaz huelen.

[10] Am Géigendeel, wann s du invitéiert gëss, da géi a setz dech op déi lescht Plaz, fir datt, wann deen erakënnt, deen dech invitéiert huet, zu dir soe kann: ‚Frënd, setz dech dach méi uewen hin!‘ Dat éiert dech virun all de Gäscht, déi mat dir zu Dësch sinn.

[11] Jiddereen, dee sech nämlech selwer erhieft, gëtt erniddregt, a wie sech selwer erniddregt, gëtt erhuewen.“

[12] Du sot hien zu deem, deen hien invitéiert hat: „Wann s du Gäscht op d’Mëttegiessen oder d’Owesiessen invitéiers, da fro net deng Frënn, deng Bridder, deng Famill oder deng räich Noperen. Soss invitéiere si dech och nees erëm an op dës Manéier gëss du erëmbezuelt.

[13] Am Géigendeel, wann s du e Fest gëss, dann invitéier déi Aarm, d’Krëppelen, déi Schlamm an déi Blann.

[14] Da gëss du geseent, well si dech net kënnen erëmbezuelen. Du gëss nämlech bei der Operstéiung vun de Gerechten erëmbezuelt.“

[15] Wéi ee vun deenen, déi mat zu Dësch louchen, dat héieren huet, sot hien zum Jesus: „Geseent ass deen, deen am Kinnekräich vu Gott Brout ësst.“

[16] Du sot de Jesus zu him: „E Mann huet e grousst Festiesse ginn an huet vill Leit invitéiert.

[17] Wéi et Zäit fir d’Iesse war, huet hie säin Dénger bei d’Gäscht erausgeschéckt, fir zu hinnen ze soen: ‚Kommt, et ass elo alles prett.‘

[18] Mee si hunn alleguer ugefaangen, sech z’entschëllegen. Deen éischte sot: ‚Ech hunn e Feld kaf an ech muss mer et ukucke goen. Entschëlleg mech also, wann ech gelift.‘

[19] En anere sot: ‚Ech hu fënnef Puer Uesse kaf an ech gi se lo ausprobéieren. Entschëlleg mech also, wann ech gelift.‘

[20] Nach en anere sot: ‚Ech hunn eng Fra bestuet an dofir kann ech net kommen.‘

[21] Den Dénger koum zeréck bei säi Meeschter a sot him all dës Ausriede virun. Du gouf den Haushär rosen a sot zu sengem Dénger: ‚Géi séier op d’Stroossen an d’Gaasse vun der Stad eraus a bréng déi Aarm, d’Krëppelen, déi Schlamm an déi Blann heihin.‘

[22] ‚Meeschter, dat, wat s du befuel has, ass gemaach ginn, mee et bleiwe nach Plaze fräi‘, sot den Dénger.

[23] ‚Géi eraus op d’Landstroossen an op d’Feldweeër an iwwerzeeg d’Leit vun do eranzekommen, fir datt mäin Haus voll gëtt‘, sot de Meeschter dunn zu sengem Dénger.

[24] ‚Ech soen iech, kee vun deenen, déi invitéiert waren, kritt mäi Festiessen ze schmaachen.‘“

[25] Ganz vill Leit ware mam Jesus ënnerwee. Hien huet sech ëmgedréit a sot zu hinnen:

[26] „Wie bei mech kënnt an net säi Papp, seng Mamm, seng Fra, seng Kanner, seng Bridder, seng Schwëster, jo esouguer säin eegent Liewen haasst, dee kann net mäi Jénger sinn.

[27] Wie säi Kräiz net op sech hëlt a mir nokënnt, kann net mäi Jénger sinn.

[28] Ugeholl et wëllt ee vun iech en Tuerm bauen. Setzt e sech net fir d’éischt a rechent d’Käschten aus, fir ze gesinn, ob hie genuch huet, fir de Bau ofzeschléissen?

[29] Soss kéint et jo sinn, datt hien d’Fëllement leet, mee de Bau net ofschléisse kann, an da maachen all d’Leit, déi dat gesinn, de Geck mat him.

[30] Si soen dann: ‚Dee Mann huet ugefaange mat Bauen, mee konnt net fäerdeg bauen!‘

[31] Oder wat fir e Kinnek zitt géint en anere Kinnek an de Krich, ouni sech fir d’éischt ze setzen an driwwer nozedenken, ob hie mat sengen zéngdausend Zaldote géint dee kann auszéien, deen der zwanzegdausend huet?

[32] Wann hien et net kann, schéckt hien dann net eng Delegatioun aus, fir Fridden auszehandelen, wann deen aneren nach wäit ewech ass?

[33] Geneesou ka kee vun iech, deen net säi ganze Besëtz wéinst menger opgëtt, mäi Jénger sinn.

[34] Salz ass gutt; mee wann d’Salz fad gëtt, mat wat kann een et dann nees salzeg maachen?

[35] Et ass da weder fir de Buedem nach fir de Mëschtekoup ze gebrauchen a gëtt ewechgepucht. Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!“

De Luc — Chapters