Skip to content
Opens in a new window

[1] Du si si alleguer opgestanen an hunn hie virun de Pilatus bruecht.

[2] Si hunn ugefaangen, hien unzekloen: „Mir hu festgestallt, datt hien d’Vollek opgestëppelt huet: Hien huet hinne verbueden, fir dem Caesar Steieren ze bezuelen, a vu sech selwer seet hien, datt hien de Messias ass, e Kinnek.“

[3] „Bass du de Kinnek vun de Judden?“, huet de Pilatus hie gefrot. „Du sees et“, huet hien him geäntwert.

[4] Doropshi sot de Pilatus zu den ieweschte Priister an dem Vollek: „Ech fanne keng Schold un dësem Mann.“

[5] Mee si hu sech drop behaapt: „Hien hetzt d’Vollek mat senger Léier uechter ganz Judea op. Hien huet a Galilea ugefaangen an elo ass hien hei!“

[6] Wéi de Pilatus dat Wuert „Galilea“ héieren huet, huet hie gefrot, ob de Mann e Galileeër wier.

[7] Wéi hie gewuer gouf, datt de Jesus aus dem Herrschaftsgebitt vum Herodes kéim, huet hien e bei den Herodes geschéckt, deen och zu där Zäit zu Jerusalem war.

[8] Den Herodes huet sech immens gefreet, wéi hien de Jesus gesinn huet, well hien hat sech zënter laangem scho gewënscht, fir de Jesus ze gesinn. Hien hat nämlech villes iwwert hien héieren an huet gehofft, en Zeechen vun him ze gesinn.

[9] Hien huet him vill Froe gestallt, mee de Jesus huet keng Äntwert ginn.

[10] Déi iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz stoungen dobäi an hunn hie mat Nodrock ugeklot.

[11] Och den Herodes, zesumme mat sengen Zaldoten, huet de Jesus veruecht an de Spunnes mat him gemaach. Si hunn him e schéine Mantel ugedoen an hunn hie bei de Pilatus zeréckgeschéckt.

[12] Deen Dag goufen den Herodes an de Pilatus Frënn. Virdru ware si nämlech Feinden.

[13] Dunn huet de Pilatus d’iewescht Priister, déi Iewescht vum Vollek an och d’Vollek zesummegeruff

[14] a sot zu hinnen: „Dir hutt dëse Mann bei mech bruecht als een, deen d’Vollek irféiert. Lauschtert, ech hunn dëse Mann virun iech verhéiert an hu keng Schold un him fonnt, wat är Uklo géint hie betrëfft.

[15] Den Herodes huet och näischt fonnt. Ech hat iech jo och bei hie geschéckt. Lauschtert, dee Mann hei huet näischt gemaach, wat den Doud verdéngt hätt.

[16] Dofir wäert ech hie gäissele loossen an da fräiloossen.“

[17] (Um Fest huet hie missen ee Prisonéier fir si fräizeloossen.)

[18] Dunn hu si awer alleguer zesumme geruff: „Ewech mat dësem Mann! Looss de Bar-Abba fräi!“

[19] (De Bar-Abba war wéinst engem Opstand, deen an der Stad geschitt war, a wéinst Mord an de Prisong gehäit ginn.)

[20] De Pilatus, deen de Jesus fräiloosse wollt, huet sech dofir nees u si geriicht.

[21] Mee si hu gejaut: „Kräizeg hien! Kräizeg hien!“

[22] Eng drëtte Kéier huet hie si gefrot: „Firwat? Wat huet hien da Béises gedoen? Ech hunn näischt un him fonnt, wat d’Doudesstrof verdéngt hätt. Ech loossen e gäisselen a ginn en da fräi.“

[23] Si hu sech awer drop behaapt an hu mat haardem Gejäiz verlaangt, datt hie gekräizegt soll ginn. Hiert Gejäiz an dat vun den ieweschte Priister huet sech duerchgesat.

[24] De Pilatus huet sech dunn entscheet, fir hirer Fuerderung nozeginn.

[25] Hien huet dee fräigelooss, dee si verlaangt haten, dee wéinst engem Opstand a Mord an de Prisong gehäit gi war. De Jesus huet hien hirem Wëllen no ausgeliwwert.

[26] Wéi si hie fortgeféiert hunn, hu si e Mann, de Schimon, deen aus Kyreene war an dee vum Land koum, ergraff. Si hunn him d’Kräiz opgeluecht, fir datt hien et hannert dem Jesus droe sollt.

[27] Ganz vill Leit sinn him nogaangen, dorënner och Fraen, déi sech un d’Broscht geschloen hunn a wéinst senger getrauert hunn.

[28] De Jesus huet sech u si gewant a sot: „Duechtere vu Jerusalem, kräischt net iwwert mech; kräischt éischter iwwert iech selwer an iwwert är Kanner.

[29] Sidd gewëss, d’Zäit kënnt, an där gesot gëtt: ‚Geseent sinn déi, déi keng Kanner kënne kréien, deenen hir Kierperen ni e Kand ausgedroen hunn an deenen hir Brëscht ni e Kand geniert hunn.‘

[30] ‚Da soe si zu de Bierger: „Faalt op eis!“, an zu den Hiwwelen: „Deckt eis zou!“‘ (Hoschea 10,8)

[31] Wann dat alles geschitt, wann d’Holz gréng ass, wat soll da mam dréchenen Holz geschéien?“

[32] Et goufen och zwee anerer mam Jesus erausgeféiert, fir higeriicht ze ginn. Allenzwee ware si Brigangen.

[33] Wéi si op d’Plaz koumen, déi „Doudekapp“ genannt gëtt, hu si de Jesus zesumme mat de Brigange gekräizegt, een op senger rietser an een op senger lénker Säit.

[34] Du sot de Jesus: „Papp, verzei hinnen, well si wëssen net, wat si maachen.“ Si hu seng Kleeder ënnerteneen opgedeelt, andeems si d’Lous fir se gezunn hunn. (Psalmen 22,19)

[35] D’Leit stoungen do nozekucken. Mee déi Iewescht vum Vollek, déi mat hinnen do waren, hunn de Spunnes mat him gemaach: „Hien huet anerer gerett; da soll hie sech elo selwer retten, wann hien de Messias ass, den Auserwielte vu Gott.“

[36] Och d’Zaldoten hunn de Spunnes mat him gemaach, koume bei hien an hunn him sauere Wäin ugebueden.

[37] Si soten: „Wann s du de Kinnek vun de Judde bass, da rett dech dach selwer!“

[38] E Schëld houng iwwert him, op deem op Griichesch, Latäin an Hebräesch stoung: „Dat hei ass de Kinnek vun de Judden.“

[39] Ee vun de Brigangen, deen nieft him houng, huet hie vernannt: „Wann s du de Messias bass, da rett dech selwer an eis mat!“

[40] Deen aneren huet hien awer zurechtgewisen a sot: „Fäerts du Gott emol net, obschonn datselwecht Uerteel dech trëfft?

[41] Eis Strof ass gerecht, well mir kréien dat, wat mir fir eis Dote verdéngt hunn. Mee dëse Mann huet näischt Falsches gemaach.“

[42] Du sot hien zum Jesus: „Här, erënner dech u mech, wann s du an däi Kinnekräich kënns.“

[43] „Ech soen dir d’Wourecht: Nach haut bass du mat mir am Paradäis“, sot de Jesus zu him.

[44] Et war ongeféier Mëtteg an et gouf bis dräi Auer am Nomëtteg am ganze Land däischter.

[45] D’Sonn gouf däischter an d’Riddo am Tempel gouf an der Mëtt an zwee gerass.

[46] De Jesus huet mat haarder Stëmm geruff: „Papp, ech leeë mäi Geescht an deng Hänn.“ (Psalmen 31,6) Nodeems hien dat gesot hat, ass hie gestuerwen.

[47] Wéi de réimeschen Offizéier gesinn huet, wat geschitt war, huet hie Gott gelueft: „Dee war wierklech e gerechte Mann!“

[48] Nodeems all d’Leit, déi sech fir de Spektakel versammelt haten, gesinn hunn, wat geschitt war, hu si sech un d’Broscht geschloen a sinn heemgaangen.

[49] All seng Bekannten an och d’Fraen, déi him vu Galilea aus nogaange waren, stounge méi wäit ewech an hunn allem nogekuckt.

[50] E Mann, dee Yossef geheescht huet, war e Member vum Sanhedrin. Hie war e gudden a gerechte Mann

[51] a war mat hirer Entscheedung an hirer Dot net averstanen. Hie koum aus Arimatea, enger Stad vun de Judden, an hien huet op d’Kinnekräich vu Gott gewaart.

[52] De Yossef goung bei de Pilatus, fir ëm dem Jesus seng Läich ze froen.

[53] Hien huet se erofgeholl, huet se a Léngent gewéckelt a se an e Graf geluecht, wat an e Fiels gehae war, a wou nach keen drageluecht gi war.

[54] Et war den Dag vun der Virbereedung an de Sabbat sollt gläich ufänken.

[55] D’Fraen, déi mam Jesus aus Galilea komm waren, goungen dem Yossef no. Si hu sech d’Graf ugekuckt an hunn och gesinn, wéi seng Läich drageluecht gouf.

[56] Du gounge si zeréck an hu Gewierzer an Essenz preparéiert. Um Sabbat hu si dem Gebot no gerascht.

De Luc — Chapters