Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi de Sabbat eriwwer war, hunn d’Maria vu Magdala, d’Maria (dem Jacques seng Mamm) an d’Salome Gewierzer kaf, fir bei d’Graf ze goen an hien ze sallefen.

[2] Ganz fréi um éischten Dag vun der Woch, koume si bei Sonnenopgang beim Graf un.

[3] Si hate sech schonn ënnertenee gefrot: „Wie soll eis de Stee virum Agang vum Graf ewechrullen?“

[4] Mee wéi si eropgekuckt hunn, hu si gemierkt, datt de risege Stee schonns ewechgerullt gi war.

[5] Wéi si dunn an d’Graf goungen, hu si e jonke Mann an engem wäisse Kleed op der rietser Säit gesi sëtzen. Si hu sech erféiert.

[6] „Erféiert net!“, sot hien zu hinnen. „Dir sicht de Jesus, de Nazarener, dee gekräizegt gouf. Hien ass operstanen. Hien ass net hei. Kuckt, hei ass d’Plaz, wou si hien higeluecht haten.

[7] Maacht iech awer op de Wee! Sot de Jénger an dem Péitrus, datt de Jesus virun iech a Galilea gaangen ass. Do gesitt dir hien, esou wéi hien iech dat gesot hat.“

[8] Si hunn d’Graf verlooss a si fortgelaf, well si ausser sech vun Angscht waren. Si hu kengem eppes dovu gesot, well si därmossen Angscht haten.

[9] Wéi de Jesus awer fréi am Mueren um éischten Dag vun der Woch operstane war, ass hie fir d’alleréischt dem Maria vu Magdala, deem hie siwen Dämonen ausgedriwwen hat, erschéngen.

[10] Hatt goung hin an huet deenen et matgedeelt, déi deemools mam Jesus zesumme waren an déi getrauert a gekrasch hunn.

[11] Wéi si héieren hunn, datt hie lieft an datt hatt hie gesinn hat, hu si him et net gegleeft.

[12] Duerno huet de Jesus sech zwee vun hinnen an enger anerer Gestalt gewisen, wéi déi ënnerwee waren, fir op d’Land ze goen.

[13] Si sinn hanneschtgaangen an hunn deenen aneren et verzielt. Mee och deenen hu si net gegleeft.

[14] Spéiderhin huet hie sech den Eelef selwer gewisen, wéi si zu Dësch louchen. Hien huet si wéinst hirem Onglawen an hire verbrueten Häerzer zurechtgewisen, well si deenen net gegleeft haten, déi hie gesinn haten, nodeems hien operstane war.

[15] „Gitt an d’ganz Welt a verkënnegt der ganzer Schëpfung d’gutt Noriicht“, sot hien zu hinnen.

[16] „Wie gleeft a gedeeft gëtt, gëtt gerett, mee wien net gleeft, gëtt veruerteelt.

[17] Dës Zeeche begleeden déi, déi gleewen: A mengem Numm dreiwe si Dämonen aus a si schwätzen an neie Sproochen.

[18] Si rafe Schlaangen op a wa si déidlecht Gëft drénken, deet et hinnen näischt. Si leeën hir Hänn op déi Krank an déi gi gesond.“

[19] Nodeems den Här mat hinne geschwat hat, gouf hien an den Himmel eropgeholl an huet sech zur Rietser vu Gott gesat.

[20] D’Jénger sinn ausgezunn an hunn iwwerall gepriedegt. Den Här huet mat hinne geschafft an huet d’Wuert duerch Zeechen, déi et begleet hunn, bestätegt. Amen.

De Marc — Chapters