[1] Dat hei ass d’Offenbarung vum Jesus Christus, déi Gott him ginn huet, fir sengen Dénger ze weisen, wat geschwë geschéie muss. Hien huet d’Offenbarung duerch säin Engel verkënnegt, deen hie bei säin Dénger Jean geschéckt huet.
[2] De Jean huet iwwert alles ausgesot, wat hie gesinn huet: iwwert d’Wuert vu Gott an d’Ausso iwwert de Jesus Christus.
[3] Geseent ass deen, deen dës prophéitesch Wierder liest an op se lauschtert. Geseent ass deen, deen anhält, wat dra geschriwwe steet. Déi festgeluechten Zäit ass nämlech nobäi!
[4] Vum Jean un déi siwe Gemeinschaften, déi a Klengasien sinn: Gnod sief mat iech a Fridde vun deem, deen ass, dee war an dee kënnt, a vun de siwe Geeschter, déi viru sengem Troun sinn.
[5] Gnod sief mat iech a Fridde vum Jesus Christus, dem treien Zeien, dem Éischtgebuerene vun den Doudegen an dem Herrscher iwwert d’Kinneken op der Äerd. Deem, deen eis gär huet, deen eis duerch säin eegent Blutt vun eise Sënne reng gewäsch huet
[6] an deen eis zu engem Kinnekräich gemaach huet, Priister fir säi Gott a Papp, deem sief Herrlechkeet a Muecht fir ëmmer an éiweg. Amen.
[7] Kuck! Hie kënnt mat de Wolleken! All A gesäit hien dann, och déi, déi hien duerchbuert hunn. All d’Stämm vun der Welt traueren da wéinst senger. Dat ass ganz gewëss!
[8] „Ech sinn den Alpha an den Omega“, seet Gott, den Här, „ech sinn deen, deen ass, dee war an dee kënnt: den Allmächtegen.“
[9] Ech, de Jean, äre Brudder a Partner am Leed, am Kinnekräich an an der Ausdauer, déi mir wéinst dem Jesus Christus hunn, war op der Insel, déi Patmos heescht, wéinst dem Wuert vu Gott an der Ausso iwwert de Jesus Christus.
[10] Um Dag vum Här gouf ech vum Geescht ergraff. Hannert mir hunn ech eng haart Stëmm wéi e Schofar héieren,
[11] déi sot: „Ech sinn den Alpha an den Omega, den Éischten an de Leschten. Schreif dat, wat s du gesäis, op e Schrëftrullo a schéck en un déi siwe Gemeinschaften a Klengasien: un Ephesos, Smyrna, Pergamon, Thyatira, Sardis, Philadelphia an u Laodizea.“
[12] Ech hu mech ëmgedréit, fir d’Stëmm ze gesinn, déi mat mir geschwat huet. Wéi ech dat gemaach hunn, hunn ech siwe gëlle Liichtere gesinn.
[13] Matzen ënnert de siwe Liichtere war een ewéi de Jong vum Mënsch, deen e Kleed bis un d’Féiss unhat an e gëllene Rimm ëm seng Broscht.
[14] D’Hoer op sengem Kapp ware wäiss ewéi Woll, wäiss ewéi de Schnéi a seng Ae waren ewéi eng Feierflam.
[15] Seng Féiss waren ewéi poléiert Bronze, déi am Uewe glousen. Seng Stëmm war ewéi d’Dausche vu Waassermassen.
[16] Hien hat siwe Stären a senger rietser Hand. Aus sengem Mond koum en zweeschneidegt Schwäert. Säi Gesiicht war ewéi d’Sonn, wa si am stäerkste liicht.
[17] Wéi ech hie gesinn hunn, sinn ech him ewéi en Doudege virun d’Féiss gefall. Hien huet seng riets Hand op mech geluecht a sot zu mir: „Hief keng Angscht! Ech sinn den Éischten an de Leschten,
[18] de Liewegen. Ech war dout, mee kuck, elo liewen ech fir ëmmer an éiweg. Amen. Ech hunn d’Schlëssele vum Doud a vum Hades.
[19] Schreif dat op, wat s du gesinn hues, dat, wat ass a wat nach duerno geschitt.
[20] Dat hei ass déi mysteriéis Bedeitung vun de siwe Stären, déi s du a menger rietser Hand gesinn hues, a vun de siwe gëlle Liichteren: Déi siwe Stäre sinn Engele vun de siwe Gemeinschaften an déi siwe Liichteren, déi s du gesinn hues, sinn déi siwe Gemeinschaften.