[1] Ech hunn e Schrëftrullo an der rietser Hand vun deem, deen um Troun souz, gesinn. De Rullo war bannen a bausse voll geschriwwen a mat siwe Sigele versigelt.
[2] Ech hunn e staarken Engel gesinn, dee mat haarder Stëmm verkënnegt huet: „Wien ass wierdeg, fir de Rullo opzemaachen a fir seng Sigelen opzebriechen?“
[3] Et gouf awer kee Mënsch am Himmel, op der Äerd oder ënnert der Äerd, deen de Rullo opmaachen oder dra kucke konnt.
[4] Ech hu vill gekrasch, well kee wierdeg war, fir de Rullo opzemaachen an en ze liesen oder fir och nëmmen drop ze kucken.
[5] Ee vun den Eelste sot zu mir: „Kräisch net! De Léiw vum Stamm Juda, d’Wuerzel vum David, huet gewonnen; dofir kann hien de Rullo opmaachen an déi siwe Sigelen opbriechen.“
[6] Ech hunn e Lamm gesinn, dat ausgesinn huet, wéi wann et geschluecht gi wier. Et stoung matzen tëschent dem Troun an de véier Liewewiesen a matzen ënnert den Eelsten. D’Lamm hat siwen Haren a siwen Aen. Déi sinn déi siwe Geeschter vu Gott, déi an d’ganz Welt geschéckt goufen.
[7] D’Lamm goung no vir an huet de Rullo aus der rietser Hand vun deem geholl, deen um Troun souz.
[8] Nodeems et de Rullo geholl hat, hunn déi véier Liewewiesen an déi véieranzwanzeg Eelst sech virum Lamm niddergeworf. Si haten all Harfen a gëlle Schossele voller Weirauch, déi d’Gebieder vun den Hellege sinn.
[9] Si hunn en neit Lidd gesongen: „Du bass wierdeg, fir de Rullo ze huelen, fir d’Sigelen opzebriechen. Du goufs nämlech geschluecht. Du hues eis mat dengem Blutt fir Gott kaf, aus all Stamm, Sprooch, Vollek an Natioun.
[10] Du hues eis zu Kinneken a Priister fir eise Gott gemaach. Mir wäerten op der Äerd regéieren.“
[11] Dunn hunn ech gekuckt an ech hunn d’Stëmm vu villen Engelen ëm den Troun héieren, zesumme mat de Liewewiesen an den Eelsten. Si waren zu Zéngdausenden an Zéngdausenden, Dausenden an Dausenden.
[12] Mat enger haarder Stëmm sote si: „Wierdeg ass d’Lamm, dat geschluecht gouf, fir Muecht, Räichtum, Wäisheet, Kraaft, Éier, Herrlechkeet a Luef ze kréien!“
[13] All Liewewiesen, dat am Himmel, op der Äerd, ënnert der Äerd an am Mier ass, jo alles, wat an hinnen ass, hunn ech dunn héiere soen: „Luef, Éier, Herrlechkeet a Muecht fir deen, deen um Troun sëtzt, a fir d’Lamm, fir ëmmer an éiweg. Amen.“
[14] Déi véier Liewewiese soten: „Amen.“ Déi Eelst hu sech niddergeworf an hien ugebiet.