[1] De fënneften Engel huet säi Schofar geblosen. Ech hunn e Stär, dee vum Himmel op d’Äerd gefall war, gesinn an e krut de Schlëssel fir de Schacht vun der onendlecher Déift.
[2] Hien huet de Schacht vun der onendlecher Déift opgespaart an et koum Damp aus dem Schacht, ewéi den Damp aus engem groussen Héichuewen. D’Sonn an d’Loft goufen däischter wéinst dem Damp aus dem Schacht.
[3] Aus dem Damp koume Wanderheesprénger iwwert d’Äerd. Si krute Muecht, esou wéi d’Skorpioune se op der Äerd hunn.
[4] Si krute befuel, weder dem Gras nach dem Gréngs nach de Beem ze schueden. Si duerften nëmmen deene Mënsche schueden, déi de Sigel vu Gott net op hirer Stir haten.
[5] D’Wanderheesprénger hu keen däerfen ëmbréngen, mee hunn d’Mënschen däerfe während fënnef Méint quälen. Hir Qual war ewéi d’Qual vun engem Skorpioun, wann deen e Mënsch pickt.
[6] Während där Zäit sichen d’Mënschen den Doud, mee fannen en net. Si wënsche sech ze stierwen, mee den Doud entwëscht hinnen.
[7] D’Wanderheesprénger hunn ewéi Päerd ausgesinn, déi op de Krich virbereet goufen. Op hire Käpp hate si eppes, dat ewéi Krounen aus Gold ausgesinn huet. Hir Gesiichter hunn ewéi mënschlech Gesiichter ausgesinn.
[8] Hir Hoer waren ewéi Fraenhoer. Hir Zänn waren ewéi d’Zänn vu Léiwen.
[9] Si hate Broschtpanzeren un, déi ewéi Broschtpanzeren aus Eise waren. D’Geräisch vun hire Flilleke war ewéi d’Geräisch vu Ween mat ville Päerd, déi sech an de Kampf stierzen.
[10] Si hate Schwänz mat Stachele wéi Skorpiounen. An hire Schwänz hate si d’Muecht, fir de Mënsche während fënnef Méint ze schueden.
[11] Hire Kinnek war den Engel aus der onendlecher Déift. Säin Numm op Hebräesch ass „Awadon“ an op Griichesch „Apollyon“.
[12] Den éischte „Wéi schrecklech“ ass eriwwer. Et kommen nach zwee „Wéi schrecklech“.
[13] De sechsten Engel huet säi Schofar geblosen. Ech hunn eng Stëmm héieren, déi aus de véier Hare vum gëllenen Altor, dee viru Gott steet, erauskoum.
[14] D’Stëmm sot zum sechsten Engel, deen de Schofar hat: „Looss déi véier Engele fräi, déi beim grousse Floss Euphrat gefesselt sinn.“
[15] Du goufen déi véier Engelen, déi op dës Stonn, dësen Dag, dëse Mount an dëst Joer virbereet goufen, fräigelooss, fir en Drëttel vun der Mënschheet ëmzebréngen.
[16] D’Zuel vun de Reider vun der Arméi war vill Dausende mol Dausenden. Ech hunn hir Zuel héieren.
[17] An der Visioun hunn d’Päerd an hir Reider esou ausgesinn: D’Reider hate Broschtpanzeren un, déi rout ewéi Feier, blo ewéi Jacinthen a giel ewéi Schwiefel waren. D’Käpp vun de Päerd waren ewéi Käpp vu Léiwen. Aus hire Mailer koume Feier, Damp a Schwiefel.
[18] En Drëttel vun der Mënschheet gouf duerch dës dräi Ploen ëmbruecht, duerch d’Feier, duerch den Damp an duerch de Schwiefel, déi aus hire Mailer koumen.
[19] D’Muecht vun de Päerd war an hire Mailer an an hire Schwänz. Hir Schwänz sinn nämlech ewéi Schlaangen, déi Käpp hunn, mat deene si schueden.
[20] De Rescht vun der Mënschheet, deen net vun dëse Ploen ëmbruecht gouf, ass net ëmgekéiert, ewech vun de Wierker vun hiren Hänn. D’Mënschheet huet net opgehalen, Dämonen a Gëtzen aus Gold, Sëlwer, Messeng, Steen an Holz unzebieden. Dës Gëtze kënne weder gesinn nach héieren nach goen.
[21] Si ass och net ëmgekéiert, ewech vun hirem Morden, hirer Hexerei mat Drogegebrauch, vum onerlaabte Sex a vun hiren Déifställ.