Skip to content
Opens in a new window

[1] Ech hu gesinn, wéi d’Lamm ee vun de siwe Sigel opgebrach huet. Dunn hunn ech eent vun de véier Liewewiese mat enger Stëmm ewéi Donner héiere soen: „Komm!“

[2] Ech hu gekuckt an do war e wäisst Päerd. Deen, deen um Päerd souz, hat e Bou an hie krut eng Kroun. Hien ass als Gewënner erausgeridden, fir ze gewannen.

[3] Wéi d’Lamm den zweete Sigel opgebrach huet, hunn ech dat zweet Liewewiesen héiere soen: „Komm!“

[4] Et koum een zweet Päerd eraus, dat feierrout war. Deen, deen drop souz, krut d’Muecht, fir der Äerd de Fridden ze huelen, fir datt d’Mënschen een deen anere massakréieren. Hie krut e grousst Schwäert.

[5] Wéi d’Lamm den drëtte Sigel opgebrach huet, hunn ech dat drëtt Liewewiesen héiere soen: „Komm!“ Ech hu gekuckt an hunn e schwaarzt Päerd gesinn. Deen, deen um Päerd souz, hat eng Wo an der Hand.

[6] Ech hunn eng Stëmm matzen ënnert de véier Liewewiesen héiere soen: „E Liter Weess fir en Denar! Dräi Liter Geescht fir en Denar! Pak den Ueleg an de Wäin net un!“

[7] Wéi hien de véierte Sigel opgebrach huet, hunn ech d’Stëmm vum véierte Liewewiesen héiere soen: „Komm!“

[8] Ech hu gekuckt an hunn e blatzegt Päerd gesinn. Deen, deen drop souz, huet Doud geheescht. Den Hades goung him no. Hie krut Muecht iwwert e véierel vun der Äerd, fir mam Schwäert, duerch Hongersnout a Pescht an unhand vu wëllen Déieren d’Mënschen ëmzebréngen.

[9] Wéi d’Lamm de fënnefte Sigel opgebrach huet, hunn ech ënnert dem Altor d’Séile vun deene gesinn, déi wéinst dem Wuert vu Gott a wéinst hirer Ausso higeriicht goufen.

[10] Si hu mat haarder Stëmm geruff: „Hellegen a wahrhaftegen Här, wéi laang dauert et nach, bis du riichts an eist Blutt un de Bewunner vun der Äerd rächs?“

[11] Jidderee krut e wäisst Kleed. Si kruten all gesot, datt si sech nach eng Zäitche gedëllege sollten, bis datt d’Zuel vun hire Matdénger an hire Geschwëster, déi nach missten ëmbruecht ginn, vollzieleg wier.

[12] Ech hunn nogekuckt, wéi d’Lamm de sechste Sigel opgebrach huet. Et gouf e grousst Äerdbiewen. D’Sonn gouf esou schwaarz ewéi e Sak, deen aus Hoer gewieft gouf. De Mound gouf rout ewéi Blutt.

[13] D’Stäre sinn aus dem Himmel op d’Äerd gefall, esou wéi e Figebam seng spéit Fige fale léisst, wann e vun engem staarke Wand gerëselt gëtt.

[14] Den Himmel ass verschwonnen ewéi e Rullo, deen opgerullt gëtt. All Bierg an all Insel gouf vu senger Plaz verréckelt.

[15] Dunn hunn d’Kinneken op der Äerd, déi Dichteg, d’Kommandanten, déi Räich, déi Mächteg, jidder Sklav a jidder Fräie sech an den Hielen an ënnert de Fielsen an de Bierger verstoppt.

[16] Si soten zu de Bierger an zu de Fielsen: „Faalt op eis a verstoppt eis virun der Präsenz vun deem, deen um Troun sëtzt, a virun der Roserei vum Lamm!

[17] De groussen Dag vu senger Roserei ass nämlech komm. Wie kann em widderstoen?“

D’Offenbarung un de Jean — Chapters