[1] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Ephesos: Deen, deen déi siwe Stären a senger rietser Hand hält an dee matzen ënnert de siwe gëlle Liichtere geet, seet dat hei:
[2] Ech kennen deng Doten, deng Aarbecht an deng Ausdauer. Ech weess, datt s du déi net erdroe kanns, déi béis sinn. Du hues déijéineg, déi sech Apostelen nennen, mee keng sinn, gepréift an hues erausfonnt, datt si Ligener sinn.
[3] Du hues Ausdauer an hues wéinst mengem Numm vill erdroen, ouni midd ze ginn.
[4] Ech werfen dir dat hei awer vir: Du hues deng éischt Léift verlooss!
[5] Erënner dech drun, aus wéi enger Héicht s du gefall bass a kéier ëm. Maach déi Doten, déi s du am Ufank gemaach hues. Soss kommen ech séier bei dech an huelen däi Liichter vu senger Plaz ewech, et sief dann, du kéiers ëm.
[6] Dat hei schwätzt awer fir dech: Du haass den Nikolaitaner hir Doten; Doten, déi och ech haassen.
[7] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet. Wie gewënnt, deem ginn ech vum Bam vum Liewen z’iessen, dee matzen am Paradäis vu Gott steet.
[8] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Smyrna: Den Éischten an de Leschten, deen dout war an elo lieft, seet dat hei:
[9] Ech kennen deng Doten, däi Leed an däin Aarmut (an dach bass du räich) an ech kennen d’Lästerungen, déi vun deene kommen, déi sech Judden nennen, mee keng sinn. Si sinn nämlech aus der Synagog vum Satan.
[10] Hief keng Angscht virun deem, wat s du erleide wäerts. Den Däiwel wäert muncheree vun iech an de Prisong geheien, fir datt dir gepréift gitt. Zéng Deeg laang wäert dir leiden. Sief trei bis an den Doud an da ginn ech dir d’Kroun vum Liewen.
[11] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet. Wie gewënnt, deem kann den zweeten Doud näischt undoen.
[12] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Pergamon: Deen, deen dat schaarft zweeschneidegt Schwäert huet, seet dat hei:
[13] Ech weess, wat s du méchs a wou s du wunns, nämlech do, wou dem Satan säin Troun ass. Ma dach häls du u mengem Numm fest a verleegens meng Trei net, esouguer net zu der Zäit vum Antipas, mengem treien Zeien, dee bei iech ëmbruecht gouf op där Plaz, wou de Satan wunnt.
[14] Ech werfen dir awer Verschiddenes vir: Bei dir ginn et Leit, déi sech un d’Léier vum Bilam halen. De Bilam hat jo de Balak geléiert, fir d’Israeliten dozou ze verféieren, dat z’iessen, wat de Gëtze geaffert gouf, an onerlaabte Sex ze hunn.
[15] Geneesou ginn et Leit bei dir, déi sech un d’Léier vun den Nikolaitaner halen.
[16] Kéier dofir ëm! Wann net, kommen ech séier bei dech a féiere mam Schwäert aus mengem Mond Krich géint si.
[17] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet. Wie gewënnt, deem ginn ech vum verstoppte Manna z’iessen. Ech ginn him och e wäisse Steen an am Stee steet en neien Numm geschriwwen, dee kee kennt, ausser deem, deen e kritt.
[18] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Thyatira: De Jong vu Gott, deem seng Aen ewéi Feierflamen a seng Féiss ewéi poléiert Bronze sinn, seet dat hei:
[19] Ech kennen deng Doten, deng Léift, deng Trei, däin Déngscht an deng Ausdauer. Ech weess och, datt s du elo méi Dote méchs ewéi am Ufank.
[20] An awer werfen ech dir dat hei vir: Du léis d’Isebel, déi Fra, déi sech eng Prophéitin nennt, gewäerden. Si léiert a verféiert meng Dénger dozou, onerlaabte Sex ze hunn an dat z’iessen, wat de Gëtze geaffert gouf.
[21] Ech hunn hir Zäit ginn, fir ëmzekéieren, mee si wëllt net vum onerlaabte Sex ofloossen.
[22] Kuck! Ech geheie si op e Krankebett. Déi, déi zesumme mat hir friemginn, geheien ech a grouss Nout, ausser si kéieren ëm vun hiren Doten.
[23] Ech bréngen hir Kanner ëm. Da wëssen d’Gemeinschaften, datt ech dee sinn, deen d’Gedanken an d’Gefiller préift. All eenzele vun iech behandelen ech opgrond vun deem, wat hie gemaach huet.
[24] Dem Rescht vun iech, déi dir zu Thyatira sidd, déi net un dëser Léier festhalen an déi net déi sougenannten déif Geheimnisser vum Satan kannt hunn, leeën ech keng aner Laascht op.
[25] Haalt un deem fest, wat dir hutt, bis ech kommen.
[26] Wie gewënnt a meng Wierker bis un d’Enn mécht, deem ginn ech Autoritéit iwwert d’Natiounen.
[27] Hie regéiert si da mat engem eisene Staf, esou wéi den Aulebäcker säi Geschir a kleng Stécker brécht (Psalmen 2,9) an esou wéi ech och Autoritéit vu mengem Papp krut.
[28] Ech ginn him de Mueresstär.
[29] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet.