Skip to content
Opens in a new window

[1] Et ass e grousst Zeechen am Himmel erschéngen: Eng Fra war mat der Sonn agekleet; si hat de Mound ënnert hire Féiss an op hirem Kapp hat si eng Kroun aus zwielef Stären.

[2] Si war schwanger an huet wéinst de Wéien an der Péng vun der Gebuert Kreesch gedoen.

[3] Et ass en anert Zeechen am Himmel erschéngen: e risege feierrouden Draach, dee siwe Käpp an zéng Haren hat. Op senge Käpp hat hie siwe Krounen.

[4] Säi Schwanz huet en Drëttel vun de Stären aus dem Himmel gekiert a si op d’Äerd gehäit. Den Draach stoung virun der Fra, déi prett war e Kand op d’Welt ze setzen. Hie wollt hiert Kand, esoubal et gebuer wier, opfriessen.

[5] Si huet e Kand op d’Welt gesat, e Jong, dee mat engem eisenen Zepter all d’Natioune vun der Welt hidde sollt. Hiert Kand gouf awer eenzock bei Gott a bei säin Troun geholl.

[6] D’Fra ass an d’Wüst geflücht, wou si eng Plaz hat, déi vu Gott virbereet gi war, fir datt si do während dausendzweehonnertsiechzeg Deeg versuergt kéint ginn.

[7] Et war Krich am Himmel. De Michael a seng Engelen hu géint den Draach gekämpft. Den Draach a seng Engelen hunn och gekämpft,

[8] mee si konnten net gewannen. Et war also keng Plaz méi fir hien a seng Engelen am Himmel iwwereg.

[9] Du gouf de groussen Draach erausgehäit, déi al Schlaang, déi Däiwel oder Satan genannt gëtt an déi d’ganz Welt irféiert. Den Draach gouf op d’Äerd gehäit a seng Engele goufe mat him erofgehäit.

[10] Dunn hunn ech eng haart Stëmm am Himmel héiere soen: „Elo sinn d’Rettung, d’Muecht an d’Kinnekräich vun eisem Gott an d’Autoritéit vu sengem Messias komm. Deen, deen eis Geschwëster Dag an Nuecht virun eisem Gott uklot, ass nämlech erofgehäit ginn.

[11] Dës Geschwëster hu wéinst dem Blutt vum Lamm a wéinst deem, wat si an hirer Zeienausso gesot hunn, géint hie gewonnen. Si haten hir Liewen net esou gär, datt si Angscht haten ze stierwen.

[12] Free dech dofir, o Himmel, an dir, déi dir dra wunnt! Wéi schrecklech ass et fir déi, déi op der Äerd an am Mier liewen! Den Däiwel ass nämlech bei iech erofkomm an ass schrecklech rosen, well hie weess, datt hie just nach wéineg Zäit huet.“

[13] Wéi den Draach realiséiert huet, datt hien op d’Äerd gehäit gi war, huet hien d’Fra, déi de Jong op d’Welt gesat hat, verfollegt.

[14] Mee d’Fra krut zwee Flilleke vun engem groussen Adler, fir datt si an d’Wüst fléie kéint. Si flitt op déi Plaz, wou si während enger Zäit, zwou Zäiten an enger hallwer Zäit ewech vun der Präsenz vun der Schlaang versuergt gëtt.

[15] D’Schlaang huet hannert der Fra Waasser ewéi e Floss aus hirer Strass gespaut, fir si mam Stroum ewechzerappen.

[16] Mee d’Äerd ass der Fra zu Hëllef komm; de Buedem huet säi Mond opgemaach an huet de Floss, deen den Draach aus senger Maul gespaut hat, erofgeschléckt.

[17] Den Draach gouf iwwer d’Fra rosen a goung fort, fir mam Rescht vun hire Kanner Krich ze féieren. Hir aner Kanner sinn déi, déi d’Geboter vu Gott anhalen an un der Ausso iwwert de Messias Jesus festhalen.

D’Offenbarung un de Jean — Chapters