[1] Ech hunn nach e mächtegen Engel gesinn, dee vum Himmel erofkoum. Hie war an enger Wollek gekleet, mat engem Reebou iwwert dem Kapp. Säi Gesiicht war ewéi d’Sonn a seng Been ewéi Feiersailen.
[2] A senger Hand hat hien e klenge Schrëftrullo, deen op war. Hien huet säi rietse Fouss op d’Mier gestallt an säi lénke Fouss op d’Land.
[3] Hien huet mat enger haarder Stëmm geruff, esou wéi e Léiw, dee brëllt. Nodeems hie geruff hat, hu siwen Donnerschléi hir Stëmmen erhuewen.
[4] Wéi déi siwen Donnerschléi geschwat hunn, wollt ech alles nidderschreiwen. Mee ech hunn eng Stëmm aus dem Himmel héieren: „Versigel dat, wat déi siwen Donnerschléi gesot hunn, mee schreif et net nidder.“
[5] Dunn huet den Engel, deen ech um Mier an um Land gesinn hat stoen, seng riets Hand an den Himmel erhuewen.
[6] Hien huet op dee geschwuer, dee fir ëmmer an éiweg lieft, deen den Himmel an alles, wat dran ass, an d’Äerd an alles, wat drop ass, an d’Mier an alles, wat dran ass, gemaach huet: „D’Zäit ass ofgelaf.
[7] Mee zu där Zäit wann de siwenten Engel prett ass, fir säi Schofar ze blosen, gëtt d’Geheimnis vu Gott ofgeschloss, d’gutt Noriicht, déi hie sengen Dénger, de Prophéiten, verkënnegt hat.“
[8] Dunn huet d’Stëmm, déi ech aus dem Himmel héieren hat, nees mat mir geschwat: „Géi an huel de klengen oppene Rullo, deen an der Hand vum Engel ass, deen um Mier an um Land steet.“
[9] Ech goung bei den Engel an hunn hie gefrot, fir mir de klenge Rullo ze ginn. Hie sot zu mir: „Huel en an iess en! An dengem Mo ass e batter, mee an dengem Mond ass e séiss ewéi Hunneg.“
[10] Ech hunn de klenge Rullo aus dem Engel senger Hand geholl an hunn e giess. A mengem Mond war e séiss ewéi Hunneg. Mee nodeems ech e giess hat, gouf mäi Mo batter.
[11] Du gouf mir gesot: „Du muss nees iwwert vill Vëlker, Natiounen, Sproochen a Kinneke prophezeien.“