Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Judas, deen en Dénger vum Jesus, dem Messias, an de Brudder vum Jacques ass. Un déi, déi beruff sinn an déi vu Gott, dem Papp, gehellegt gi sinn a fir de Jesus, de Messias, versuergt ginn.

[2] Erbaarmen, Fridden a Léift sollt dir am Iwwerfloss kréien.

[3] Léif Frënn, ech war äifreg am Gaang, fir iech iwwert eis gemeinsam Rettung ze schreiwen, an hunn et dobäi fir néideg gehalen, fir iech ze schreiwen an iech opzefuerderen, fir de Glawen ze kämpfen, deen ee fir alle Mol den Hellegen iwwerliwwert gouf.

[4] Et hu sech nämlech verschidde Männer onbemierkt ageschlach, déi schonn zënter laangem fir dëst Geriicht bestëmmt sinn. Si si gottlos, well si d’Gnod vun eisem Gott an e verduerwent Liewe verwandelen an den eenzege Meeschter, Gott, an eisen Här, de Messias Jesus, verleegnen.

[5] Obwuel dir dat alles scho virdru wousst, wëll ech iech drun erënneren, datt den Här, nodeems hien d’Vollek aus Ägypte gerett hat, duerno déi zerstéiert huet, déi net gegleeft hunn.

[6] D’Engelen, déi hiren Herrschaftsberäich net respektéiert hunn, mee hir eege Wunnecht verlooss hunn, huet hien an der Däischtert an éiweg Kette geluecht, fir si do fir d’Geriicht vum groussen Dag ze versuergen.

[7] Esou war et fir Sodom a Gomorra an d’Nopeschstied: Déi sinn op eng ähnlech Manéier ewéi si e Beispill ginn. Si erliewen elo d’Strof vum éiwege Feier, well si onerlaabte Sex haten an op der Sich no frieme Wiese waren.

[8] Geneesou sinn dës Männer Dreemer, déi de Läif onreng maachen, Autoritéit verwerfen an déi herrlech Engele lästeren.

[9] Esouguer den Äerzengel Michael huet sech net getraut, fir den Däiwel ze veruerteelen an ze lästeren, wéi hie mat him iwwert dem Moses seng Läich gediedegt an diskutéiert huet, mee hie sot: „Den Här soll dech bestrofen!“

[10] Mee dës Männer lästeren iwwert alles, wat si net verstinn. Si ginn duerch dat zu Grond, wat si instinktiv wéi domm Déiere verstinn.

[11] Wéi schrecklech ass et fir si, well si de Wee vum Kain gaange sinn a sech fir Suen op den Iertum vum Bilam gestierzt hunn an esou an der Rebellioun vum Korach stierwen.

[12] Dës Männer si wéi geféierlech Riffer op äre Gemeinschaftsiessen. Si feieren zesumme mat iech, mee hu keng Skrupelen, fir nëmmen no sech selwer ze kucken. Si sinn ewéi Wolleken ouni Waasser, déi vum Wand fortgedriwwe ginn; ewéi Beem, déi am spéiden Hierscht keng Friichten droen an erausgerappt ginn. Dofir stierwe si zweemol.

[13] Si sinn ewéi wëll Welle vum Mier, déi hir eege Schan ewéi Schaum eropspullen; ewéi Stären, déi sech net un hir Bunn halen, fir déi déi däischterst Däischtert fir ëmmer reservéiert ginn ass.

[14] Vun deenen huet och den Henoch, deen de siwenten nom Adam war, prophezeit: „Kuck! Den Här kënnt mat Zéngdausende vu sengen Hellegen,

[15] fir iwwert jidderee Geriicht ze halen a fir déi Gottlos wéinst hire gottlosen Doten ze bestrofen, déi si gemaach hunn, a wéinst all den haarde Wierder, déi déi gottlos Sënner géint hie gesot hunn.“

[16] Dës Männer sinn der, déi knouteren, déi kloen an déi fir hir eege Leidenschafte liewen. Hir Mënner halen opgeblose Rieden a si blimmelen de Leit fir hir eegen Zwecker.

[17] Léif Frënn, erënnert iech un dat, wat d’Apostele vun eisem Här Jesus, dem Messias, gesot hunn.

[18] Déi soten zu iech: „Um Enn vun der Zäit ginn et Leit, déi de Geck maachen an déi fir hir eege gottlos Leidenschafte liewen.“

[19] Dës Männer verursaachen Trennungen, sinn ierdesch gesënnt an hunn de Geescht net.

[20] Dir awer, léif Frënn, andeems dir op ären hellegste Glawe baut an duerch den hellege Geescht biet,

[21] erhaalt iech esou an der Léift vu Gott, während dir op d’Baarmhäerzegkeet vun eisem Här Jesus, dem Messias, waart, déi éiwegt Liewe bréngt.

[22] Hutt Erbaarme mat munche Leit a gebraucht dofir Ënnerscheedungsverméigen.

[23] Rett anerer mat Angscht, andeems dir si aus dem Feier erauszitt, woubäi dir d’Kleed haasse sollt, dat vum Kierper onreng gemaach gouf.

[24] Deem, deen iech vum Falen ofhale kann an deen iech tadellos mat grousser Freed viru senger herrlecher Präsenz triede loosse kann,

[25] deem eenzege weise Gott, eisem Retter, sief Herrlechkeet a Majestéit, Muecht an Autoritéit elo wéi och an all Éiwegkeet. Amen.