[1] Dunn hunn ech en anert grousst a wonnerbart Zeechen am Himmel gesinn: siwen Engelen, déi déi siwe lescht Ploen haten. Mat deene Ploe gëtt d’Roserei vu Gott ofgeschloss.
[2] Ech hunn och esou eppes ewéi e gliesent Mier gesinn, dat mat Feier vermëscht war. Déi, déi géint d’Déier, géint seng Statu, géint seng Markéierung a géint d’Zuel vu sengem Numm gewonnen hunn, stinn um Mier aus Glas an hunn Harfe vu Gott.
[3] Si sangen dem Moses säi Lidd, dem Dénger vu Gott, an dem Lamm säi Lidd: „Grouss a wonnerbar sinn deng Doten, Här, allmächtege Gott! Gerecht an oprichteg sinn deng Weeër, Kinnek vun den Natiounen!
[4] Wie soll dech net respektéieren, Här, an däin Numm net verherrlechen? Du eleng bass jo helleg. All d’Natioune wäerte virun dech kommen, fir dech unzebieden, well deng gerecht Dote sinn offenbar ginn.“
[5] Duerno hunn ech gekuckt a gesinn, wéi den Tempel am Himmel, den Tabernakel vun der Ausso, opgemaach gouf.
[6] Aus dem Tempel koumen déi siwen Engele mat de siwe Ploen. Si waren a rengem Léngent, dat geblénkt huet, gekleet an hate gëlle Rimmen ëm hir Broscht.
[7] Dunn huet ee vun de véier Liewewiesen deene siwen Engele siwe gëlle Schossele ginn. Dës Schossele ware mat der Roserei vu Gott gefëllt, dee fir ëmmer an éiweg lieft.
[8] Du gouf den Tempel mat Damp vun der Herrlechkeet vu Gott a vu senger Muecht gefëllt. Et konnt keen an den Tempel eragoen, bis déi siwe Ploe vun de siwen Engelen ofgeschloss waren.