Skip to content
Opens in a new window

[1] Du koum ee vun de siwen Engelen, déi déi siwe Schosselen haten, bei mech an huet mat mir geschwat: „Komm! Ech weisen dir d’Strof vun der grousser Houer, déi hire Sëtz iwwert vill Gewässer huet.

[2] D’Kinneke vun der Äerd haten onerlaabte Sex mat hir. D’Bewunner vun der Äerd hu sech mam Wäin vun hirem onerlaabte Sex voll lafe gelooss.“

[3] Hien huet mech duerch de Geescht an eng Wüst gedroen. Ech hunn eng Fra op engem scharlachroudem Déier gesi sëtzen. D’Déier war mat gotteslästerechen Nimm bedeckt an hat siwe Käpp an zéng Haren.

[4] D’Fra war purpur- a scharlachrout gekleet. Si war mat Gold, Edelsteng a Pärele bedeckt. Am Grapp hat si e gëllene Kellech, dee mat abscheileche Saachen a mam Dreck vun hirem onerlaabtem Sex gefëllt war.

[5] Op hirer Stir stoung e geheimnisvollen Numm geschriwwen: „Babylon, déi Grouss, d’Mamm vun Houeren a vun dem Abscheileche vun der Äerd.“

[6] Ech hu gesinn, datt d’Fra vum Blutt vun den Hellegen, vum Blutt vun deenen, déi iwwert de Jesus aussoen, voll war. Wéi ech si gesinn hunn, war ech ganz verwonnert.

[7] Dunn huet den Engel mech gefrot: „Firwat bass du verwonnert? Ech erklären dir déi verstoppte Bedeitung vun der Fra a vum Déier mat siwe Käpp an zéng Haren, dat si dréit.

[8] D’Déier, dat s du gesinn hues, huet fréier gelieft, mee elo lieft et net méi. Et kënnt aus der onendlecher Déift erop, fir an d’Zerstéierung ze goen. D’Bewunner vun der Äerd, deenen hir Nimm säit dem Erschafe vun der Welt net am Buch vum Liewe geschriwwe stinn, staunen driwwer, wa si d’Déier gesinn, dat fréier gelieft huet an elo net méi lieft an awer nees lieft.

[9] Hei ass Verstand mat Wäisheet verlaangt. Déi siwe Käpp si siwe Bierger, op deenen d’Fra sëtzt.

[10] Si sinn och siwe Kinneken. Fënnef dovunner si scho gefall. Ee regéiert an deen aneren ass nach net komm. Wann dee siwente bis do ass, muss hie fir eng kuerz Zäit bleiwen.

[11] D’Déier, dat fréier gelieft huet an elo net méi lieft, ass selwer den aachte Kinnek. Hie gehéiert zu deene siwen a geet an d’Zerstéierung.

[12] Déi zéng Haren, déi s du gesinn hues, sinn zéng Kinneken, déi nach kee Kinnekräich kritt hunn, mee déi eng Stonn laang zesumme mam Déier Autoritéit als Kinneke kréien.

[13] Dës Kinneke sinn enger Meenung: Si ginn dem Déier hir Muecht an hir Autoritéit.

[14] Si zéie géint d’Lamm an de Krich. D’Lamm gewënnt géint si, well et den Här vun den Hären an de Kinnek vun de Kinneken ass. Déi, déi bei him sinn, si beruff, auserwielt an trei.“

[15] Du sot den Engel zu mir: „D’Gewässer, déi s du gesinn hues, wou d’Houer sëtzt, si Vëlker, Mënschemassen, Natiounen a Sproochen.

[16] Déi zéng Haren an d’Déier, déi s du gesinn hues, haassen d’Houer. Si plëmme si, bis si plakeg ass. Si iessen hiert Fleesch a verbrennen et am Feier.

[17] Gott huet hinnen nämlech un d’Häerz geluecht, säi Wëllen auszeféieren an enger Meenung ze sinn, fir hiert Kinnekräich dem Déier ze ginn, bis d’Wierder vu Gott sech erfëllen.

[18] D’Fra, déi s du gesinn hues, ass déi grouss Stad, déi iwwert d’Kinneke vun der Welt regéiert.“

D’Offenbarung un de Jean — Chapters