[1] Ech hu gekuckt an d’Lamm stoung um Bierg Zion a mat him waren honnertvéieravéierzegdausend Mënschen, op deenen hirer Stir säin Numm a sengem Papp säin Numm geschriwwe war.
[2] Ech hunn e Geräisch aus dem Himmel héieren, ewéi d’Geräisch vun dauschendem Waasser an ewéi d’Geräisch vun engem gewaltegen Donner. Ech hunn de Klang vun Harfespiller héieren, déi op hiren Harfe gespillt hunn.
[3] Si hunn en neit Lidd virum Troun, virun de véier Liewewiesen a virun den Eelste gesongen. Et konnt keen d’Lidd léieren ausser déi honnertvéieravéierzegdausend, déi vun der Äerd fräikaaft goufen.
[4] Si sinn déijéineg, déi sech net mat Frae beschmotzt hunn, well si reng sinn. Si sinn déijéineg, déi dem Lamm iwwerall do noginn, wou et higeet. Si goufen aus de Mënsche fräikaaft als Éischtfruucht fir Gott a fir d’Lamm.
[5] Op hire Lëpse war keng Ligen ze fannen, well si onschëlleg sinn.
[6] Dunn hunn ech en aneren Engel gesinn héich am Himmel fléien. Hien hat eng éiweg gutt Noriicht, fir de Bewunner op der Äerd ze verkënnegen, jidder Natioun, Stamm, Sprooch a Vollek.
[7] Hie sot mat haarder Stëmm: „Fäert Gott a gitt him d’Éier, well d’Zäit vu sengem Geriicht ass komm! Biet deen un, deen den Himmel, d’Äerd, d’Mier an d’Waasserquelle gemaach huet!“
[8] E weideren Engel koum duerno a sot: „Babylon ass gefall! Déi dichteg Stad ass gefall, well se all d’Natiounen dozou bruecht huet, vum Wäin ze drénken, deen aus hirer Loscht no onerlaabtem Sex bestanen huet.“
[9] Den drëtten Engel koum duerno a sot mat haarder Stëmm: „Wien d’Déier a seng Statu ubiet a wie seng Markéierung op senger Stir oder op senger Hand gemaach kritt,
[10] deen drénkt och de Wäin vun der Roserei vu Gott, deen onverwässert an de Kellech vu senger Roserei geschott gëtt. Dee gëtt mat Feier a Schwiefel virun den hellegen Engelen a virum Lamm gepéngegt.
[11] Den Damp vun hirer Qual geet fir ëmmer an éiweg erop. Si, déi d’Déier a seng Statu ubieden an d’Markéierung vu sengem Numm ugeholl hunn, fannen Dag an Nuecht keng Rou.
[12] Hei ass Ausdauer vun den Hellege verlaangt, déi d’Geboter vu Gott anhalen an dem Jesus trei bleiwen.“
[13] Dunn hunn ech eng Stëmm aus dem Himmel héiere soen: „Schreif op: Geseent sinn déi Doudeg, déi vun elo u wéinst dem Här stierwen. Jo, seet de Geescht, si solle raschte kënne vun hiren Aarbechten, well hir Dote ginn hinnen no.“
[14] Dunn hunn ech gekuckt an hunn eng wäiss Wollek gesinn. Op der Wollek souz een, deen ewéi de Jong vum Mënsch ausgesinn huet. Op sengem Kapp hat hien eng gëlle Kroun an am Grapp eng schaarf Séchel.
[15] En aneren Engel koum aus dem Tempel an huet mat haarder Stëmm zu deem, deen op der Wollek souz, geruff: „Schéck deng Séchel aus an huel d’Fruucht eran. D’Zäit ass nämlech komm, fir datt s du eranhëls, well d’Recolte op der Äerd zeideg ass.“
[16] Deen, deen op der Wollek souz, huet seng Séchel iwwert d’Äerd geschwongen an d’Recolte op der Äerd gouf erageholl.
[17] En aneren Engel koum aus dem Tempel am Himmel. Deen hat och eng schaarf Séchel.
[18] E weideren Engel, dee Muecht iwwert d’Feier hat, koum vum Altor. Hien huet haart zu deem, deen déi schaarf Séchel hat, geruff: „Schéck deng schaarf Séchel aus a lies d’Drauwe vun de Riefstäck op der Äerd. D’Drauwe sinn nämlech zeideg.“
[19] Den Engel huet dunn seng Séchel iwwert d’Äerd geschwongen an huet d’Drauwe vun de Riefstäck op der Äerd gelies. Hien huet se an de grousse Kelter vun der Roserei vu Gott geschott.
[20] De Kelter gouf baussent der Stad getrueden. Blutt koum aus dem Kelter eraus, bis un de Päerd hir Zeem erun, ongeféier dräihonnert Kilometer.