[1] Duerno hunn ech nach en Engel mat grousser Autoritéit aus dem Himmel gesi kommen. D’Äerd huet wéinst senger Herrlechkeet geliicht.
[2] Hien huet mat enger mächteger an haarder Stëmm geruff: „Babylon, déi Grouss, ass gefall! Si ass gefall an ass eng Wunneng fir Dämone ginn, e Prisong fir all onrenge Geescht an e Käfeg fir all onrengen a gehaasste Vull!
[3] All d’Natiounen hunn nämlech de Wäin vun der Roserei gedronk, well si onerlaabte Sex haten. D’Kinneke vun der Welt haten onerlaabte Sex mat hir an d’Händler op der Äerd si wéinst hirem onmoossege Luxus räich ginn.“
[4] Dunn hunn ech eng aner Stëmm aus dem Himmel héieren: „Komm aus hir eraus, mäi Vollek, fir datt s du net un hire Sënnen deelhëls a fir datt s du net déi nämmlecht Ploen erdroe muss.
[5] Hir Sënne sinn nämlech bis an den Himmel komm a Gott huet sech un hir Ongerechtegkeeten erënnert.
[6] Bezuelt si esou zeréck, ewéi si iech zeréckbezuelt huet; gitt hir dat Duebelt zeréck vun deem, wat si gemaach huet; am Kellech, dee si gemëscht huet, mëscht hir eng duebel Mooss.
[7] Gitt hir esou vill Qual an Trauer, ewéi si sech selwer verherrlecht an am Luxus gelieft huet. Si seet nämlech zu sech selwer: ‚Ech regéieren ewéi eng Kinnigin. Ech si keng Witfra an erliewen ni Trauer.‘
[8] Dowéinst kommen an engem Dag hir Ploen iwwert si: den Doud, d’Trauer an d’Hongersnout. Si gëtt ganz mat Feier verbrannt, well Gott, den Här, dee si riicht, ass mächteg.“
[9] D’Kinneke vun der Welt, déi onerlaabte Sex mat hir haten an am Luxus mat hir gelieft hunn, kräischen an trauere wéinst hirer, wa si den Damp gesinn, wa si verbrennt.
[10] Si stinn da wäit ewech aus Angscht virun hirer Qual a soen: „Wéi schrecklech! Wéi schrecklech! Du grouss Stad Babylon, du mächteg Stad! An enger Stonn ass nämlech däi Geriicht iwwert dech komm!“
[11] D’Händler vun der Äerd kräischen an trauere wéinst hirer, well kee méi hir Wuer keeft.
[12] Hir Wuer besteet aus Gold, Sëlwer, Edelsteng, Pärelen, rengem Léngent, purpurroudem Stoft, Seid, scharlachroudem Stoft, jidder Zort Zitrounenholz, jidder Zort Objeten aus Elfebeen, jidder Zort Objeten aus Edelholz, Bronze, Eisen, Marber,
[13] Kanéil, Haarzer, déi gutt richen, Essenz, Weirauch, Wäin, Olivenueleg, rengt Weessemiel a Kären, grouss a kleng Béischten, Päerd a Ween, Mënschen a Mënscheséilen.
[14] Si soen: „Déi gutt Saachen, déi däin Häerz begiert huet, hunn dech all verlooss. Däi ganze Luxus an deng ganz Pruecht hunn dech verlooss. Du fënns si ni méi.“
[15] D’Händler, déi dat alles verkaf hunn an dovunner räich gi sinn, stinn da wäit ewech aus Angscht virun hirer Qual. Si kräischen an traueren a soen:
[16] „Wéi schrecklech! Wéi schrecklech! Déi grouss Stad war a rengem Léngent, purpurrouden a scharlachroude Kleeder gekleet. Si war mat Gold, Edelsteng a Pärele bedeckt.
[17] A just enger Stonn gouf esou e grousse Räichtum zerstéiert!“ All Steiermann, jiddereen, dee mam Schëff reest, Matrousen a jiddereen, deen an der Schëfffaart schafft, stoung wäit ewech.
[18] Wéi si den Damp gesinn hunn, wéi d’Stad gebrannt huet, hu si gejaut: „Gouf et jeemools esou eng grouss Stad ewéi déi hei?“
[19] Si hu Stëbs op hir Käpp gehäit an hu gejaut, wéi si gekrasch a getrauert hunn: „Wéi schrecklech! Wéi schrecklech! Déi grouss Stad, an där jiddereen, dee Schëffer um Mier hat, duerch hire Räichtum räich ginn ass! A just enger Stonn gouf si zerstéiert.
[20] Feiert hiren Ënnergang, du Himmel, dir helleg Apostelen a Prophéiten! Gott huet iech nämlech un hir gerächt.“
[21] Dunn huet e mächtegen Engel e Steen ewéi e Millesteen opgeraf an en an d’Mier gehäit. Hie sot: „Mat esou enger Wucht gëtt Babylon, déi grouss Stad, erofgehäit a si gëtt ni méi fonnt.
[22] D’Musek vun Harfespiller, Museker, Flüttisten an Trompettiste sinn ni méi an dir ze héieren. Keen Handwierker vun egal wéi engem Handwierk ass jeemools méi an dir ze fannen. D’Geräisch vum Millesteen ass och ni méi an dir ze héieren.
[23] D’Liicht vun enger Luucht schéngt ni méi an dir. D’Stëmme vun engem Bräitchemann an enger Braut sinn ni méi an dir ze héieren. Deng Händler waren nämlech déi dichteg Männer vun der Äerd a wéinst denger Hexerei mat Drogegebrauch goufen all d’Natioune verféiert.
[24] D’Blutt vun de Prophéiten a vun den Hellegen, vu jidderengem, deen op der Äerd massakréiert gouf, gouf an hir fonnt.“