[1] Du stoung ech um Sand beim Mier. Ech hunn en Déier aus dem Mier komme gesinn. Et hat siwe Käpp an zéng Haren an op sengen Hare waren zéng Krounen. Op senge Käpp waren Nimm, déi Gott gelästert hunn.
[2] D’Déier, wat ech gesinn hunn, war ewéi e Leopard; seng Féiss waren ewéi d’Féiss vun engem Bier a seng Maul ewéi d’Maul vun engem Léiw. Den Draach huet dem Déier seng Muecht, säin Troun a grouss Autoritéit iwwerdroen.
[3] Ee vum Déier senge Käpp huet esou ausgesinn, ewéi wann en eng déidlech Wonn drop hätt. Seng déidlech Wonn gouf geheelt. D’ganz Welt huet gestaunt a goung dem Déier no.
[4] Si hunn den Draach, deen dem Déier Muecht ginn hat, ugebiet a si hunn d’Déier ugebiet a soten: „Wien ass ewéi d’Déier? Wie ka géint et an de Krich goen?“
[5] D’Déier krut eng Maul aus deem nëmme getéint a gelästert gouf. Et krut d’Autoritéit, fir zweeavéierzeg Méint laang esou weiderzefueren.
[6] Et huet seng Maul opgemaach, fir géint Gott ze lästeren, fir géint säin Numm, seng Wunnecht a géint déi, déi am Himmel liewen, ze lästeren.
[7] Him gouf et och erlaabt, géint déi Helleg an de Krich ze goen a fir géint si ze gewannen. Et krut och Muecht iwwert all Stamm, Vollek, Sprooch an Natioun.
[8] Jiddereen, deen op der Äerd wunnt, biet et dann un, jiddereen, deem säin Numm net am Buch vum Liewen opgeschriwwe gouf. Dëst Buch gehéiert dem Lamm, dat virun dem Erschafe vun der Welt geschluecht gouf.
[9] Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!
[10] Wie fir d’Gefaangenschaft bestëmmt ass, kënnt och an d’Gefaangenschaft. Wie mam Schwäert ëmbréngt, gëtt och mam Schwäert ëmbruecht. Dës Situatioun verlaangt Ausdauer an Trei vun den Hellegen.
[11] Dunn hunn ech en anert Déier aus der Äerd eropkomme gesinn. Et hat zwee Haren ewéi e Lamm an huet ewéi en Draach geschwat.
[12] Et üübt d’ganz Muecht vum éischten Déier a sengem Numm aus. Et bréngt d’Welt a jiddereen, deen drop wunnt, dozou, dat éischt Déier, deem seng déidlech Wonn geheelt gouf, unzebieden.
[13] Dat zweet Déier mécht grouss Zeechen, andeems et Feier virun de Mënschen aus dem Himmel op d’Äerd falen deet.
[14] Et féiert meng Bewunner vun der Äerd ir duerch d’Zeechen, déi et am Numm vum Déier mécht. Et schreift de Bewunner vun der Äerd vir, eng Statu vum Déier ze maachen, dat vum Schwäert verletzt gouf, mee dat nees lieweg gouf.
[15] Dat zweet Déier krut d’Muecht, der Statu vum éischten Déier Liewen ze ginn, esou datt si schwätze konnt. Et konnt och jiddereen, deen d’Statu vum Déier net ugebiet huet, ëmbrénge loossen.
[16] Et forcéiert och jiddereen (déi Onwichteg an déi Dichteg, déi Räich an déi Aarm, déi Fräi an d’Sklaven), eng Markéierung op senger rietser Hand oder op senger Stir ze droen.
[17] Et mécht dat, fir datt kee kafen oder verkafe kann, et sief dann, hien huet d’Markéierung op sech, entweder den Numm vum Déier oder d’Nummer vu sengem Numm.
[18] Hei ass Wäisheet verlaangt: Wien Asiicht huet, soll den Zuelewäert vum Déier rechnen. D’Zuel ass nämlech d’Nummer vun der Mënschheet a seng Zuel ass sechshonnertsechsasiechzeg.