[1] Duerno hunn ech en haart Gedäisch vun enger grousser Mass Leit am Himmel héieren. Si hu geruff: „Alleluja! Rettung, Herrlechkeet, Éier a Muecht gehéieren dem Här, eisem Gott!
[2] Seng Uerteeler si wahrhafteg a gerecht, well hien déi grouss Houer geriicht huet, déi d’Welt mat hirem onerlaabte Sex verduerwen huet. Hien huet den Doud vu sengen Dénger un hir gerächt.“
[3] Nees sote si: „Alleluja! Hiren Damp zitt fir ëmmer an éiweg erop.“
[4] Déi véieranzwanzeg Eelst an déi véier Liewewiesen hu sech viru Gott, deen um Troun souz, niddergeworf an hunn hien ugebiet: „Amen! Alleluja!“
[5] Eng Stëmm koum vum Troun: „Lueft eise Gott, all dir seng Dénger an dir, déi dir säin Numm respektéiert, vun deenen Onwichtegste bis zu deenen Dichtegsten!“
[6] Ech hunn esou eppes ewéi d’Gedäisch vun enger grousser Mass Leit héieren, ewéi d’Dausche vu villem Waasser an ewéi d’Geräisch vu mächtegen Donnerschléi. Si soten: „Alleluja, well den Här, den allmächtege Gott, regéiert!
[7] Kommt, mir freeën eis! Loosst eis jubiléieren an him d’Éier ginn, well d’Bestietnes vum Lamm ass komm! Seng Fra huet sech virbereet.
[8] Si krut d’Erlaabnes a rengem Léngent, dat propper ass a liicht, gekleet ze sinn.“ (Dat rengt Léngent stellt déi gerecht Dote vun den Hellegen duer.)
[9] Du sot den Engel zu mir: „Schreif op: Geseent sinn déi, déi op d’Hochzäitsfeier vum Lamm invitéiert gi sinn!“ Hie sot weider zu mir: „Dat hei sinn d’wahrhafteg Wierder vu Gott.“
[10] Dunn hunn ech mech viru seng Féiss niddergeworf, fir hien unzebieden, mee hie sot zu mir: „Maach dat net! Ech dénge Gott zesumme mat dir a mat denge Geschwëster, déi un der Ausso vum Jesus festhalen. Biet Gott un! D’Ausso vum Jesus ass nämlech de Geescht vun der Prophezeiung.“
[11] Dunn hunn ech gesinn, wéi den Himmel opgaangen ass. Kuck, et war e wäisst Päerd do! Deen, deen drop souz, huet Trei a Wahrhafteg geheescht. Gerecht riicht a kämpft hien am Krich.
[12] Seng Ae waren ewéi eng Feierflam an op sengem Kapp hat hie lauter Krounen. Hien hat Nimm op sech geschriwwen an och en Numm, dee kee kannt huet, ausser hie selwer.
[13] Hie war an engem Kleed gekleet, dat a Blutt gezappt gi war. Säin Numm ass d’Wuert vu Gott.
[14] D’Arméien am Himmel, déi a rengem, wäissem a propperem Léngent gekleet waren, koumen him op wäisse Päerd no.
[15] Aus sengem Mond koum e schaarft Schwäert, mat deem hien d’Natioune schléit. Hien hitt si da mat engem eisenen Zepter. (Psalmen 2,9) Hien zertrëtt de Kelter vun der schrecklecher Roserei vum allmächtege Gott.
[16] Op sengem Kleed an uewen op sengem Been huet hien en Numm geschriwwen: Kinnek vun de Kinneken an Här vun den Hären.
[17] Dunn hunn ech en Engel an der Sonn stoe gesinn. Hien huet mat haarder Stëmm all de Vigel, déi am Himmel fléien, zougeruff: „Kommt a versammelt iech fir d’Festiesse vum grousse Gott.
[18] Kommt a friesst d’Fleesch vu Kinneken, d’Fleesch vu Kommandanten, d’Fleesch vu mächtege Mënschen, d’Fleesch vu Päerd an hire Reider an d’Fleesch vu jidderengem, souwuel fräi ewéi versklaavt, onwichteg ewéi dichteg.“
[19] Ech hunn d’Déier, d’Kinneke vun der Äerd an hir Arméie gesi sech versammelen, fir Krich géint deen, deen um Päerd souz, a géint seng Arméi ze féieren.
[20] D’Déier gouf awer gefaangen a mat him de falsche Prophéit, deen a sengem Numm Zeeche gemaach hat. Mat deenen Zeechen huet hien déi irgeféiert, déi d’Markéierung vum Déier kruten an déi seng Statu ugebiet hunn. D’Déier an de falsche Prophéit goufe lieweg an de Feierséi, dee mat Schwiefel brennt, gehäit.
[21] De Rescht gouf duerch d’Schwäert ëmbruecht, dat aus dem Mond vun deem koum, deen um Päerd souz. All d’Vigel konnte sech un de Läiche sat friessen.