Skip to content
Opens in a new window

[1] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Sardis: Deen, deen déi siwe Geeschter vu Gott an déi siwe Stären huet, seet dat hei: Ech kennen deng Doten. Du hues de Ruff, datt s du lieweg bass, mee du bass dout.

[2] Gëff waakreg a stäerk dat, wat bleift a wat gläich ewechgehäit gëtt. Ech hunn nämlech gemierkt, datt deng Dote viru Gott net komplett sinn.

[3] Erënner dech also un dat, wat s du kritt an héieren hues. Hal et an a kéier ëm! Wann s du net waakreg gëss, kommen ech wéi en Déif an du weess net, zu wéi enger Stonn ech bei dech kommen.

[4] Du hues awer e puer Leit zu Sardis, déi hir Kleeder net besabbelt hunn. Si wäerte mat mir a wäisse Kleeder liewen, well si wierdeg sinn.

[5] Wie gewënnt, gëtt a wäiss gekleet. Säin Numm läschen ech ni aus dem Buch vum Liewen aus. Ech bekenne säin Numm viru mengem Papp a viru sengen Engelen.

[6] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet.

[7] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Philadelphia: Den Hellegen, de Wahrhaftegen, deen de Schlëssel vum David huet, deen Dieren opmécht, déi keen zoumaache kann, a wann ech Dieren net opmaachen, da mécht kee se op, seet dat hei:

[8] Ech kennen deng Doten. Kuck, ech hu virun dir eng Dier opgemaach, déi kee méi zoumaache kann. Du hues nämlech wéineg Kraaft an hues trotzdeem mäi Wuert agehalen a mäin Numm net verleegent.

[9] Pass op! Déi Leit aus der Synagog vum Satan, déi soen, si wiere Judden, mee keng sinn a léien, bréngen ech dozou, bei dech ze kommen a sech virun denge Féiss nidderzewerfen. Si erkennen dann, datt ech dech gär hat.

[10] Du hues dech u mäi Wuert gehalen, fir standhaft ze bleiwen, an dofir halen ech dech ewech vun der Zäit vun der Prouf, déi iwwert d’ganz Welt kënnt, fir d’Bewunner vun der Äerd ze préiwen.

[11] Pass op! Ech komme stënterlech! Hal un deem fest, wat s du hues, fir datt keen deng Kroun kritt.

[12] Wie gewënnt, maachen ech zu enger Sail am Tempel vu mengem Gott an hie geet net méi do eraus. Ech schreiwen dann den Numm vu mengem Gott an den Numm vun der Stad vu mengem Gott, dem neie Jerusalem, dat aus dem Himmel erof a vu mengem Gott kënnt, op hien. Och mäin neien Numm schreiwen ech dann op hien.

[13] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet.

[14] Schreif dat hei un den Engel vun der Gemeinschaft zu Laodizea: Den Amen, den treien a wahrhaftegen Zeien, den Ursprong vu Gott senger Schëpfung seet dat hei:

[15] Ech kennen deng Doten. Du bass weder kal nach waarm. Ech wéilt, du wiers kal oder waarm!

[16] Du bass awer wootlech, weder kal nach waarm, an dofir späizen ech dech aus mengem Mond.

[17] Du sees nämlech: ‚Ech si räich; ech si steeräich a mir feelt et un näischt!‘ Mee du weess net, datt s du miserabel an erbäermlech bass, aarm, blann a plakeg.

[18] Ech roden dir, Gold vu mir ze kafen, dat am Feier geläitert gouf, fir datt s du räich kanns sinn. Ech roden dir och, wäisst Gezei vu mir ze kafen, fir datt s du gekleet kanns sinn an datt d’Schan vun denger Bléisst net opgedeckt gëtt. Kaf och Sallef, fir deng Aen ze sallefen, fir datt s du gesäis.

[19] Wien ech gär hunn, weisen ech zurecht a verbesseren ech. Sief also äifreg a kéier ëm!

[20] Kuck! Ech sti virun der Dier a klappen. Wie meng Stëmm héiert an d’Dier opmécht, bei dee kommen ech eran an iessen zesumme mat him an hie mat mir.

[21] Wie gewënnt, deem erlaben ech, zesumme mat mir op mengem Troun ze sëtzen, grad ewéi ech gewonnen hunn a mech mat mengem Papp op säin Troun gesat hunn.

[22] Wien Oueren huet, soll op dat lauschteren, wat de Geescht zu de Gemeinschaften ze soen huet.“

D’Offenbarung un de Jean — Chapters